Héchst Auszeechnung fir de Jos Funk

Déi héchst Auszeechnung am Pompjeeswiesen ass d’”Croix de Mérite en or avec couronne” an déi gouf gëschter Moien zu Beefort am Kader vun enger klenger Feier un de Jos Funk iwwerreecht. Am “Centre d’incendie et de secours” (CIS) wéi et haut heescht oder am Volleksmond nach ëmmer Pompjeesbau genannt, ass d’Zeremonie iwwert d’Bün gaangen an dës Auszeechnung huet de “Josy” fir seng 60jähreg Memberschaft bei de Beeforter Pompjeeën, respektiv “Corps grand-ducal d’incendie et de secours” (CGDIS).

An de Riede vum Zenterchef vum Beeforter “CIS” Alain Breuskin, Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, fréiere Kommandant vun de Beeforter Pompjeeën Alex Pereira, dem President vun der “Amicale Pompjeeën Beefort” Christian Kröger an dem Vizepresident vum Pompjeesverband a gläichzäiteg dem President vum Regionalverband Osten Constant Schwartz koum d’Geschicht aus de leschten Joerzéngte vun de Beeforter Pompjeeën, déi iwwregens 1881 gegrënnt goufen, rëm zum Virschäin. All Riedner hat seng perséinlech a privat Anekdoten a “kleng Geschichten” mam Jubilar Jos Funk virgedroen an et huet een op eng Kéier gemierkt, wéi séier d’Zäit vun de sechs Joerzéngte vergaangen ass. Méi wéi eng Kéier ass et engem waarm ëm d’Häerz ginn.

De Jos Funk, oder wéi déi meescht Leit hien einfach “Josy” nennen, koum den 28. September 1944 zu Waldbëlleg op d’Welt an offiziell gouf de Josy den 28. Dezember 1964 an d’Pompjeesfederatioun opgeholl, wou hien nach Waldbëlleg an de Pompjeeë war. Nodeems hien ëm 1965 seng Fra Georgette kennegeléiert an 1969 bestuet huet, ass hien op Beefort wunne komm an dann och an d’Pompjeeën agetrueden. Seng dräi Kanner aus dem Bestietnis, d’Michèle, de Jean-Marie an d’Martine, ware bei der Feier vertrueden a konnten d’Geschicht vun hirem Papp nach eng Kéier aus enger anerer Perspektiv héieren a gläichzäiteg seng Wäertschätzung vu senge Pompjeeskomeroden erliewen. Als Pompjee, Comitésmember an duerno Sektiounschef huet hie bis den 22. Januar 2009 aktiv matgeschafft an ass mat 65 Joer a seng wuelverdéngte Pompjeespensioun gaangen.

Hie gehéiert zu de wéinege Beeforter Pompjeeën, déi déi véier verschidde Pompjeeskasäre vun de Beeforter Pompjeeën erlieft huet: am Hiirdenhaus, am fréiere Judossall, beim Gemengenatelier an dem aktuelle “CIS”. Nieft sengem éierenamtlechen Asaz fir d’Allgemengheet huet a senger Fräizäit d’Pompel aus dem Joer 1900, déi zu den eelsten Exemplairen hei zu Lëtzebuerg zielt, wärend onzielege Stonne restauréiert an esouguer betribsfäheg gemeet.

Stellvertriedend an zesummefaassend fir déi sämtlech Riedner e puer Wuert aus der Ried vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch: 60 Joer Asaz, Engagement an Hëllefsbereetschaft mat Häerz a Séil fir seng Matmënschen ass eng impressionant Zäit. Et ass net just eng Zuel, et ass ee Liewenswierk, op déi ee wierklech houfreg ka sinn. D’Leit aus der Gemeng Beefort an och aus der Regioun konnten ëmmer op de Josy zielen, egal op am Stuerm, am Reen oder an den häertsten Nouten. Hie wor ëmmer do an dat huet Courage, Disziplin a virun allem ee grousst Häerz verlaangt. De “Josy” oder “Funke Jos” huet op jiddefall Spueren hannerlooss a mat sengem Asaz a senger Kollegialitéit vill Jonker motivéiert.

Dernière modification le 24.02.2025

Des articles de la même catégorie

Sproochecoursen / Cours de langue

Sproochecoursen / Cours de langue

De “Mouvement pour l’égalité des chances” organiséiert eng Rei Sproochecoursen an den nächste Méint dorënner och zu Beefort. Follgend Course fannen am Kummelsbau statt: * Lëtzebuergesch A.1, keng Virkentnisser néideg, méindes a mëttwochs all Kéiers vun 19 bis 21 Auer,...

lire plus
Aweiung vun abordabele Wunnengen zu Déiljen

Aweiung vun abordabele Wunnengen zu Déiljen

Den 29. November 2022 gouf den éischte Spuedestéch vun engem Projet vun abordabele Wunnenge vum Fonds du Logement zu Déiljen gemaach an no gutt dräi Joer war gëschter Donneschdeg, de 4. Dezember, déi offiziell Aweiung. De komplette Site mam fréiere Bauerenhaff gouf an...

lire plus
Aller au contenu principal