Beaufort
22.4°C (22.2 / 22.5)
37%
975 hPa
1.4 m/s
Raf. 2 m/s
0 W/m²
0 mm

Holzstee am “Scheiwelterbësch”

A gemeinsamer Zesummenaarbecht hunn de leschte Samschdeg d’Gemeng Beefort an de Fieschter mat hire jeeweilege Mataarbechter eng Holzstee mat Lietsch organiséiert. Si huet grad esou wéi d’lescht Joer am “Scheiwelterbësch”, deen Ausgank Beefort Richtung Haler läit, stattfonnt.

Gesteet goufen am Ganzen 80 Ster Bichenholz, aacht Ster Eechenholz a véier Ster Bierkenholz. Ee Kouert setzt sech zesummen aus engem duebele Ster oder zwee Ster. 92 Ster hunn dee Moie 6.333 Euro erabruecht an zum Steepräis kommen nach aacht Prozent TVA dobäi.

Ofgeschloss gouf d’Stee mat enger Stäerkung an ee flotten Zesummesinn.

Dernière modification le 17.06.2024

Des articles de la même catégorie

Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal