Beaufort
15.6°C (15 / 16.1)
77%
985 hPa
2 m/s
Raf. 3.4 m/s
7 W/m²
0 mm

Holzstee mat Lietsch

De leschte Samschdeg huet d’Gemeng Beefort zesumme mam Fierschter a senger Ekipp eng Holzstee mat Lietsch organiséiert. Am Géigesaz zu de leschte Jore war d’Holzstee am “Scheiwelterbësch”, deen Ausgank Beefort Richtung Haler läit.

Bei der Holzaktioun goufen am Ganze 82 Ster Bichenholz, aacht Ster Eechenholz a jeeweils zwee Ster Fichten- a Kiefernholz versteet. Zwee Ster oder duebele Ster bilden ee Kouert. Den Ufankspräis fir Bichen- an Eechenholz loung bei 55 Euro pro Ster an op de Steepräis koumen nach siwe Prozent TVA dobäi. 94 Ster hunn ënnert dem Stréch am Ganze 6.940,02 Euro erabruecht.

No der Stee gouf nach eng kleng Stäerkung ugebueden.   

Dernière modification le 15.05.2023

Des articles de la même catégorie

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal