Beaufort
15.9°C (15.2 / 16.8)
56%
987 hPa
1.3 m/s
Raf. 2 m/s
4 W/m²
0 mm

Jörg Ruppert gewënnt de “Prix de la Commune de Beaufort”

De leschte Weekend stoung den internationale Reitzenter zu Beefort ganz am Zeeche vum Sprangreiden. Souwuel e Samschdeg an e Sonndeg gouf a jeeweils fënnef Kategorie gesprongen esou, datt et iwwert de Weekend zéng verschidde Prüfunge gouf.

E Samschdeg an der Mëttesstonn stoung de “Prix de la Commune de Beaufort” um Programm. 18 Reiderinnen a Reider sinn an der “Stilspringprüfung Kl.L 110 cm” un den Depart gaangen a gewonnen huet de Jörg Ruppert mam “Udina B” (Nummer 75) vum Reitclub Mittmosel Simmenach e.V. Op déi zweet an drëtt Plaz koumen d’Muriel Pletschette mam “Governor 5” (69) a Sandy Winandy mam “Oramona” (19), alle béid vum Beeforter Club Hippique.

No der Prüfung huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch déi verschidde Präisser iwwerreecht an déi sämtlech Resultater vum Weekend stinn ënnert dem Link https://fn-erfolgsdaten.de/show/260595 . Ofschléissend gëtt drop higewisen, datt den nächste Weekend op der nämmlechter Plaz een Turnéier an der Dressur stattfënnt.

Dernière modification le 20.10.2025

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal