Beaufort
12.1°C (11.8 / 12.6)
56%
972 hPa
1.6 m/s
Raf. 2.4 m/s
72 W/m²
0 mm

Klappjuegten / Chasses en battue

An den nächste Wochen a Méint sinn op de verschidde Juegdlousen um Gebitt vun der Gemeng Beefort virgesinn. Déi entspriechend Datumer sinn am Agenda hei um Internetsite an och am Agenda vun der Beeforter App vermierkt. Nieft dem Link zum offiziellen “Avis au Public” am virtuelle Reider sinn och d’Links zu de jeeweilege Juegdlousen op Geoportail vermierkt.

****

Dans les prochaines semaines et mois, des battues de chasse sont prévues sur différents territoires de la commune de Beaufort. Les dates correspondantes sont indiquées dans l’agenda sur le site internet ainsi que dans l’agenda de l’application « Beeforter App ». En plus du lien vers l’« Avis au Public » officiel dans le « Reider virtuel », les liens vers les différentes zones de chasse sont également indiqués sur Geoportail.

Dernière modification le 17.10.2025

Des articles de la même catégorie

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Dräi Joer nodeems d’Gemeng Beefort beim “European Energy Award Gold” mat 90,7 Prozentpunkten als beschte Gemeng an Europa ausgezeechent gouf, konnt d’Gemeng dëst Resultat nach verbesseren. Haut koum d’Nouvelle, datt beim Audit de 14. Juli am Ganzen 90,8 Prozentpunkten...

lire plus
Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Gëschter gouf d’Beeforter Kiermes gefeiert. Den Datum vun der Kiermes riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel a Patréiner vun der Beeforter Kierch), deen op den 29. September fält. Ass den 29. September ee Sonndeg, da gëtt den 29. September gefeiert an am anere Fall...

lire plus
Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

De leschte Freideg war no Esch an Ëlwen déi drëtt vun insgesamt fënnef Joyeuses Entrées vun der groussherzoglecher Koppel. Zu Éinen stoung d’Regioun Oste mat sengen 22 Gemengen am Mëttelpunkt. Gemeng Beefort gouf offiziell vertrueden duerch de Buergermeeschter...

lire plus
Aller au contenu principal