Klimaforum 2023

Knapps dräi Wochen nodeems d’Gemeng Beefort zu Lörrach d’Auszeechnung a Gold vum “European Energy Award” entgéintgeholl huet a mat 90,7 Prozentpunkten als bescht Gemeng an Europa geéiert gouf, huet am Kummelsbau ee Klimaforum stattfonnt.

No der Begréissung duerch d’Schäffin Lynn Mossong huet de Klimaberoder Thomas Schlicher de Klimapakt 2.0 kuerz virgestallt an d’Stäerkte vu Beefort ervirgehuewen. Gemeng Beefort huet laang virum Engagement am Klimapakt op alternativ Energiequellen ewéi zum Beispill Photovoltaikanlagen um Daach vun der Schoul oder Holzhackschnitzanlag gesat. Sou huet Beefort eng Zort Virreiderroll iwwerholl an um europäeschen Niveau ee gewëssene Virsprong erschafft, dee sech an de Prozentpunkte spigelt.

Theorie um Pabeier ass eng Saach mee wéi gesäit et an der Praxis, an den eegene véier Wänn aus? Un Hand vu sëllege Beispiller huet den Energieberoder Marcel Barros gewisen, wéi ee mat  einfache Mëttele kann Energie spueren. Energie bedeit och Käschten an duerch d’Energiespuere gi gläichzäiteg d’Käschten erof. Mat der Zäit kënnt dann eng interessant Zomm zesummen. Duerch den Austausch mam interesséierte Publikum konnt ee selwer aschätzen an ausrechnen, wéi eng Investitioune schlussendlech sech och lounen. Beim ofschléissende Patt gouf am klenge Krees souwuel mam Klimaberoder a mam Energieberoder weider diskutéiert.

Title of the document
Dernière modification le 14.12.2023

Des articles de la même catégorie

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a...

lire plus
Befort – E Bild vun engem Duerf

Befort – E Bild vun engem Duerf

Haut viru genee 43 Joer war Halleffaaschten. Op dësem 13. Mäerz 1983 huet den “Hei Elei Kuck Elei” ee Film vu ronn 45 Minutten iwwer Beefort gewisen. De Film vum Menn Bodson a Pierre Puth kann een um Site vun RTL gesinn an de Link ass hei ënnendrënner. “Befort – E...

lire plus
Aller au contenu principal