Klimapakt-Dag mat Beeforter Bedeelegung

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit a Klima-Agence hunn op de Klimapakt-Dag 2024 invitéiert, deen an der Chambre des Métiers um Kierchbierg de leschte Freideg stattfonnt huet. Bei dëser Geleeënheet goufen zum Ofschloss d’Klimapakt-Zertifikatiounen iwwerreecht. Bekanntlech huet d’Gemeng Beefort d’lescht Joer mat 90,7 Prozentpunkten dat héchste Resultat an Europa erreecht an déi europäesch Präisiwwerreechung war am November zu Lörrach iwwert d’Bübean gaangen.

De ganze Moie stounge véier fachlech Seancen am Mëttelpunkt: Wärmeplanung an de Gemengen; Economie circulaire an nohaltegt Bauen; Roll vun der Gemeng beim Ausbau vun der Photovoltaik um Gemengenterritoire an ee Workshop zur Klimawandelupassung. D’Ministere Serge Wilmes a Lex Delles hunn am Nomëtteg de Programm fortgesat wärend verschidden Intervenanten d’Schwéierpunkte an d’Conclusioune vun de fachleche Seancen nach eng Kéier kuerz virgestallt hunn.

D’Beeforter Delegatioun huet sech zesummegesat aus dem Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, de Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong, dem Klimapaktberoder Thomas Schlicher, dem Sekretär Christophe Bastos, de Membere vum Service technique mam Marc Rodesch, Claire Picard an Nick Drozda, dem Vertrieder vum Klimapakt-Team Hubert Sauber an ofschléissend nach de Jos. Nerancic.

Dernière modification le 10.06.2024

Des articles de la même catégorie

Offallkalenner 2025 / Calendrier des déchets 2025

Offallkalenner 2025 / Calendrier des déchets 2025

D’Datumer vum Offallkalenner 2025 sinn an der “Beeforter App” agedroen an ënnendrënner ass een Iwwerbléck dovunner. Den Offallkalenner kann och als pdf erofgeluede ginn an de Kalenner selwer gëtt deemnächst mat verschidden anere wichtegen Informatiounen un all...

lire plus
Aller au contenu principal