Beaufort
18.1°C (17.8 / 18.5)
47%
979 hPa
2.8 m/s
Raf. 2.9 m/s
0 mm

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a Kommissiounen hu fir sech mat anzebréngen.

Zu de Manifestatiounen, déi d’Gemeng zesumme mat de Veräiner organiséiert, zielen dëst Joer den Europadag (9. Mee), d’”Nuit du Sport” (6. Juni), d’Feierlechkeeten am Kader vum Nationalfeierdag (22. Juni), den Open-Air-Kino (am Juli) d’Generatiounsfest (19. September) an d’Kiermes (4. Oktober). An de leschte Joren hunn dës Veranstaltungen eng ëmmer gréisser Envergure kritt a sou een Austausch wéi virgëschter hëlleft jidderengem seng Erfarungswäerter mat anzebannen an ze kommunizéieren. Obwuel sech d’Organisatioun an den Oflaf vum Dag mat der Zäit schonns verbessert hunn, wëll een an Zukunft op dësem Gebitt nach besser opgestallt sinn.

Déi grouss Präsenz vun de Veräiner a Kommissiounen ënnersträicht d’Wichtegkeet vu sou engem Austausch. Ofgeschloss gouf den Owend mat engem vun der Gemeng offréierte Patt mat klengen Häppercher.

Dernière modification le 25.03.2026

Des articles de la même catégorie

Thailännesch Konscht a Kultur

Thailännesch Konscht a Kultur

Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur...

lire plus
“Open Air Kino” op der Äispist

“Open Air Kino” op der Äispist

No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders...

lire plus
Aller au contenu principal