Beaufort
13.7°C (13.7 / 13.8)
85%
971 hPa
1.7 m/s
Raf. 1.8 m/s
96 W/m²
0 mm

Kulturen, Bicher a kulinaresch Spezialitéiten

Déi berodend Kommissioun vun der Integratioun an d’Gemeng Beefort hunn de leschte Samschdeg ee Bus organiséiert fir de “Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté” mam “Salon du livre et des cultures” an “ARTSmanif – Rencontres des cultures et des arts contemporains” ze besichen. All dës Manifestatioune hunn de Weekend an der Luxexpo um Kierchbierg stattfonnt. Gastronomie, Musek, Ausstellungen, Virträg, Konscht a Literatur sinn nëmmen e puer Themen erausgepickt, déi um Programm stoungen an op iwwer 400 Stänn ugebuede goufen.

No der Gruppefoto bei der Arrivée hu sech d’Leit a klenge Gruppe fir sech duerch d’Hale verdeelt an hunn op hir Loscht a Manéier hiren Tour gemeet. Dobäi goufe haaptsächlech déi jeeweileg kulinaresch Spezialitéite vun de verschidde Kontinenter kennegeléiert. Sou eng “Weltrees” mécht natierlech midd an op enger grousser “Raststätt” gouf eng Paus ageluecht, wou ee sech ausgetosch huet fir den nächsten Deel vun der “Rees” duerch d’Foireshalen ze maachen.

Dernière modification le 27.02.2023

Des articles de la même catégorie

Grousse Succès fir “Stones in Vibration”

Grousse Succès fir “Stones in Vibration”

De leschte Samschdeg huet sech d’Beeforter Schlass bei der éischter Editioun vu “Stones in Vibration” an eng aussergewéinlech Kuliss fir Musek, Kultur a flott Begéinunge verwandelt. Op der Bün stoungen “Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs”, “Don Piano”, “Francis of...

lire plus
Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Aller au contenu principal