Beaufort
9.3°C (9.2 / 9.4)
87%
974 hPa
5 m/s
Raf. 5.5 m/s
81 W/m²
0 mm

Led-Luuchten, Waassersail a Beach-Volley

An de leschte Woche gouf um Site virun der Äispist fläisseg geschafft a gläichzäiteg konnten e puer Projeten ofgeschloss ginn. Doduerch hëlt dëst Areal ëmmer méi eng nei Gestaltung un a fuerdert d’Zesummeliewen an der Gemeng.

Zur Zäit iwwerhuele se nach keng wichteg Roll mee hir Aufgab wäert an den nächste Wochen a Méint ëmmer méi siichtbar sinn. Wuertwiertlech. De Wee laanscht déi verschidden Outdoor-Fitnessgeräter gëtt mat der Hëllef vu solarbedriwwene Led-Luuchte bei der entspriechender Däischtert beliicht.

Pénktlech fir eng kleng Hëtztwell gouf laanscht dem Wee um Eck vum Terrain Multisports a virun der Holzbänk nach eng Waassersail installéiert. Et braucht een nëmmen de Knäppchen op der lénker Säit vun der Sail ze drécken a schonns kënnt uewen Drénkwaasser eraus. Sou ka jidderee säin eegene Bidon mat Waasser fëllen a sech erfrëschen.

Den neien Terrain fir de Beach-Volleyball ass och fäerdeg an et kann een och drop spillen. Jiddereen ass häerzlech invitéiert dëse beléifte Sport kennenzeléieren. D’Wieder an den nächsten Deeg ass op jidde Fall villverspriechend an déi gesammelt Erfarung wäert spéitstens an den nächste Jore vu Virdeel sinn.

Dernière modification le 12.08.2025

Des articles de la même catégorie

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen...

lire plus
Aller au contenu principal