Mam Beeforter Buergermeeschter on Tour

De “Club Aktiv Plus An der Loupescht” huet de leschte Samschdeg op ee “Mam Buergermeeschter on Tour” op Beefort invitéiert. Gemeng Beefort ass eng vun de siwe Partnergemengen an esou fanne reegelméisseg Aktivitéiten hei an der Gemeng statt.

De Rendez-vous war um 10 Auer am Generatiounsgaart, wou de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch d’Leit bei Kaffi a Croissant begréisst huet. Bei dëser Geleeënheet konnten d’Leit ee klengen Tour duerch de Generatiounsgaart maachen a sech mat den anere Participanten an dem Jean-Luc Nosbusch austauschen.

Um Wee an den alen Duerfkär gouf eng kleng Etapp an der Kierch ageluecht an do den eenzegaartege Bau bewonneren. Am fréieren Duerfkär huet de Buergermeeschter den Historique vun der Plaz an déi aktuell an zukünfteg Projeten erkläert. Dozou zielen ënner anerem déi al Brennerei a sozial Wunnengen.

Den Tour ass weidergaangen an d’Beeforter Buerg, wou am Accueil ee Cassis ugebuede gouf. An zwou Gruppen agedeelt gouf net nëmmen d’Geschicht vun der Buerg an dem Renaissance-Schlass méi no bruecht mee och wat fir Ëmbauaarbechten do stattfannen.

Zum Ofschloss vum Tour kruten d’Leit een Exemplaire vun der Nummer 79 vum Beeforter Gemengebuet, deen d’Geschicht vun der Plaz zesumme mat der Produktioun vum Cassero an d’Projeten zesummefaasst, mat engem Ofschlosspatt ugebueden.

Weider Informatiounen zum “Club Aktiv Plus An der Loupescht” ginn et ënnert dem Link https://clubaktivplus.lu/de/portfolio/club-an-der-loupescht-2/ a wie säi “Beeforter” vertesselt huet, dee kann een hei nach eng Kéier online liesen: https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2025/02/De-Beeforter-79.pdf

Dernière modification le 15.10.2025

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Aller au contenu principal