Nationalen Dag vum Bam zu Beefort

Haut am Nomëtteg war de Rendez-vous fir d’Planzaktioun beim Waasserbaseng fir den Nationalen Dag vum Bam ze feieren. Den Nationalen Dag vum Bam gouf 1992 vun der Stëftung “Hëllef fir d’Natur” fir déi éischte Kéier organiséiert an zanter 32 Joer ass dësen Dag zum feste Bestanddeel vun der Gesellschaft ginn. Zanter 1997, fënnef Joer no der éischter Editioun, genéisst den Nationalen Dag vum Bam den héiche Patronage vum Grand-Duc Jean an de Ministère vun der Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, du Développement durable et des Infrastructures, de l’Education nationale et de la Formation professionnelle, de la Famille et de l’Intégration, de la Coopération et de l’Action humanitaire.

All Joer steet ee spezielle Bam am Mëttelpunkt vun der nationaler Aktioun. Dëst Joer ass et d’Molbier (Sorbus aria). Haut goufen allerdéngs keng Molbiere geplanzt mee Hecken an Uebstbeem, déi sech op dëser Plaz besser wuel fillen ewéi d’Molbieren. De Fierschter Marc Hoffmann huet dozou weider Informatioune ginn a geplanzt goufen Äppelbeem vun de Zorten Boskoop a Renette, Bierebeem (Gellerts a Williams), rout a schwaarz Kréischelen, Kiischtebeem, Spierebeem a Quetschebeem.

Des Weidere gouf op dësem Dag nach symbolesch de Wiessel vun der Gemeng Beefort vu Majorz- op Proporzgemeng markéiert. Virun dräi Joer, de 4. November 2021, gouf fir déi éischte Kéier déi magesch Grenz vun den 3.000 Awunner iwwerschratt. Op der Plaquette stinn d’Nimm vum éischte Gemengerot nom Proporzsystem an d’Reiefolleg vun de Gemengeréit gouf nom Tableau de Préséance festgeluecht.

An de leschte Joren ass d’Traditioun vum Nationalen Dag vum Bam zu Beefort ee bësse verluer gaangen an den Nationalen Dag vum Bam soll rëm ee feste Rendez-vous am Agenda vun  der Gemeng Beefort ginn.

Un dëser Planzaktioun hu sech nieft dem Gemengen- a Schäfferot vun der Gemeng Beefort, dem Gemengepersonal, dem Service technique, dem Fierschter mat senger Ekipp och d’Schoulkanner aus dem Cycle 4.1 mat hirem Léierpersonal bedeelegt.

ps: eng Foto aus dem Album ass ee klengt Rätsel 😉

Dernière modification le 15.11.2024

Des articles de la même catégorie

Plastiksammlung / Emballages PMC

Plastiksammlung / Emballages PMC

Den Dag vun der Plastiksammlung huet fir 2026 geännert. Déi blo “Valorlux”-Tute ginn elo méindes ofgeholl, zesumme mam Haushaltsmüll (gro Poubellen). Déi éischt gemeinsam Collecte ass dëse Méindeg, de 5. Januar, an duerno geet et weider am Zwee-Woche-Rhythmus. Weider...

lire plus
3102 Awunner an der Gemeng Beefort

3102 Awunner an der Gemeng Beefort

Op den 1. Januar 2026 zielt d’Gemeng Beefort 3102 Awunner an de gréissten Deel, 2779, wunnt zu Beefort. Zu Déiljen sinn 292 Leit an um Grondhaff 31 Leit ugemellt. Den Detail vun de Statistike gëtt et ënnert dem follgende Link:...

lire plus
Aller au contenu principal