Nationalfeierdag 2022

Krich a sougenannte Friddenszäiten. Sou kann een a kuerze Wierder déi verschidden Usprooche um Virowend vum Nationalfeierdag zesummefaassen. Ugefaangen hunn d’Feierlechkeete mat engem “Te Deum”, dee vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes zelebréiert a vun der  Chorale Sainte Cécile Beefort mat “Sang mat Waldbëlleg-Haler” encadréiert gouf. Eben d’Chorale hat nach een zweeten Optrëtt den nämmlechten Owend zu Haler an dowéinst gouf den “Te Deum” zu Beefort virgezunn.

Uschléissend goung et op d’”Place des Nations” (beim Kiosk) an net an de Kummelsbau wou de Buergermeeschter Camille Hoffmann eng kuerz Ried gehalen huet. Ewéi beim “Te Deum” war de Krich an der Ukrain een Thema an dernieft huet hien och ee Réckbléck op déi zwou verluere Jore gemeet. Zum Ofschloss vum offiziellen Deel krut d’Sandra Breser-Michels endlech no zwee Joer hir wuelverdéngte Medail fir 25 Déngschtjore bei der Gemeng iwwerreecht.

Ofgeschloss gouf den Owend mat engem vun der Gemeng offréierte Patt, dee bis “Hallwer” gaangen ass, a fir Gedrénks an Iessen huet de Judoclub gesuergt.

Dernière modification le 23.06.2022

Des articles de la même catégorie

Meng Gemeng. Meng Kultur

Meng Gemeng. Meng Kultur

67 Gemengen an iwwer 700 Leit hu sech gëschter Donneschdeg um Buergermeeschterdag  2026 bedeelegt, deen am Casino 2000 vun der Munnerefer Gemeng organiséiert gouf. De Buergermeeschterdag riicht sech net nëmmen un d’Buergermeeschteren aus dem ganze Land mee och un...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Europadag

Gutt Stëmmung beim Europadag

Vill Sonn, gutt Wieder an eng nach besser Stëmmung. Sou kann een den Europadag 2026 zu Beefort op der “Place des Nations – um Kiosk” zesummefaassen, deen an der Tëschenzäit ee festen Termin am Manifestatiounskalenner huet. Den 9. Mee huet sech zu engem Volleksfest...

lire plus
Aller au contenu principal