Nationalfeierdag 2025

D’Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag hu mat engem Te Deum ugefaangen, déi vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gestalt a musikalesch vun de Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler gesonge gouf.

D’Aktualitéit aus de leschte Stonnen, Deeg, Wochen a Méint gëtt zum gréissten Deel vu verschidde Kriseregiounen uechter d’Welt dominéiert a verschidden Entwécklungen an den Nopeschlänner loosse sech mat verschidden Evenementer aus dem leschten Joerhonnert vergläichen an et si gewëss Parallellen ze erkennen.

Ofgeschloss gouf den Te Deum mat der véierter Strof vun onser Nationalhymn an den offiziellen Deeg gouf am Generatiounsgaart virugefouert. Wéinst engem weideren Optrëtt zu Waldbëlleg hunn d’Choralle mat der éischter Strof vun “Ons Heemecht” den zweeten Deel agelaut. “Mir hunn eis hei zu Beefort versammelt, fir eist Land, seng Onofhängegkeet a seng eenzegaarteg Identitéit ze feieren. Et ass eng Zäit fir Zesummenhalt, fir d’Erënnerung un eis gemeinsam Wäerter – an och fir e Bléck no vir” esou de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch am Ufank vu senger Ried an huet drun erënnert, ewéi eist “klengt” Lëtzebuerg” a senger Geschicht ëmmer erëm gewisen huet, wéi staark et ka si wann et zesummenhält.

Des Weidere sinn et 40 Joer hir, datt d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwe gouf an déi Oppenheet, déi mir als selbstverständlech ugesinn haten, gëtt ëmmer méi a Fro gestallt, och vun eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg huet och als ee klengt Land seng Roll an der Nato an dréit Verantwortung. Zur Erënnerung: De 4. Abrëll 1949 huet Lëtzebuerg zesumme mat eelef anere Länner den Nato-Vertrag zu Washington ënnerschriwwen an den deemolegen Ausseminister Joseph Bech, gebierteg vu Beefort, huet Lëtzebuerg vertrueden.

Zur Zäit stécht d’Welt an engem technologesche Wandel an d’kënschtlech Intelligenz an d’Digitaliséierung stellen eis virun nei Erausfuerderungen a bidde gläichzäiteg nei Chance fir Lëtzebuerg. De Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch ass fest dovunner iwwerzeegt, wa mir zu Lëtzebuerg a besonnesch hei zu Beefort weider zesummeschaffen (Gemeng, Bierger a Betriber) da bleiwe mer um gudde Wee. Déi politesch Verantwortlech versichen hire Beitrag dozou ze leeschten: mat Investissementer an d’Infrastruktur mat der Ënnerstëtzung vun de Veräiner zu engem liewenswäerte Mateneen.

Dëst Feier war och eng Geleeënheet fir d’groussherzoglech Koppel ze éieren. Zanter 25 Joer si si um Troun an den 3. Oktober wäert de Lieutenant-Representant Prënz Guillaume, zesumme mat senger Fra d’Prinzessin Stéphanie, d’Successioun iwwerhuelen. Dës Zeremonie fält iwwregens zesumme mat der Beeforter Kiermes an esou kann een de lokale Festdag mat engem neie Kapitel an der Geschicht vu Lëtzebuerg a senger Monarchie verbannen.

Virum Éierepatt goufen nach verdéngschtvoll Matbierger fir hir Leeschtunge geéiert: Pompjeeën: Jérôme Vazzoler (Médaille du mérite de la sécurité civile en bronze fir zéng Joer Déngscht); Sëlwer am Wëssenstest: Kevin Gaspar Gomes, Sean Matagne, Jonathan Mersch; Bronze am Wëssenstest: Dana Dichter Hobes, Lena Dichter Hobes a Jayson Hor Vrolijk; Emgie Grognard (Functional Fitness, éischt Plaz an der Kategorie Masters 50 – 54); Olaf Guzdziol (Schach, Lëtzebuerger Vize-Champion bei den U10; sechst Plaz an der Kategorie U10 bei der Europameeschterschaft an Éisträich); Ronaldo Machado Pereira (Foussball, Mérite Special fir säi Sprong an de Profi-Foussball);Anetta Mosr (Judo, Klassebescht vun der Sessioun 201 an der Arméi; Cadre promotion COSL); Beaufort Knights Girls (Mérite spécial fir d’Entwécklung vum Dammen-Äishockey zu Lëtzebuerg; éischt Saison am belschen Dammen-Championnat). Des Weidere goufen nach follgend Judokae fir hir ausgezeechent Resultater bei de Spiller vun de klenge Länner Enn Mee am Andorra geéiert: Anetta Mosr (Gold an der Klass -63 kg), Carla Tavares (Sëlwer -52 kg) a Lena Schmit (Bronze -52 kg).

Uschléissend goung et mat engem Fakelzuch op d’Place des Nations, wou ee Volleksfest ofgehale gouf. Dobäi hunn eng Rei Beeforter Veräiner fir d’Iessen a Gedrénks gesuergt wärend d’Grupp “CC Riders” fir musikalesch Ënnerhalung gesuergt huet.

Dernière modification le 24.06.2025

Des articles de la même catégorie

Sproochecoursen / Cours de langue

Sproochecoursen / Cours de langue

De “Mouvement pour l’égalité des chances” organiséiert eng Rei Sproochecoursen an den nächste Méint dorënner och zu Beefort. Follgend Course fannen am Kummelsbau statt: * Lëtzebuergesch A.1, keng Virkentnisser néideg, méindes a mëttwochs all Kéiers vun 19 bis 21 Auer,...

lire plus
Aweiung vun abordabele Wunnengen zu Déiljen

Aweiung vun abordabele Wunnengen zu Déiljen

Den 29. November 2022 gouf den éischte Spuedestéch vun engem Projet vun abordabele Wunnenge vum Fonds du Logement zu Déiljen gemaach an no gutt dräi Joer war gëschter Donneschdeg, de 4. Dezember, déi offiziell Aweiung. De komplette Site mam fréiere Bauerenhaff gouf an...

lire plus
Aller au contenu principal