Beaufort
14.9°C (14.3 / 15.5)
68%
984 hPa
0.8 m/s
Raf. 1.3 m/s
0 mm

Nei Chargy-Statioune fir véier Elektroautoen

Nieft dem Kierfecht a bei der Entrée vum Parking vun der Schwämm un der Grand-Rue goufen nei Chargy-Installatioune fir véier Elektroautoen installéiert, déi lo a Betrib sinn. Dëst ass lo dréi drëtt ëffentlech Plaz hei zu Beefort, wou ee säin Elektroauto luede kann.

Déi aner zwou Plaze sinn um Parking bei der Place des Nations (Kiosk) a virum Sëtz vum Natur- a Geopark Mëllerdall (Theishaus). Des Weidere kënne Cliente vum Hotel Meyer hiren Tesla op enger “Tesla Destination Charger” oplueden a fir déi aner Marke steet och eng Luedstatioun zur Verfügung.

Déi komplett Installatioun mat den zwou Borne fir am Ganze véier Elektroautoen a mat den Stroossen- an Uschlossaarbechten (neie Parking an Terrassement) beleeft sech op ronn 41.600 Euro mat der TVA. Ofschléissend bleift nach drop hinzeweisen, datt an Zukunft nach weider Luedstatiounen um Gebitt vun der Gemeng Beefort virgesi sinn ewéi zum Beispill zu Déiljen.

Dernière modification le 27.06.2023

Des articles de la même catégorie

Thailännesch Konscht a Kultur

Thailännesch Konscht a Kultur

Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur...

lire plus
“Open Air Kino” op der Äispist

“Open Air Kino” op der Äispist

No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders...

lire plus
Aller au contenu principal