Éier eis mat der Elektromobilitéit zu Beefort befaassen eng kuerz Informatioun, datt de Service technique zanter e puer Méint Verstäerkung kritt huet. Den Tiago Simoes Marques ass souzesoen nei an der Ekipp an zur Zäit ass hie mat sengen Aarbechtskolleegen als “Allrounder” ënnerwee. Seng breet gefächert Kenntnisser erlaben et op de verschidde Gebitter vum Service technique d’Ekipp ze verstäerken an ënnerstëtzen. Mir wënschen him Bonne Chance a freeën eis op déi gutt Zesummenaarbecht.

D’Gemeng Beefort, zweemol mam “European Energy Award Gold” ausgezeechent, féiert seng nohalteg Energiepolitik virun an huet zwee elektresch Gefierer ugeschaaft. Mam Nummereschëld “EY4003” ass den Opel Astra Sports Tourer Edition Electric mam neie Beeforter Logo, déi dezent op de Säitefënsteren ubruecht sinn, op de Stroossen duerch d’Gemeng an doriwwer eraus ënnerwee. Dëse groen Auto huet mat 54 kW/h huet eng Leeschtung vun ëmgerechent 156 PS.

Op 22 kW/h an 136 PS bréngt et de rouden Opel New Vivaro Electro Van, dee vum Service technique benotzt gëtt. D’Investitioun an dës zwee elektresch bedriwwe Gefierer beleeft sech op insgesamt ronn 78.000 Euro, mat de Remisen abegraff.
Wa mer schonns beim Thema vun der Elektromobilitéit sinn, dann dierf een déi nei Luedstatioun vun 11 kW virum Gemengenatelier a beim “Centre d’incendie et de secours” net vergiessen. Mëttlerweil ass si och a Betrib an hei kënnen zwee Gefierer gläichzäiteg geluede ginn.





