Beaufort
12.8°C (12.6 / 13.1)
74%
984 hPa
0.5 m/s
Raf. 0.6 m/s
0 mm

Neijooschempfank mat Banquet

An der Brasserie “Beim Adelheid” gouf de leschte Freideg den Neijooschempfank vun der Gemeng mat Banquet organiséiert. Nieft dem Personal vun der Gemeng waren nach de fréieren an aktuelle Schäfferot invitéiert.

A senger Ried huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch ee Réckbléck op d’lescht Joer gemeet. D’Joer 2023 war ee Joer vum Wiessel. Nieft enger neier Koalitioun op Landesniveau gouf et och zu Beefort ee Wiessel. Nodeems déi magesch Grenz vun 3.000 Awunner iwwerschratt gouf, huet gläichzäiteg de Walsystem geännert: vu Majorz op Proporz. D’Resultater vun de Gemengewalen hunn erginn, datt een neie Schäfferot d’Geschécker vun der Gemeng déi nächst sechs Joer wäert leeden.

Zwee Leit vum Gemengepersonal haten 2023 ee perséinleche Wiessel. Op der enger Säit war dat d’Erika Dockendorf an den Hubert Sauber, déi 2023 offiziell an d’Pensioun gaange sinn. Op eng méi humorvoll Manéier ass de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch op hire beruffleche Wee agaangen. D’Erika huet d’Schoulkanner mam Bus an d’Schoul gefouert an och d’Flyeren an “De Beeforter” vun der Gemeng bei all Wieder verdeelt. Den Hubert huet am Service technique net nëmme beim Klimapakt wäertvoll Aarbecht geleescht.

Ofschléissend huet den éischte Schäffe Bruno Grilo dem Lily Scholtes eng Laudatio gehalen an ee Réckbléck op hir 36 Joer aktiv Gemengepolitik gemeet. Bekanntlech huet sech d’Lily Scholtes aus der Gemengepolitik zréckgezunn.

Nom gudde Maufel gouf bei flotter Musek an Ambiance nach schéi Stonne verbruecht.  

Dernière modification le 23.01.2024

Des articles de la même catégorie

Thailännesch Konscht a Kultur

Thailännesch Konscht a Kultur

Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur...

lire plus
“Open Air Kino” op der Äispist

“Open Air Kino” op der Äispist

No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders...

lire plus
Aller au contenu principal