Opruff un d’Veräiner a Geschäftsleit

Appel aux associations et commerçants

 

Dat heiten ass een Opruff souwuel un d’Veräiner ewéi och un d’Geschäftsleit.

Veräiner

D’Veräiner si gebieden hir Informatiounen an der App ze iwwerpréiwen an och matzedeele wann an der Tëschenzäit zu Ännerunge komm ass. Dat nämmlecht gëllt och fir d’Manifestatiounen. Sollt den een oder aneren Datum fir d’nächst Joer schonns feststoen, dann ass et schonns méiglech ee “Save the Date” ze maachen a mat der Zäit kënnen nach ëmmer Informatiounen nogereecht ginn.

Mätscher, Kompetitiounen an Tournoie sinn och wëllkomm fir an der App ugekënnegt ze ginn, egal op d’Seniorsekippen oder Jugend- an Nowuessekippen. Am groussen Dschungel vun de soziale Kanäl, déi net alles uweisen oder net méi ze fanne sinn, ass d’Beeforter App eng gutt Alternativ fir ee gemeinsamen an aktualiséierte Kalenner an der Gemeng Beefort ze hunn.

Geschäftsleit

Ebenfalls sinn d’Geschäftsleit häerzlech ageluede fir hir Donnéeën ze iwwerpréiwen. Dat gëllt besonnesch fir d’Auerzäite vu que, datt verschiddener hir Auerzäiten am Wanter an am Summer änneren. Wënschenswäert ass och hire jeeweilege Congé matzedeele fir ze vermeiden, datt d’Clientë virun zouenen Diere stinn.

Selbstverständlech kënnen och hir Manifestatiounen an der Beeforter App ugekënnegt ginn. Dozou zielen zum Beispill Soiréeën, Themenowender oder eng Porte ouverte, déi sech op een Dag oder zwee Deeg beschränken.

Ännerungen a Matdeelunge sinn un d’folgend E-Mail-Adress ze schécken: communication@beaufort.lu (Jos. Nerancic)

Am Viraus villmools Merci fir d’Zesummenaarbecht.

Jos. Nerancic

PS: d’App gëtt lafend ugepasst an aktualiséiert

****

Appel aux associations et aux commerçants

Associations

Les responsables des associations sont priés de bien vouloir contrôler leurs données dans cette application et d’en informer s’il y a eu des changements dans le passé. Les dirigeants sont également priés de communiquer les dates de leurs manifestations, même si le programme détaillé n’est pas encore établi. On peut déjà signaler une manifestation et de fournir des détails plus tard.

Ceci vaut également pour les matches, compétitions et tournois de tout âge et niveau qui peuvent être annoncés dans l’application. Certains clubs utilisent des différents réseaux sociaux où on peut vite perdre l’orientation car tas de nouvelles sont affichés seulement une fois et on ne peut pas les retrouver. L’application est une bonne alternative d’avoir un agenda complet des événements.    

Commerçants

Les commerçants sont également invités de vérifier leurs données et plus spécialement les heures d’ouverture. Certains commerçants changent leurs heures avec la saison et c’est dommage de voir un client devant les portes fermées. Il est également souhaitable de communiquer les congés respectifs.

L’application donne également la possibilité d’annoncer leurs manifestations tels que soirées à thèmes ou portes ouvertes qui se limitent à un ou deux jours.

Tous les changements sont à signaler par courriel au communication@beaufort.lu (Jos. Nerancic)

Merci beaucoup d’avance pour votre coopération.

Jos. Nerancic

PS : L’application est régulièrement mise à jour.

Dernière modification le 06.12.2023

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal