Beaufort
19.9°C (19.4 / 20.5)
70%
973 hPa
0.7 m/s
Raf. 1 m/s
0 W/m²
0 mm

Ouverture vun der Kiermes

Déi berodend Kommissioun vun der Integratioun vun der Gemeng Beefort huet de leschte Freideg eng kleng Ouverture vun der Beeforter Kiermes op der Place des Nations (Kiosk) organiséiert, fir dës Traditioun net ze vergiessen.

D’Wieder an d’Schof hunn dëst Joer leider net ganz matgespillt an trotzdeem hat dat keng negativ Auswierkungen op de Programm mat ënner anerem Musek vum Romain Thielen an de “White Sticks”, ee Perkussiounsensembel vun der Harmonie Éilereng.  

Wéi et sech fir eng Kiermes gehéiert goufe Kiermeskuch mat oder ouni Ham an eng gutt Kiermesdrëpp ugebueden.

Dernière modification le 02.10.2023

Des articles de la même catégorie

Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal