D‘Gemeng Beefort invitéiert op eng participativ Informatiounsversammlung an de Kummelsbau e Méindeg, den 19. Februar, ëm 18 Auer. De Schäfferot stellt de Projet “Centre d‘Accueil Müllerthal“, dem neien Naturparkgebai vum “Natur- a Geopark Mëllerdall“ vir.
Bei dëser interaktiver Versammlung ka jidderee seng Meenung a Wënsch zum Projet virdroen a sech aktiv un der Diskussioun bedeelegen.
No der Versammlung offréiert d‘Gemeng eng kleng Agape.