Beaufort
9.3°C (9.2 / 9.4)
87%
974 hPa
5 m/s
Raf. 5.5 m/s
81 W/m²
0 mm

Passage vum “Tour du Luxembourg” duerch Beefort

Et war genau 13.40 Auer wéi de Cycliste Joshua Amos Gudnitz mat der Nummer 181 déi éischt Biergwäertung vun der drëtter Etapp vum “Tour du Luxembourg” fir sech entscheede konnt. Déi drëtt Etapp huet säin Depart zu Mäertert an d’Arrivée ass no 170,5 Kilometer zu Veianen um Schlass. 42,6 Kilometer no Mäertert war de Passage zu Beefort an et ware siwe Leit, déi ronn fënnef Minutten Avance op de Peloton haten. Ënnendrënner sinn e puer Andréck vun der Vëloscourse op der Kräizung vun der Rue du Château mat der Grand-Rue an d’Cycliste sinn iwwert d’Eppelduerferstrooss weider op Eppelduerf gefuer.
Dernière modification le 19.09.2025

Des articles de la même catégorie

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen...

lire plus
Aller au contenu principal