Personalfeier am Zeeche vun der Unerkennung an Zesummenhalt

D’dësjäregt Personalfeier vun der Gemeng zesumme mat hiren Trägeren ewéi zum Beispill Schoulpersonal, Maison Relais, de Service forestier, d’Membere vum Natur- a Geopark, dem CGDIS an dem Cigr gouf de leschte Freideg ënnert enger kompletter neier Form gehalen. Des Kéier war een net an engem Restaurant mee am Dojo, der Sportshal vum Judo, an d’Feier stoung ënnert engem bestëmmten Thema an zwar déi “Gëllen 20er Joren” aus dem leschten Joerhonnert.

Deementspriechend gouf de Sall ageriicht an de gréissten Deel vun de Gäscht huet sech der Zäit vun deemools moudesch ugepasst. Gläich am éischte Saz huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch erkläert, datt déi 20er Jore fir Opbroch, Optimismus a Liewensfreed stoungen. No schwéieren Zäit hunn d’Leit no vir gekuckt, hunn un d’Zukunft gegleeft, un den Zesummenhalt an de Wäert vun der Aarbecht, déi een zesumme fir d’Gemeinschaft mécht. An den Ae vum Buergermeeschter passt dëse Geescht gutt zu eiser Gemeng a virun allem de Mataarbechterinnen a Mataarbechter.

D’Gemeng funktionéiert net nëmme wéinst de Gebaier, Reegelen oder Projeten. Si funktionéiert virun allem wéinst de Mënschen, déi sech all Dag engagéieren: an der Administratioun, am technesche Service, an den Atelieren, dobaussen an am Kontakt mat de Bierger. Si sinn d’Réckgrat vun der Gemeng a suergen dofir, datt d’Saache lafen, och dann, wann et net ëmmer einfach ass. Am Numm vum Schäfferot huet hien hinne villmools Merci gesot fir hiren Asaz, hir Loyalitéit an hire professionelle Geescht.

D’Soirée vun der Personalfeier stoung ganz bewosst am Zeeche vun der Unerkennung mee och vum Zesummenhalt. Si war eng Geleeënheet fir sech ausserhalb vum Alldag ze begéinen, zesummen ze laachen, ze danzen, ze genéissen, esou wéi et an den 20er Jore scho war. Fir de Buergermeeschter war et eng Freed net nëmme mat de Kolleeginnen a Kolleegen ze verbrénge mee och mat de Gäscht, déi d’Gemeng begleeden a matgestalten. Beefort wier eng staark Gemeng well si op Zesummenaarbecht, Respekt a Vertraue baut.

Zum Ofschloss vum offiziellen Deel gouf nach eng Persoun geéiert: Rosa Fernandes Afonso. Zanter dem 1. August 2025 ass d’Rosa offiziell an der Pensioun an et huet net vill gefeelt, datt si 30 Joer op der Gemeng geschafft hätt. Agestallt gouf d’Rosa offiziell den 8. Dezember 1995 ënnert dem deemolege Schäfferot mam Buergermeeschter Guy Hanff an de Schäffe Marcel Diederich a Camille Hoffmann. Si huet ënner anerem jorelaang d’Kanner mam Minibus an d’Schoul gefouert, de Gemengebuet “De Beeforter” a Flyere vun der Gemeng verdeelt an net ze vergiessen den Éierepatt zerwéiert.  

No dësem Deel goufen e puer flott Stonne mat engem Buffet, Live-Musek, DJ an enger festlecher Atmosphär vun de “Gëllenen 20er Jore” verbruecht.

Dernière modification le 10.02.2026

Des articles de la même catégorie

Workshop “Benevolat am Sport stäerken”

Workshop “Benevolat am Sport stäerken”

Gëschter Owend huet d’Gemeng Beefort, zesumme mam INAPS (Institut National de l’Activité Physique et des Sports), am Kummelsbau ee Workshop zum Thema “Benevolat am Sport stäerken” organiséiert. Obwuel sech dëse Workshop op den éischte Bléck un d’Sportsveräiner riicht,...

lire plus
Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a...

lire plus
Aller au contenu principal