Ronn 130.000 Euro an d’Gesondheet investéiert

Nodeems d’lescht Joer d’Gemeng an Zesummenaarbecht mat den hauseegene Physiotherapeute vun der “Seniorenresidenz Petite Suisse” ee spezielle Outdoor-Fitness fir Senioren beim Sportsterrain nieft der Äispiste opgeriicht huet, ass dëse Site mat weidere Outdoor-Fitness-Geräter erweidert ginn.

Déi nei opgestallte Geräter si fir all Generatioun gëeegent an op grousse verständleche Panneaue gëtt erkläert wéi eng Übungen op der jeeweileger Statioun maache kann. Selbstverständlech ass et jidderengem iwwerlooss seng eegen Übungen ze maachen an dat am perséinleche Rhythmus. Zertifiéiert a gepréifte Fallschutzmatte suergen dofir, datt d’Sécherheet schonns am Virfeld garantéiert gëtt.

Dëse Projet mat den Travaux de gros oeuvres, de Geräter an den Ofschlossaarbechte kaschten 127.054,91 Euro. Also ronn 130.000 Euro goufen investéiert, datt op dëser Plaz een Treffpunkt fir Generatiounen entstanen ass: Spillplaz, Mini-Stade, Outdoor-Fitness fir Senioren an Outdoor-Fitness-Geräter fir all Alter. Kuerz nodeems de Site erweidert gouf ginn et schonns déi éischt Unzeechen a Schied, datt verschidde Leit éischter domadder beschäftegt sinn dës Geräter futti ze maachen aplaz anstänneg ze benotzen.

Hei ënnendrënner eng kleng Fotosgalerie wéi eng Übungen op den neie Geräter maache kann.

Dernière modification le 27.06.2023

Des articles de la même catégorie

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a...

lire plus
Befort – E Bild vun engem Duerf

Befort – E Bild vun engem Duerf

Haut viru genee 43 Joer war Halleffaaschten. Op dësem 13. Mäerz 1983 huet den “Hei Elei Kuck Elei” ee Film vu ronn 45 Minutten iwwer Beefort gewisen. De Film vum Menn Bodson a Pierre Puth kann een um Site vun RTL gesinn an de Link ass hei ënnendrënner. “Befort – E...

lire plus
Aller au contenu principal