Sécherheet geet vir

Déi lescht Woch goufen ausganks der Halerstrooss Richtung Ruttmauer sechs Buchen aus Sécherheetsgrënn gehaen. Bei enger rezenter Inspektioun gouf festgestallt, datt sech de Zoustand vun der grousser Buch an der Kéier a vis-à-vis vum Berenshaus verschlechtert huet. Schonns am Juli 2020 gouf se kontrolléiert op se nach Standsécher wier, respektiv op se riskéiert huet fir op d’Haus oder Strooss ze falen.

Hei ënnendrënner ass den detailléierte Rapport vum Dr. Julia Engels betreffend d’Buch an déi aner Buchen niewendrun an och d’Fotoe vun de Bëschaarbechten, déi vun der Naturverwaltung ausgefouert goufen. Nodeems d’Buche gehae goufen, konnt ee ganz gutt gesinn, datt déi betraffe Beem effektiv an engem schlechten Zoustand waren a vun hinne Gefor ausgaangen ass.   

Title of the document
Dernière modification le 13.02.2023

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal