Beaufort
4.9°C (4.8 / 5.1)
89%
987 hPa
2.8 m/s
Raf. 3 m/s
0 W/m²
0 mm

Sëlwer-“Drëpsi”-Zertifikat fir d’Gemeng Beefort

Am Ëmweltministère gouf d’Drénkwaasser aus der Gemeng Beefort “Drëpsi”-Zertifikat a Sëlwer ausgezeechent. Fir den “Drëpsi”-Zertifikat ze kréie muss een am Ganzen 126 Moossnamen erfëllen: 72 Moossnamen hunn eng “Priorité moyenne” a 54 Moossnamen eng “Priorité faible”. Jeenodeem wéivill Prozent vun de verschiddene Moossnamen ëmgesat goufe, kritt een d’“Drëpsi”-Zertifikat, dat a verschiddene Kategorien ënnerdeelt ass. Marc Rodesch, Responsabel vum Service technique, konnt gëschter am Ëmweltministère d’Zertifikat vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring entgéint huelen.

De Beeforter Waasser-Réseau huet am Ganzen 43 Kilometer an ass an zwou Zonen agedeelt. An de leschte Joren investéiert d’Gemeng an ee modernen an onofhängege Waasser-Réseau, dee Beefort autonom vun de Quellen aus dem Mëllerdall mécht. Dozou gehéieren och nei Waasserleitungen a modern Anlagen. Vill Aarbechte sinn op den éischte Bléck net siichtbar mee déi rezent Drénkwaasseranalyse schwätze fir sech.

Analyse vum 20. Mäerz 2023

Communiqué vum Ëmweltministère

Dernière modification le 29.03.2023

Des articles de la même catégorie

De Beeforter 86 ass online

De Beeforter 86 ass online

Nodeems de Gemengebuet déi lescht Woch an der Gemeng verdeelt gouf, ass lo och d'Online-Versioun disponibel. Hei ass de Link: https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2026/10/De-Beeforter-86.pdf

lire plus
Méi Sécherheet fir jiddereen

Méi Sécherheet fir jiddereen

391.950 Euro investéiert d’Gemeng Beefort an d’Sécherheet vun de Visiteure vun der Äispist an de komplette Site mam Aktiv-Park abegraff. Dee Montant gouf an der Gemengerotssëtzung vum 16. Dezember 2025 eestëmmeg gestëmmt. An deem Zesummenhank ginn déi zwee Busarrête...

lire plus
Aller au contenu principal