Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur erliewen.
De Festival stoung am Zeeche vum Ufank vun der buddhistescher Faaschtenzäit, déi net vill Gemeinsamkeete mat den an eise Géigende bekannter Faaschtenzäit huet. “Wan Khao Phansa” ass een nom Moundkalenner berechente Feierdag an dee riicht sech un den éischten Dag vum ofhuelende Mound vum aachte Mount. Vollmound war dës Kéier den 28. August.
“Wan Khao Phansa” heescht iwwersat “d’Reenzäit fänkt un” an ass den éischten Dag vun enger dräi Méint laanger Reenzäitklausur. Wärend dëser Zäit bleiwen d’Mënchen an hire Kléischter a verzichten op d’Fändelen duerch d’Géigend well op de Felder de jonke Sot schéisst. Doduerch soll verhënnert ginn, datt si zertrëppelt ginn. Den Dag virum “Wan Khao Phansa” gëtt “Asalha Puja” gefeiert. Déi Gleeweg spende Käerzen a ginn als “Geschenk vum Liicht” bezeechent. Dës Käerze brenne wärend der ganzer Reenzäit a sinn ee Symbol fir d’Studium vun den hellege Schrëften an der Reenzäit.
Am Virfeld vum Festival zu Beefort goufe Räis, Dréchefriichten an Almose gesammelt fir se de Mënchen ze spenden. Och war et méiglech eng Faaschtekäerz oder ee Reenduch ze sponseren. Nieft de verschidde reliéisen Zeremonie wäre verschidde Stänn mat thailännesche Produite präsent an et konnt een och thailännesch Iessen a Gedrénks kenneléieren. Ofgeronnt gouf den Dag mat musikaleschen Optrëtter.




