Beaufort
7.3°C (7 / 7.6)
93%
987 hPa
0.2 m/s
Raf. 0.3 m/s
0 W/m²
0 mm

Vereedegung vum Gemengerot

Nodeems e Freidegmoien de Schäfferot am Inneministère vun der zoustänneger Ministesch Taina Bofferding vereedegt gouf, war gëschter Owend den neie Gemengerot un der Rei. Wéinst Ëmbauaarbechten am Gemengesall huet d’Zeremonie an der Maison du Parc (Maison Theis) stattfonnt.

Am Virfeld huet ee sech bei den zoustännegen Instanzen informéiert ob d’Vereedegung ausserhalb vum Gemengenhaus ee legale Kader hätt an nodeems ee vun där Säit gréng Luucht kritt huet, stoung enger Vereedegung an der Maison du Parc näischt méi am Wee.

Den Artikel 6 vum Gemengegesetz vum 28. Juni 2023 gesäit vir: « Les conseillers prêtent, avant d’entrer en fonction, le serment suivant : « Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité. ». » Ce serment est prêté par les conseillers entre les mains du bourgmestre ou de celui qui le remplace.

Deen den 8. Oktober gewielte Gemengerot ass soumat zanter gëschter Owend offiziell am Amt.

Dernière modification le 31.10.2023

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal