Visitt am Europaparlament zu Stroossbuerg

D’Beeforter Integratiounskommissioun huet an Zesummenaarbecht mam Büro vum Europadeputéierte Charles Goerens eng Visitt am Stroossbuerger Europaparlament organiséiert. Kuerz op 6.30 Auer ass de Bus mat 41 Leit vu Beefort Richtung Stroossbuerg fortgefuer fir kuerz drop um Stater Contournement am Stau ze stoen.

Ënnerwee fir op Stroossbuerg gouf et kleng Stäerkung a wärend déi eng Schlof nogeholl hunn, hunn aner Leit déi wanterlech Landschaft bewonnert. An de soziale Medien ass een op eng Kéier gewuer ginn, datt de Charles Goerens moies ëm 7.30 Auer den Invité vum Dag beim Radiosender 100,7 wor. War et wierklech esou oder gouf den Interview iwwer Telefon gemeet? Wärend dem Austausch mat sengem Büro wéinst eiser Arrivée huet et sech erausgestallt, datt hien effektiv moies am Studio um Kierchbierg wor. Wann een dat éischt gewosst hätt, dann hätt hie kéinte mat am Bus op Stroossbuerg fueren. Schlussendlech hat jiddereen ee bësse Verspéidung an de Programm konnt agehale ginn.

No der Arrivée an der Accréditatioun ass den éischten Austausch mam Charles Goerens iwwert d’Bühn gaangen. Den iwwerzeegten Europäer huet a kuerzen a präzisen Erklärungen zu den zwou aktuellen Theme ginn: de Korruptiounsskandal ëm d’Vizepresidentin vum Europaparlament Eva Kaili an de Krich an der Ukrain. De Beeforter Grupp war nëmmen eng vu ville Gruppen, déi deen Dag d’Europaparlament besicht hunn. Nom Échange mam Charles Goerens hu si missten de Sall fir den nächste Grupp verloossen an dee gouf ugefouert vum Katarina Barley, déi eng vun de Vizepresidentinne vum Europaparlament ass. De lëtzebuerger Grupp war iwwerrascht wa se héieren hunn, datt d’Katarina Barley kennt. D’Erklärung ass zimmlech einfach: Si kënnt vu Schweich bei Tréier…

Op den Tribünen vum Plénièressall konnten d’Visiteuren eng Debatt zum Thema “This is Europe” verfollegen bei deem de slowenesche Premierminister Robert Golob den Ofschlossplaidoyer gehalen huet. Leit war och hei d’Zäit séier ëm an et konnt een net bis zum Schluss nolauschteren. Et war och interessant ze gesinn, wéi d’Europadeputéiert de Plénièressall lues awer sécher gefëllt hunn. No der dëser Debatt stoungen Votten op der Dagesuerdnung. Kuerz drop, wärend dem Waarde beim Buffet, koume Push-Meldungen op den Handy iwwert eng historesch Entscheedung vun den Europadeputéiert. Mat 625 Stëmme bei zwou Enthalungen an enger Géigestëmm gouf d’Eva Kaili als Vizepresidentin ofgesat.

De Charles Goerens huet d’Zäit wärend dem Mëttegiessen genotzt fir sech mat de Beeforter auszetauschen. Hien ass vun Dësch zu Dësch gaangen, huet sech bei d’Leit gesat an huet hinnen nogelauschtert an op Froe geäntwert. Zum Ofschloss krut hie vun de Membere vun der Integratiounskommissioun ee Cadeau iwwerreecht an no der Gruppefoto goung et nees zréck bei de Bus. Allerdéngs net fir direkt op Beefort ze fuere mee nach ee klengen Tour iwwert de Stroossbuerger Chrëschtmaart ze maachen.

Dernière modification le 14.12.2022

Des articles de la même catégorie

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Fréiere Schapp vum “Josy” ofgebrannt

Gëschter am Laf vum Nomëtteg huet et am fréiere Schapp vum “Josy” gebrannt. De “Josy” war den Zichelchen, deen tëschen de Joren 1904 a 1948 vum Grondhaff erop op Beefort gefuer ass. Am Joer 1966 huet de “Comité protecteur de la Troupe St Willibrord” vun Iechternach de...

lire plus
Interaktive Geo-Pad ageweit

Interaktive Geo-Pad ageweit

Gëschter am Nomëtteg gouf den interaktive Geo-Pad “Haupeschbaach an Halerbaach” a Präsenz vum Minister fir Raumentwécklung Claude Meisch offiziell ageweit. Schonns am Oktober d’lescht Joer gouf de Grondstee vun dësem Geo-Pad geluecht:...

lire plus
Aller au contenu principal