D’Beeforter Duerffrënn hunn zesumme mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Veräiner op hire mëttlerweil traditionelle Wantermaart invitéiert. De Wantermaart huet sengem Numm all Éier gemeet an et war richteg kal de leschte Samschdeg. Trotzdeem war et de ganzen Dag eng waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär, wou aktuell verschidden Aarbechten duerchgefouert ginn. Dofir hunn déi iwwer 25 flott Konscht- an Hobbystänn an zéng Veräiner gesuergt.
Um “Wantermenü” stounge Baguette mat Raclettskéis, Grompere mat Sauerram an eng Geméispan beim Club des Jeunes Reisduerf; Kniddele bei den Theaterfrënn Beefort; Gromperekichelcher a Chili bei de Victory Riders Luxembourg; Wirschtercher mat Sauerkraut a Kichelcher bei der Amicale Pompjeeë Beefort; Paangech bei der Elterevereenegung Beefort; Kaffisstuff bei de Beeforter Senioren; Schampesbar, waarme Cassis a Schocki bei der Chorale Sainte Cécile vu Beefort; Eisekuche beim Club Hippique; Grill, Caldo verde a waarm Käschte bei den As Cinquentinhas an ofschléissend Glühwäin, Glühgin, Äppeljus mat Schuss a soss Gedrénks bei de Beeforter Duerffrënn.
Um Wantermaart war och de Startschoss vum interkulturelle Festival “Bis am Bus”, deen den 8. Mäerz 2025 säin Héichpunkt zu Beefort wäert hunn. Nieft enger Rei Animatiounen ewéi Gesiichtsmolen hunn de “Rob a Marisa” fir musikalesch Ënnerhalung am Bannenhaff vun der Gemeng gesuergt.