« Ee Präis, dee mer haut net vergiessen däerfen »

« Ee Präis, dee mer haut net vergiessen däerfen »

D’Membere a Frënn vum “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” hunn de leschte Samschdeg un de 16. Dezember 1944 erënnert. Viru genau 80 Joer huet deen Dag d’Rundstedtoffensiv ugefaangen.

D’Feierlechkeeten zum 80. Joresdag vun der Ardennenoffensiv hunn de viregte Weekend ënner anerem an der Stad, op verschidde Plazen am Éislek an och an de belschen Ardennen stattfonnt. Bei dëse Gedenkfeieren hu sech eng Rei héich Vertrieder aus de Vereenegte Staate vun Amerika, Europa a Lëtzebuerg bedeelegt. Dozou zielen ënner anerem d’Lëtzebuerger Regierungsmemberen, de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa, den Ierfgroussherzog a Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc Guillaume mat senger Fra Stéphanie, d’Presidentin vum Europäesche Parlament Roberta Metsola an eng Delegatioun vum US-Kongress mat der fréierer Presidentin vum US-Repräsentantenhaus Nancy Pelosi.

D’Gedenkfeier zu Beefort war däitlech méi kleng. Virun der Mass hunn de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, säi Virgänger de Camille Hoffmann an de Fernand Nilles vum “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” eng Gerbe virum “Monument aux Morts” néiergeluecht. Edmond Faber, deen d’Gedenkfeierlechkeeten zu Beefort zanter Joren op der Trompett begleet, huet misste wéinst Krankheet seng Participatioun kuerzfristeg ofsoen esou, datt een Deel vum Programm net konnt wéi geplangt ausgefouert ginn. D’Mass an der Kierch gouf zelebréiert vum Aumônier Nicolas Wenner mat der Ënnerstëtzung vun der Chorale Sainte Cécile Beefort souwéi “Sang mat Waldbëlleg-Haler”. No der Mass goufe Blumme bei de GI-Kräizer virum Kummelsbau a virun der Stèle vum T/Sgt Bob Hebert um Schéidbierg néiergeluecht.

A senger Ried am Kummelsbau ass de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch op déi entscheedend Schluecht agaangen, déi mat bal 11.000 gefalenen Alliéierten an iwwer 12.000 gefalenen däitschen Zaldoten immens vill Affer gefuerdert huet. Hei zu Lëtzebuerg sinn och op mannst 500 Zivilisten ëm d’Liewe komm. Ee Präis, dee mer haut net vergiessen däerfen. Beefort ass eng Plaz, déi räich u Geschicht a Resilienz ass, an d’majestéitesch Buerg vermëttelt ee Symbol vu Kraaft an Ausdauer.

Déi rezent Zeremonien hei zu Lëtzebuerg esouwéi an a der Belsch, besonnesch zu Baaschtnech an um Militärkierfecht zu Hamm, hunn erëm gewisen, wéi déifgräifend d’Wäertschätzung fir dës Helde bleift. Et dierft een ni vergiessen, datt hir Affer net nëmmen d’Vergaangenheet gepräägt hunn, mee och eis Zukunft bestëmmen. D’Ardennenoffensiv léiert de Wäert vu Virsiicht, Eenheet a vum onermiddleche Striewen no Fridden. Si erënnert drun, datt och an de schwaarzste Momenter de mënschleche Geescht ka gewannen.

Ofgeschloss huet de Jean-Luc Nosbusch mat de Wieder: “Mir éieren d’Erënnerung un déi Gefalenen, andeems mir eis un déi Wäerter halen, fir déi si gekämpft hunn. Hier Ierfschaft soll eis inspiréieren, eng Welt ze bauen, wou Fräiheet a Gerechtegkeet ëmmer uewen stinn.”

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

D’Beeforter Duerffrënn hunn zesumme mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Veräiner op hire mëttlerweil traditionelle Wantermaart invitéiert. De Wantermaart huet sengem Numm all Éier gemeet an et war richteg kal de leschte Samschdeg. Trotzdeem war et de ganzen Dag eng waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär, wou aktuell verschidden Aarbechten duerchgefouert ginn. Dofir hunn déi iwwer 25 flott Konscht- an Hobbystänn an zéng Veräiner gesuergt.

Um “Wantermenü” stounge Baguette mat Raclettskéis, Grompere mat Sauerram an eng Geméispan beim Club des Jeunes Reisduerf; Kniddele bei den Theaterfrënn Beefort; Gromperekichelcher a Chili bei de Victory Riders Luxembourg; Wirschtercher mat Sauerkraut a Kichelcher bei der Amicale Pompjeeë Beefort; Paangech bei der Elterevereenegung Beefort; Kaffisstuff bei de Beeforter Senioren; Schampesbar, waarme Cassis a Schocki bei der Chorale Sainte Cécile vu Beefort; Eisekuche beim Club Hippique; Grill, Caldo verde a waarm Käschte bei den As Cinquentinhas an ofschléissend Glühwäin, Glühgin, Äppeljus mat Schuss a soss Gedrénks bei de Beeforter Duerffrënn.

Um Wantermaart war och de Startschoss vum interkulturelle Festival “Bis am Bus”, deen den 8. Mäerz 2025 säin Héichpunkt zu Beefort wäert hunn. Nieft enger Rei Animatiounen ewéi Gesiichtsmolen hunn de “Rob a Marisa” fir musikalesch Ënnerhalung am Bannenhaff vun der Gemeng gesuergt.  

Chrëschtmaart bei de Scouten

Chrëschtmaart bei de Scouten

D’Beeforter Scouten hunn de leschte Samschdeg op hiren traditionelle klenge Chrëschtmaart am Scoutsgaart an an hirem Scoutshome invitéiert. Bei dëser Geleeënheet konnt ee schonns déi éischt Kaddoen a Chrëschtdekoratioune fir dëst Joer kafen. Bekanntlech ass den nächste Sonndeg den éischten Advent an net wéineg Leit hu bei dësem Chrëschtmaart een Adventskranz kaaft. Des Weidere konnte sech d’Visiteure bei engem Patt an enger klenger Stäerkung fir de Mo gemittlech iwwert den Alldag austauschen.

Iechternach: Diplomiwwerreechung an der regionaler Museksschoul

Iechternach: Diplomiwwerreechung an der regionaler Museksschoul

De 15. November war d’Diplomiwwerreechung vun der regionaler Museksschoul Iechternach am Trifolion a Präsenz vum “Commissaire du Gouvernement à l’Enseignement Musical”, dem Gilles Lacour. Dëst Joer kruten 270 Schüler am ganzen  317 Diplomer virun engem volle Sall am Trifolion iwwerreecht an dat och ëmmer jeeweils zesumme mat de politesche Vertrieder vun de verschiddenen konventionéierte Gemengen.

Den Optakt vum Owend huet den Ensembel “Big Brass Projekt” ënnert der Leedung vum Jhang Kohnen gemat. Dësen Ensembel ass zesummegesat aus fréieren an aktuelle Schüler vun der Museksschoul. Weider goung et du mat der Begréissung vun der Députée-Maire Carole Hartmann, déi alle Schüler fir hier aussergewéinlech Leeschtunge gratuléiert huet an och allen Enseignanten an der Administratioun häerzlech Merci gesot huet fir hiren onermiddlechen Asaz dat ganzt Joer. Si huet de regionale Charakter vun der Museksschoul ënnerstrach: Couren déi op de verschiddene Sitten an der Regioun stattfannen, Concerten an Auditiounen an de Gemengen, Ensembelen déi mat Schüler aus de verschiddene Gemengen zesummegesat sinn. Si huet alle Gemengen e grousse Merci ausgesprach fir déi gutt Zesummenaarbecht an Ënnerstëtzung. Den Owend ass weidergaange mat Prestatioune vu Laureaten aus der Gesangsklass, enger jonker Mandolinistin, Kammermusekformatiounen speziell fir dësen Owend zesummegesat aus Laureaten vum Bléiser-, Streicher-, an dem Pianosdepartement, a Beiträg vu Jazz- a Rock/Pop Comboen. Och dëst Joer ass eng extrem divers Bandbreet mat engem héijen Niveau vun de Schüler aus der Museksschoul presentéiert ginn.

Op d’Fäegkeet vun der Musek, Gefiller an Emotiounen ervirzeruffen ass d’Directrice Nadine Eder an hirer Allocatioun agaangen. Och déi vill Natiounen déi hei zesummeliewe prägen d’Bild vun der Museksschoul an et ass eng zentral Aufgab, dëser Diversitéit vun Natiounen, Schüler an Enseignanten an engem gudde Klima gerecht ze ginn. D’Directrice huet der Gemeng Iechternach, alle konventionéierte Gemengen an dem Ministère de l’Education ee grousse Merci ausgeschwat fir hier Ënnerstëtzung. 

D’Élèves méritants goufen dëst Joer mat engem spezielle Kaddo, dem Lego-Set zu der Sprangpressessioun vun der Harmonie Municipale Iechternach, belount. Ier et dann zur eigentlecher Remise vun den Diplomer iwwergaangen ass, huet de Gilles Lacour d’Enseignanten an d’Schüler fir hiren Engagement an hier Leeschtunge gelueft an huet och den Elteren hier Ënnerstëtzung an Evidenz gesat an hinnen ee grousse Merci ausgeschwat. Hien huet der Gemeng Iechternach an alle konventionéierte Gemengen seng Dankbarkeet fir hier finanziell Participatioun ausgeschwat, fir datt d’Kanner, déi Jugendlech an och déi erwuesse Schüler weiderhi vun enger exemplaresch musikalescher Ausbildung an de Gemenge kënne profitéieren.

“Zirkus zu Beefort” den 11. Juli 2025

“Zirkus zu Beefort” den 11. Juli 2025

Nodeems dëst Joer beim Schoulfest Piraten am Mëttelpunkt stoungen ass et bei der nächster Editioun den 11. Juli 2025 den Zirkus. Dat gouf een ënner anerem op der Generalversammlung vun der Elterevereenegung am Kummelsbau gewuer.

No der Begréissung vun der Presidentin Alicia Reiff-Thill gouf den Aktivitéitsbericht vum Martine Gros-Macé presentéiert. D’Schoulrentrée huet mat engem Croissant a Schocki fir d’Schoulkanner ugefaangen, beim éischten Halloween-Nomëtteg hunn d’Kanner Kürbisse bemoolt a geschnëtzt, de Kleesche gouf fir d’Kanner aus der Gemeng Beefort organiséiert, op Liichtmëssdag goufen d’Kanner beim liichte goe begleet, flott Stonne gouf beim Kannerfuesbal verbruecht, bei der “Coupe scolaire” gouf gehollef, datt d’Kanner sécher am Verkéier fuere konnten a selbstverständlech d’Schoulfest als Héichpunkt vum Joer. Des Weidere waren d’Membere vun der Elterevereenegung beim Wantermaart, beim Kleeschen an der Schoul, beim Buergbrennen a beim Ouschterpatt vertrueden. Organiséiert gouf nach ee Public-Viewing vun der EM-Finall.   

Uschléissend huet de Keessjee Alain Rommes de Bilan vun der Keess presentéiert. Nei T-Shirten, Material an nei Aktivitéiten hunn dozou gefouert, datt zum Ofschloss de Rapport negativ ausgefall ass. Op Virschlag vun de Keeserevisoren Edin Marusic a Christian Kröger huet d’Versammlung Entlaaschtung erdeelt. D’Keeserevisore bleiwen nach ee weidert Joer am Amt.

Bei der Virstellung vum Programm 2024/2025 huet d’Elterevereenegung eng nei Aktivitéit agefouert: “Back To School”-Party, déi dëst Joer um Kiermesweekend stattfonnt huet. Nieft de klassesche Manifestatiounen ass een ewéi schonns virdrun erwäänt den Datum an d’Thema vum Schoulfest gewuer ginn: den 11. Juli “Zirkus zu Beefort”.

500 Euro aus dem Erléis vum Liichtegoe gouf un d’Associatioun “Île aux Clowns” gespent. No engem kuerze Video huet d’Sylvie Philipp aus der Administratioun vun der Vereenegung weider Informatioune ginn. Sou sinn néng Clowns all Dag um Terrain an dat a mëttlerweil 35 Strukturen. Si offréieren all Persoun, ob Kand oder Erwuessenen, déi duerch Krankheet oder Isolatioun an enger schwéierer Situatioun ass, e puer schéi Momenter. Dobäi gëtt eng mat de Mataarbechter vun de besichten Ariichtunge geschafft. D’Aktivitéite sinn alleguer gratis an d’Asbl finanzéiert sech ausschliisslech iwwer fräiwëlleg Donen.

Bei der fräier Aussprooch huet d’Presidentin Alicia Reiff-Thill der Schoul, der Maison Relais an der Gemeng ee grousse Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht. Besonnesch zwee Leit goufe bei der Geleeënheet ervirgehuewen: den Andy Wagner an de Stéphane Gaspar vum Service technique vun der Gemeng. Mat hirem onermiddlechen Asaz hu si ënner anerem zesumme mat den “Happy Helpers” dozou bäigedroen, datt d’Manifestatiounen ee Succès woren a si zwee kruten eng Corbeille iwwerreecht.

Am Numm vum Léierpersonal huet de Steve Mischel déi gutt Zesummenaarbecht mat der Elterevereenegung gelueft. Ofschléissend huet de Schäffe Bruno Grilo am Numm vun der Gemeng der Elterevereenegung Merci gesot fir hir Aktivitéiten iwwert déi hie frou ass an hofft, datt et an Zukunft esou weidergeet.

Éischten Heemmätsch vun de Beeforter Ritter

Éischten Heemmätsch vun de Beeforter Ritter

Viru 500 Zuschauer haten d‘“Beaufort Knights“ de leschte Samschdeg hiren éischten Heemmätsch fir dës Saison. Den éischte Mätsch zu Charleroi konnten d’Beeforter mat 4:6 gewanne mee zu Herentals (2:1) a Léck (4:3) goufen d’Mätscher verluer. Den éischte “Puck Dropper” vun der Saison, de Samy Picard (Präsident vun der Basketballfederatioun), an d’Fans ware gespaant op den éischten Optrëtt vun de Beeforter Ritter virun hirem eegene Publikum.

D’Gäscht vun Antwerpen hu vun der éischter Sekonn näischt ubrenne gelooss an hunn direkt bewisen, datt se net fir näischt an de leschten dräi Joer zweemol Champion an der éischter Divisioun vun der Belscher Liga waren. Et goufe mol keng zwou Minutte gespillt a scho si si a Féierung gaangen an no weideren 19 Sekonne stoung 0:2 op der Tafel. Et huet eng gutt Véierelstonn gedauert bis et fir déi éischte Kéier am Gol vun Antwerpen gerabbelt. Den Nicolas Mossong huet op 1:5 verkierzt an d’éischt Drëttel huet mat engem 1:6 opgehal.

D’Heemekipp ass zimmlech gutt aus der Paus erauskomm an obwuel si no 47 Sekonnen den 1:7 kasséiert hunn, gouf weider gekämpft. Dat zweet Drëttel gouf mat 3:5 verluer an déi dräi Goler fir d’”Beaufort Knights” huet de Benny Welter geschoss. Am leschten Drëttel hunn d’Golkippere vun den zwou Ekippe sech dräimol ëmgedréit fir de Puck aus dem Netz ze huelen. De Frizel Artemij huet den eenzege Gol fir d’Beeforter Ekipp geschoss an no 60 Minutten ass de Mätsch mat 5:13 op Enn gaangen.

No dësem Spilldag iwwert de Weekend leien d’”Beaufort Knights” op der aachter Plaz vun eelef Ekippen am Ganzen. Déi nächst Heemmätscher sinn de 16. November an de 7. a 14. Dezember. De Spillplang am nächste Joer hänkt vun der Platzéierung of. Allerdéngs gëtt schonns dëse Freideg gespillt. Déi zweet Ekipp vu Beefort spillt géint “Tornado Women” am Kader vun der “Luxembourg Hockey League”. De Spillplang vun de sämtlechen Ekippe vun de “Beaufort Knights” steet iwwregens hei am Agenda vum Site an och an der Beeforter App, déi et och erméiglecht, de jeeweilege Mätsch a säi perséinleche Kalenner um Smartphone ze integréieren.

“Keen Apel fir d’Eva”

“Keen Apel fir d’Eva”

No den Opféierungen den 18., 19. a 26. Oktober wor gëschter den Ofschloss vun der Laachsaison vun den Theaterfrënn Beefort. Wärend véier Owender hu si “Keen Apel fir d’Eva” gespillt, ee Stéck an dräi Akte vum Andreas Wening a vum Roby Zenner op lëtzebuergesch verfaasst. D’Acteure Patrick Goetzinger, Marie-Ange Neves, Klodin Gremling, Dario Ballanti a Jen Kießling hu méi wéi eng Kéier d’Laachmuskele vun den Zuschauer strapazéiert. No den Optrëtter konnt ee sech nach mat den Theaterspiller beim Patt poteren a verschidde Szenen nach eng Kéier Revue passéieren.

Den nächsten Termin steet an der Tëschenzaït och fest. D’Theaterfrënn Beefort invitéieren op “D’Comedy Show” mam Yves Desquiotz a Guy Lepage den 8. Mäerz 2025 an de Kummelsbau.

De “Grand Prix de la Montagne” zu Beefort fir de Louis Vervaeke

De “Grand Prix de la Montagne” zu Beefort fir de Louis Vervaeke

Louis Vervaeke mat der Nummer 83 aus der Belsch, Johannes Kulset aus Norwegen a Silvain Dillier aus der Schwäiz sinn déi dräi éischt Cyclisten, déi haut bei der drëtter Etapp vum “Tour du Luxembourg” duerch Beefort gefuer sinn. D’Kinneksetapp hat hiren Depart zu Rouspert an no 201,3 Kilometere war d’Arrivée zu Dikrech.

Um 13.48 Auer an no 61,2 Kilometer sinn de Louis Vervaeke an de Johannes Kulset iwwert d’Linn gefuer, déi de “Grand Prix de la Montagne” zu Beefort markéiert. Si hate ronn véier Minutten a 50 Sekonne Virsprong op de Peloton, dee vum Silvain Dillier ugefouert gouf.

Besonnesch fir d’Schoulkanner war et eng besonnesch Freed net nëmmen d’Veloscourse ze gesinn, mee och déi ganz Karawanne virun an no de Cyclisten. D’Police op de Motorrieder, Offizieller, Invitéeën an den Autoen, Press, Verantwortlech vun den Ekippe mat hire Mechaniker, Ambulancieren, Sécherheetsleit, asw hu méi wéi eng Kéier de Kanner zeréckgewonk an hinne sou eng besonnesch Freed gemeet.

D’Etapp huet de Belsch Mauri Vansevenant gewonn, deen an der nämmlechter Ekipp ewéi de Louis Vervaeke fiert (Soudal Quick-Step) an d’Nummer 82 huet. De Louis Vervaeke koum mat iwwer aacht Minutte Retard op déi 52. Plaz vun dëser Etapp.    

E puer Andréck vum Passage zu Beefort:

Tournoi fir de 50. Anniversaire

Tournoi fir de 50. Anniversaire

Am Kader vun de Festivitéite vum 50. Anniversaire vum Beeforter Keeleclub hu si de leschte Weekend een Tournoi organiséiert. Leider gëtt et hei zu Beefort keng den Norme gerecht Keelebunn an dowéinst gouf den Tournoi zu Miedernach ofgehalen.

D’Finall gouf de leschte Samschdeg am spéiden Nomëtteg gespillt an hei konnt sech de Keeleclub “Django” vu Béiwen un der Atert virun Iechternach duerchsetzen. Op de weidere Plaze koume Gousseldeng, Miedernach, Mënsbech a Kiemen.

Nodeems déi lescht Klatz geheit gouf huet et net laang gedauert bis d’Coupen un déi verschidden Ekippe vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an dem President Jean Schilling iwwerreecht goufen a si vun den anere Keeleclibb déi beschte Gléckwënsch entgéintgeholl hunn.

Ofschléissend bleift nach ze erwänen, datt de Beeforter neiTrikote gesponsert krut.

Äddi no 42 Joer

Äddi no 42 Joer

No 42 Joer koum fir den Dario Ballanti d’Zäit fir sengem beruffleche Wee de Schlusspunkt ze setzen. Nodeems den Dario ee gutt Véierelsjoerhonnert an der Restauratioun täteg war huet hien am Joer 2007 de Wee op Beefort fonnt an dat mat der Ouverture vum “Ristoranti Ballanti” am internationale Reitzentrum. Wärend zéng Joer goufen hei bei sëllege Geleeënheeten ewéi zum Beispill Concerten, Themenowender a weidere Fester vill flott Stonne verbruecht.


Aus dem “De Beeforter Nummer 40”  

 

Nach laang virdrun éier de leschte Client am “Ristorante Ballanti” zerwéiert gouf huet den Dario de Bistro op der Äispist iwwerholl. Vum 27. Oktober 2015 bis de 14. September 2024 sinn am “De Puck by Ballanti” op mannst grad esou vill flotte Stonne verbruecht ginn an dat net nëmme bei der drëtter Hallschent oder dem véierten Drëttel.

Néng Joer nom “Time to Say Goodbye” am “Ristoranti Ballanti” koum et zu enger zweeter Oplo de leschte Samschdeg op der Äispist. Dës Kéier mat engem “The Last Drink”. Trei Clienten, Kolleegen a Frënn goufen op de leschte Patt invitéiert fir zesumme schéin Erënnerungen auszetauschen. Beim sougenannten offiziellen Deel huet den Dario Ballanti op senger humorvoller Aart a  Weis ee klenge Réckbléck mat verschidden Anekdoten op déi lescht 42 a besonnesch déi lescht 17 Joer hei zu Beefort gemeet. Dobäi goufe verschidde Leit ervirgehuewen a Merci gesot, déi him an all deene Joren zur Säit stoungen an hien ënnerstëtzt hunn. Am Numm vun der Gemeng huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch him Merci gesot fir dat, wat hien zu Beefort geleescht huet an ee klenge Kaddo iwwerreecht.

Uschléissend huet d’”The Last Night Party” ugefaange mat gratis Concerten: den italieeneschen Tenor-Sänger Domenico Menini a Begleedung vum Maestro Denis Biancucci, mat de “Blues Gangsters” (Fred Baretto, Dan Fastro a Carlo Bigantin) an den “DJ Backy”. Eng Afterparty gouf et zum Schluss am “Flying Dutchman” mam “Dr Gonzo”.

Zum Ofschloss nach d’Informatioun, datt an nächster Zukunft de Bistro op der Äispist vum Biggy wäert geleet ginn an den neien Numm steet och fest: “Rock de Puck beim Biggy”.

Passage vun de “Luxembourg Classic” zu Beefort

Passage vun de “Luxembourg Classic” zu Beefort

Beefort gehéiert zanter der éischter Editioun vun der Oldtimerrallye “Luxembourg Classic” zum feste Bestanddeel vum Parcours, deen iwwer zwee Deeg geet. Déi éischt Rallye “Luxembourg Classic” gouf 2021 am Kader vum 75. Anniversaire vum Verlag “Motor Presse Stuttgart” an hirer Zäitschrëft “auto motor sport” organiséiert. Den immensen Erfolleg vun der éischter Editioun, bei där ënner anerem de véierfache Monte-Carlo-Gewënner an zweefache Weltmeeschter Walter Röhrl a säi laangjärege Bäifuerer Christian Geistdörfer matgefuer sinn, hunn dozou gefouert, datt dëst Rallye net méi aus dem Kalenner ewechzedenken ass.

Beim Passage de leschte Samschdegmoie gouf et fir déi Leit, déi zanter der éischter Editioun matfueren, eng kleng Première. No der Durchfahrtskontrolle ënnen um Parking, wou ee Stempel an d’Bordkaart agedroe gouf, si se laanscht d’Buerg eropgefuer a konnten déi zanter e puer Woche fäerdeg restauréiert Buergmauer bewonneren. D’Buerg an déi nei Steng an der Mauer hunn an der Sonn wuertwiertlech geliicht a fir déi sëlleg Fotografe war guer net sou einfach d’Autoen am Schied mam hellen Hannergronn ze fotograféieren.

Am Ganze waren 98 Autoen um Depart an zougelooss waren historesch wäertvoll Modeller bis d’Baujoer 2003. Replikater an Autoe mat net zäitgenëssesche Modifikatioune goufen net berücksichtegt.

Muppeschwammen an der Schwämm

Muppeschwammen an der Schwämm

Mëttlerweil ass et ee feste Bestanddeel am Manifestatiounskalenner vun der Beeforter Schwämm: Muppeschwammen um leschten Dag vun der Saison a gëschter war et rëm souwäit.

Agefouert gouf d’Muppeschwammen am Joer 2020 an et war eng Première hei zu Lëtzebuerg. An der Tëschenzäit hu vill Schwämmen dës Manifestatioun iwwerholl an et weess een net, wie méi Spaass an der Schwämm huet: d’Hënn oder hir Besëtzer. An dräi Schichte vu jee zwouanenghallef Stonne gouf sech ameséiert, vill geschwommen an nach méi gesprongen. An de Pausen tëschen de Schichte goufen d’Filtere gebotzt an d’Schwämm war fir déi nächst Gäscht prett.

E puer Andréck vun der leschter Schicht an am Ganze goufen 348 Hënn a 558 Leit aus dem ganze Land an iwwert d’Grenzen eraus gezielt.

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

Touristen a Beeforter feieren zesummen an zwar beim “Tipi Fest” am “Tipi Duerf” vum “Camping Park”. Am Géigesaz zum leschten Joer wou et riicht era gereent huet konnt ee gëschter bei guddem Wieder e puer flott gemittlech Stonnen an enger besonnescher Atmosphär wéi am wëlle Weste verbréngen. D’Mataarbechter vum Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme hu fir d’Iessen an Drénke gesuergt wärend d’Country-Band “Roadrunners” déi passend Musek gespillt huet. Och d’Kanner konnte sech beim “Tipi Fest” ameséieren a si ware ganz begeeschtert vum “Face Painting”.

Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Amplaz vum erkrankte President Carlo Welter huet de Benny Welter d’Generalversammlung vum Beeforter Äishockeyclub “Beaufort Knights” opgemeet. Bannen e puer Joer ass de Veräin immens gewuess an alleguer musse sech un dës nei Situatioun an alle Beräicher ugewinnen. An deem Sënn ee Merci u jidderengem, dee sech fir de Veräin agesat huet.

Effektiv ass d’Gesamtzuel vun de Memberen an de leschten zwee Joer vun 131 op 187 gestigen a besonnesch bemierkbar ass d’Zuel vun de Kanner zur gläichen Zäit: vun 61 op 97.De jéngste Spiller huet dräinanhallef Joer an den eelste Spiller 71 Joer. Zéng Kanner hu manner ewéi sechs Joer, een Alter, an dem “Huskies” Kanner eréischt unhuelen.

Déi fräi Stonne vum Icekarting koumen den Trainingsstonnen ze gutt an esou koum een op bal 25 Stonne pro Woch. Am Ganzen hunn déi verschidden Ekippen déi lescht Saison 117 Mätscher gespillt. Déi Saison virdru goufen insgesamt 68 Mätscher gespillt. Duerch een Accord mat den “Huskies” konnten d’Spiller vun den “Knights” fir d’éischte Kéier eng méi laang Saison hunn an dat mat zweemol d’Woch Training pro Alterskategorie vun Ufank Abrëll bis Enn Juli. Dësen Accord gëtt fir d’Méint September an Oktober erneiert. Een Deal mat “Sportway” erméiglecht den Accès fir all Mätsch ze kucken a Videoanalysen ze maachen, dorënner och ee spezifeschen Accès fir all U14-Spiller. Ugebuede gouf eng “Goalie Academy” mat spezifeschen Training fir Goalies dem jeeweilegen Alter ugepasst.

De sportlechen Deel war fir d’éischt Ekipp op méi Hisiichten enttäuschend, souwuel an der belscher a lëtzebuerger Liga. D’Hironn an der belscher Liga gouf op der siwenter Plaz an an der Réckronn an der Divisioun 1b op der véierter Plaz ofgeschloss, wou een an der Halleffinall eraus war. An der lëtzebuerger Liga gouf et nëmme Bronze.

Zefridden ass ee mat der zweeter an drëtter Ekipp an och den Nowuessekippen a Meedercher. Déi zweet Ekipp huet am Penaltyschéisse knapp Gold an der zweeter Divisioun verpasst an déi drëtt Ekipp huet an hirer éischter Saison iwwerraschend et bis an d’Halleffinall gepackt. D’U14 huet sech an der belscher Liga mat zwielef Ekippen op déi aacht Plaz plazéiert. Ofschléissend bleift nach ze erwänen, datt sechs Spiller an der Nationalekipp vun de Senioren an zwee Spiller an der Jugendnationalekipp spillen.

Ausserhalb de sportlechen Aktivitéiten huet sech den Äishockeyveräin un der Randonnée Charly Gaul als Streckeposten, um “Kids Day” zu Miersch, beim Europadag zu Beefort a beim Wikingerschach-Tournéier mat dräi Ekippe bedeelegt.

D’Geschäftsjoer huet zwar mat engem Defizit ofgeschloss an trotzdeem wëll ee bewosst d’Cotisatioun déif hale, datt de Sport fir all Kand zougänglech bleift. D’Recette vun der éischter Ekipp déngen dozou, d’Jugendaarbecht gréisstendeels ze finanzéieren. Trainerkäschte wäerten déi nächst Saison massiv an d’Luucht goen. Gerechent gëtt mat ronn 100.000 Euro Ausgaben, opgedeelt op zwee Vollzäit- an ee bis zwee Deelzäit-Traineren. Dat si ronn 70.000 Euro Méikäschten, déi een duerch verschidde Moossname wëll opfänken.

D’Ekippenopstellung fir 2024/2025 setzt sech zesummen aus der éischter Ekipp mat 25 bis 30 Spiller, zweet Ekipp 20 bis 25, drëtt Ekipp 25 bis 30, Oldies 15 bis 20, U18 an U16 (nei) 10 bis 15, U14 30 bis 35, U12 25 bis 30, LTS (learn to skate) an U8 an U10 35 bis 45, Meedercher (nei) 20 bis 25 a Goalies 10 bis 15. Dat mécht een Total vun 185 bis 220 Spiller. Verschidde Kanner spillen an zwou Kategorien a Meedercher sinn aus alle Kategorien an dat erkläert, datt d’Gruppenzuele méi héich si wéi den Total. Gerechent gëtt mat 140 Mätscher, wouvunner der 61 doheem an 79 auswäerts sinn.

De Fokus läit op der Jugend an dowéinst wëll ee fir déi nächst Saison e Minimum vun dräi professionellen Traineren astellen, dovun een Haapttrainer fir Junioren, deen d’Leedung vun engem professionelle Programm wäitsiichteg fir d’Kanner mécht. All Kannerekipp soll een dediéierten a qualifizéierten Trainer hu fir Training a Mätscher. All Training soll vun dräi bis véier Trainer encadréiert ginn.

Laangfristeg wëllen d’Beeforter Ritter ënner anerem vill Kanner vu Beefort an aus der Regioun an den Hockey kréien, eng “Knights Hockey Academy” grënnen an d’Haaptquell fir den Nationalkader bilden. Dëst Zil gëllt mëttelfristeg (dräi bis véier Joer) och beim Dammenhockey, wou beim gemeinsamen Training mat der Stad déi Beeforter Meedercher am stäerkste vertruede waren. D’“Knight Girls” sollen dem belsche Verband ugeschloss ginn an eng éischt Meederchersekipp am Championnat fir d’Weiderbildung umellen. Wichteg ass et och, datt d’Kanner déi richteg Valeuren am Hockey léieren an dowéinst wëll een de “Charta Programm” ausbauen.

D’Ziler vun der éischter Ekipp fir déi nächst Saison si kloer an zwar an der belscher Liga ëm déi éischt Plaz a fir d’belsch Coupe ze spille wärend een an der lëtzebuerger Liga mam “Tornado” mathale wëll. Bei der zweeter an drëtter Ekipp ass et ganz kloer den Titel an der zweeter Divisioun vun der lëtzebuerger Liga.

Wéi schonns uganks erwäänt ass de Veräin an de leschte Jore séier gewuess an duerch eng méi grouss Struktur soll de Veräin méi staark ginn. Dat geschitt duerch aacht verschidde Gremien, déi sech mam Comité zesummesetze fir iwwer Entscheedungen, Programmer a Problemer ze schwätzen. Uschléissend debattéiert de Comité fir déi gréisser Entscheedungen ze treffen.

Ofschléissend goufe verschidde laangfristeg Ziler a Visioune virgestallt, d’Resultater vun enger Ëmfro analyséiert a Faziter doraus gezunn. No de Wale setzt sech de Comité vun de “Beaufort Knights” zesummen aus dem President Carlo Welter, Sekretär Yves Barthels, Trésorier Eric Wambach an de Membere Benny Welter, Thierry Hild, Patrick Marmann, Krishan Schimberg, Lionel Ronk a Claude Mossong.

Zwee Presidenten zéie sech zréck

Zwee Presidenten zéie sech zréck

An der gemeinsamer Generalversammlung vun de Judoveräiner Beefort an Iechternach ass d’Nouvelle, datt sech zwee Presidenten aus dem Comité zréckzéien: den aktuelle President vun Iechternach Claude Siebenbour an de fréiere Beeforter President Camille Hoffmann. De Camille Hoffmann war ronn 18 Joer President vum Beeforter Judo-Club wärend de Claude Siebenbour iwwer zéng Joer d’Geschécker vum Iechternacher Veräin geleet huet an och am Comité vum Beeforter Veräin aktiv war.

Aus dem Rapport vun Iechternach geet ervir, datt am Mee 2023 d’Virbereedunge vum Training an der provisorescher Turnhal ugefaangen hunn. Si kruten nei Material, 90 Matten, zwee Matteween a Schief, fir déi aner Artikele geséchert ze lageren. Trainingsufank war dunn am September. D’Zuel vun de Membere si wärend der Saison lues an d’Luucht gaangen an et hu sech 35 Memberen nei ageschriwwen. De Veräin zielt aktuell 70 Memberen.

De Veräin war op de verschidden Terminer an Uläss vun der Gemeng präsent an zu de sportlechen Aktivitéiten zielt ënner anerem d’Bedeelegung un der “Nuit des Sports an am Judotraining goufen déi éischt Gürtelprüfungen mat Erfolleg ofgeschloss.

Och de Beeforter Veräin huet sech un de sëllechen Aktivitéiten an der Gemeng bedeelegt. Dobäi kommen nach Stagen an Aktiounen zu Beefort an an anere Veräiner am In- an Ausland, Vakanzenaktivitéiten, Talent Days an Deelhuelen u ganz villen Tournoien a Stagen am In- an Ausland. 16 Leit waren als Guide bei der Dikrecher Kavalkade dobäi a bedeelegt huet ee sech un de Schoulsportdeeg zu Beefort an an der Regioun. All Freideg kënnt een am “Coffee corner” zesummen a verbessert gouf d’intern an extern Kommunikatioun. Des Weideren huet de Veräin neien Trainingsoutfit an neie Logo op de Kimonoen.

Bei der Sportleréierung si follgend Ekippen a Sportler zu Éiere komm: National Ekippemeeschterschaft den 20. Abrëll vu Beefort-Iechternach: Champion U13 Jongen; Champion U13 Meedercher; Vizechampion U13 Jongen (zweet Ekipp); 3. Plaz Senioren Hären; 3. Plaz U15 Meedercher; 50 Plaz U15 Jongen.

National Meeschterschaften am Eenzel den 9. Mäerz: Championen: Aleodor Matei, Mohamed Chafei, Mats Urbing, Volodymyr Medvediev, Omar Lecovic, Giovanna Brandao, Béatriz Sousa Fernandes, Leticia Bessa Nascimento, Matilde Ferreira Veloso, Damjan Dulovic; Vizechampion: Lou Lenert, Sergii Markov, Damjan Dulovic, Kira Chepik, Samir Mosbahi, Sonia Morar; 3. Plazen: Neo Hauer, Tun Bangnowski, Ayleen Post, Dean Huitsing, Jason Post.

Ofschloss gouf d’Generalversammlung mat engem Familljefest an et bleift nach ze erwänen, datt de Beeforter Judoclub am September/Oktober 2025 säi 50. Gebuertsdag feiert.

D’Mauer wäert deemnächst fäerdeg sinn

D’Mauer wäert deemnächst fäerdeg sinn

Am Laf vun der Generalversammlung vun de “Les Amis des Châteaux de Beaufort” gouf et interessant Neiegkeeten ze héieren. Sou zum Beispill sinn d’Aarbechten un der Mauer, déi virun dräi Joer gefall ass, praktesch ofgeschloss an d’Stee kënnt am September fort. Bei de Restauratiounsaarbechte goufen ënnert der Mauer dräi Quellen an ee Kanal fonnt.

Vu baussen dem Schlass si se net ze gesi mee zur Zäit gëtt och um Daach vum Renaissance-Schlass geschafft. D’Aarbechte komme gutt virun a si ginn an dräi Etappen opgedeelt. Un der Mauer vum Schlassgaart gëtt ebenfalls geschafft, grad esou ewéi ënner anerem un der Erneierung vun den techneschen Installatiounen an Heizung. Op ronn fënnef Millioune belafe sech d’Investitioune bis 2026. Weider Projeten an Erneierung stinn um Plang vun den nächste Joren. 

Bedéngt duerch d’Aarbechten am Haff sinn dëst an d’nächst Joer keng Aktivitéite méiglech. Aus Sécherheetsgrënn konnt een héchstens 377 Leit eraloossen an et wäert ee Sécherheetskonzept erstellen, datt an Zukunft rëm gréisser Manifestatioune wäerte méiglech sinn.

Ee Meilestee war d’aussergewéinlech Generalversammlung den 10. November 2023. Eestëmmeg goufen nei Statuten ugeholl, déi zanter dem 1. Mäerz dëst Joer a Kraaft sinn. Op der enger Säit sinn d’Beeforter Schlassfrënn um leschten an aktuellste Stand vum Gesetz vum 7. August 2023 iwwert d’Asblen a Fondatiounen an op der anerer Säit brénge se de Veräin op een neie Wee. Sou steet zum Beispill am Artikel 4: “L’association a pour objet l’organisation des activités et des manifestations culturelles en collaboration avec le Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg”. De “Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg” (CML) wäert déi deeglech Gestioun vum Beeforter Site iwwerhuelen an dem Beeforter Site gehéieren nach d’Fielser Buerg an de “Ricciacum” zu Duelem zum CML.

Trotz den Aarbechten un der Mauer goufen d’lescht Joer 42.623 Visiteure gezielt a wärend der Saison goufe vill kleng an e puer gréisser Manifestatiounen organiséiert. Dozou zielen ënner anerem zwee Jazz-Concerte mam Duo Claire Parsons an Eran Har Even an uschléissend de Reis Demuth Wiltgen Trio. Ebenfalls ee Succès waren d’Optrëtter vun “Ziza” an “Delphine”. Zudeem hu sech d’Beeforter Schlässer un de “Journées Européennes du Patrimoine” bedeelegt an et gouf ee Kongress zum Thema Klimawandel organiséiert. Den Héichpunkt war am Dezember de Besuch vum neie Kulturminister Eric Thill.

Sportlech Erausfuerderunge fir déi Zwee- a Véierbeeneg

Sportlech Erausfuerderunge fir déi Zwee- a Véierbeeneg

Een ustrengende Weekend huet de Beeforter Veräin “4 Running Paws” hannert sech. Traditionell organiséiere si de Weekend virum Nationalfeierdag hire Summerturnéier am Agility, deen op der Wiss niewent der Äispist stattfënnt.

Souwuel e Samschdeg an och e Sonndeg hunn d’Competitioune moies um 9 Auer ugefaangen. Staark Loft e Samschdeg a liichte Reen e Sonndeg waren net nëmme fir d’Organisateuren eng Erausfuerderung fir de Parcours ze meeschteren.

Ee fotografesche Réckbléck op de Concours vun e Samschdegmëtteg:

Konveniat vun der Beeforter Jugend

Konveniat vun der Beeforter Jugend

Déi fréier Membere vum Beeforter Club des Jeunes hunn de leschte Samschdeg am “Puck” hir Erënnerunge vu fréier bei engem Konveniat opgefrëscht. Viru bal engem Véirelsjorhonnert, ëm d’Joer 2000, ware si ënner anerem zesummen um Tour an hu vill Saache gemeinsam ënnerholl. Selbstverständlech gehéieren dobäi och Fester, Gebuertsdeeg an Ausflich. Op engem groussen Écran goufe Fotoe vun deemools projezéiert an no an no koume verschidden interessant a lëschteg Anekdoten an op d’Tapéit. Organiséiert gouf de Konveniat vum Milli Weber, Tania Reiter, Philippe Lux, Guy Tholl an Tom Nehrenhausen.

“Revolutioun zu Beefort: De Kinnek ass gefall”

“Revolutioun zu Beefort: De Kinnek ass gefall”

24 Ekippe mat jeeweils tëschen zwee a sechs Leit haten de leschte Samschdeg ee grousst Ziel: De Kinnek ze “stierzen”. Allerdéngs war dat net am politeschen oder gesellschaftleche Sënn gemengt mee beim Wikingerschach, oder och “Kubb” genannt.

Nom grousse Succès bei der éischter Editioun, déi am Kader vum 25. Gebuertsdag vun den Theaterfrënn Beefort stattfonnt huet, stoung enger zweeter Editioun näischt am Wee. Zum Schluss vum Tournoi ass et ganz spannend ginn. Net zwou mee direkt dräi Ekippe stoungen an der Finall, respektiv Finalronn a si hu sech déi dräi éischt Plazen ënnert sech ausgemeet an och d’Primmen: 300 Euro, 180 Euro an 120 Euro.

No spannenden Dueller, bei deenen de Spaass net ze kuerz komm ass, ass déi éischt Plaz un d’Ekipp “7” gaangen an dat virun der Beeforter Ekipp “Planlos” mam Bruno Grilo, Christian Kröger a Steve Rippinger. Op drëtt Plaz koum “Eppelduerfer 2”.

De ganzen Dag war fir Animatioun gesuergt. D’Kanner konnten um Sprangschlass turnen oder zesumme mat den Erwuessener een Tour mat enger E-Trottinette maachen.

Vill fläisseg Hänn am Asaz

Vill fläisseg Hänn am Asaz

Méintelaang Virbereedunge goufe bannen e puer Stonne bal mam Waasser ewech geschwommen an den traditionelle Rendez-vous wier méi oder manner an d’Waasser gefall. Rieds geet ëm déi international IVV-Päischtwanderungen, déi dëst Joer fir déi 38. Kéier vun de Wanderfrënn Befort organiséiert goufen.

E Freideg ass jo bekanntlech immens vill Waasser erofkomm, datt verschidde Géigenden hei am Land ënner Waasser stoungen. Glécklecherweis awer net sou schlëmm ewéi am noe Grenzgebitt. Dës Ëmstänn hu vill Wanderer dovun ofgehale samschdes un den Départ zu Beefort ze goen. Trotzdeem hunn am Ganzen 188 Wanderer de Wee bis op Beefort fonnt an dovu koume sechs Wanderer aus Däitschland, dräi aus der Belsch an et waren aacht Kanner dobäi. 188 Wanderer si bësse méi ewéi d’Hallschent vun 2023, wa samschdes 357 Leit un den Départ gaange sinn. Déi 188 Leit haten allerdéngs bei der Arrivée eng Aventure hannert sech. Plazeweis si si duerch d’Waasser gaangen, dat hinne bis zu der Hëft stoung.  

Op Päischte koum et zu engem Schreckmoment. Ee klengen Äerdrutsch huet de Wanderwee komplett blockéiert an et war net méiglech hei ze passéieren. Telefonsleitunge si gliddeg gi fir d’Fräimaache vum Wee ze organiséieren a koordinéieren. Dat huet schliisslech geklappt an de Wee fir e Méindeg war wuertwiertlech fräi.

Am Ganzen hunn 938 Wanderer den Départ am Kummelsbau geholl an dovu koumen der 25 aus Däitschland, 24 aus der Belsch a 57 aus Frankräich. Dorënner ware 64 Kanner an net ze vergiessen eng sëllech véierbeeneg Frënn. Méindes war d’Wieder däitlech besser, allerdéngs huet d’Loftfiichtegkeet bei méi wéi engem Wanderer fir Schweessausbréch gesuergt. Eng gutt Stäerkung bei der Arrivée huet dofir gesuergt, datt déi grouss Ustrengunge vergiess goufen. Verschidde Leit, déi déi zwee Deeg getrëppelt sinn, war et interessant nozelauschtere wa se den anere Leit hir Aventure vun e Samschdeg erzielt hunn.

Den Départ an d’Arrivée ware wéi gewinnt am Kummelsbau an d’Wanderer haten dëst Joer dräi Strecken zur Auswiel: fënnef, eelef an 20 Kilometer. Nei war dës Kéier, datt op den Distanzen eelef an 20 Kilometer verschidde Strecke gouf. Doduercher war et méi attraktiv fir souwuel samschdes a méindes op Beefort ze kommen. Op véier Plaze gouf eng Kontrollstatioun opgebaut, wou een nieft dem Stempel och nach eng Stäerkung konnt huelen.

Éischte Gebuertsdag vun den “As Cinquentinhas”

Éischte Gebuertsdag vun den “As Cinquentinhas”

Ee vun den jéngste Beeforter Veräiner huet de leschte Weekend säin éischte Gebuertsdag gefeiert: “As Cinquentinhas”. Am Mëttelpunkt sti bei hinne Motorrieder oder éischter gesot Motocycletten an dat haaptsächlech “50 Kubik”.

Wärend zwee Deeg, Samschdeg a Sonndeg, war d’”Place des Nations” mat ville “50 Kubik” ëmzéngelt an déi meescht Motocyclette koumen aus Portugal. Net nëmme vun do mee aus anere Länner ewéi zum Beispill aus eisen Nopeschlänner an och aus der Schwäiz. Seguer ee Participant aus Hamburg huet de Wee bis op Beefort fonnt.

Een Defilee vu Motorrieder a Motocyclette stoung sonndesmoies um Programm a grad esou ewéi een Tour an der Regioun vu 50 Kilometer. Am spéiden Nomëtteg goufe verschidde Präisser iwwerreecht ewéi zum Beispill den eelste Modell, déi gréissten Distanz asw.

De Beeforter Schäffen- a Gemengerot war mam Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, Schäffe Bruno Grilo an der Gemengeconseillère Andreza Sanguessuga vertrueden. Si krute vum Buergermeeschter aus der portugisescher Stad Freguesia de Celeirós, déi am Norde läit, ee klenge Cadeau iwwerreecht.

Nieft de “50 Kubik” gouf fir Animatioun a Musek gesuergt. Ofgeschloss gouf d’Motorradsstreffe mat enger Tombola bei där den éischte Präis eng “Cinquentinha” war.

Een Doheem fir d’”Victory Riders”

Een Doheem fir d’”Victory Riders”

“Victory Riders Lx” hunn de leschte Weekend d’Ouverture vun hirem “Clubhouse” gefeiert. De Freideg war fir d’Motorradsclibb aus Lëtzebuerg reservéiert an e Samschdeg waren d’Duerfleit invitéiert.

Dat neit “Clubhouse” befënnt sech op Nummer 6 un der Montée du Château, dat allgemeng als Hierdenhaus bekannt ass. Tëschen 1881 bis 1981 war iwweregens hei den éischte Pompjeesbau vun de Beeforter Pompjeeën. D’Gemeng Beefort ass weiderhi Proprietaire vum Gebai a stellt de “Victory Riders” dës Raimlechkeeten zur Verfügung. Viru véier Joer hunn d’Membere vum Veräin an Eegeregie a mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng ugefaangen d’Gebai nei ze amenagéieren. Wéinst der Pandemie hu sech dës Aarbechten an d’Längt gezunn.

Eng Rei Beeforter Awunner an Nopere si bis laanscht komm fir déi nei Raimlechkeeten ze bewonnere wou um Rez-de-chaussée ënner anerem ee Comptoir ageriicht gouf. Am Versammlungsraum um éischte Stack kënnt de Comité zesummen a plangt d’Aktivitéite vum Veräin ewéi zum Beispill den “Hard Ball”, deen dëst Joer de Weekend vum 2. an 3. August stattfënnt.

D’”Clubhouse” ass iwweregens all éischte Freideg am Mount fir jiddereen op.

Neierunge beim Beeforter Blummemaart

Neierunge beim Beeforter Blummemaart

Eng nei Plaz an eng nei Auerzäit fir de Beeforter Blummemaart. Sou kann een d’Editioun 2024 vun de Beeforter Duerffrënn an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der Gäertnerei Fleurs Binsfeld vun Ierpeldeng un der Sauer zesummefaassen.

Wéinst dem Schantje ronderëm d’Schmattshaus (Dussier) war et net méiglech op dëser Plaz de Blummemaart ze organiséieren. Dowéinst gouf de Gemengenatelier ausgewielt an deen hat nach ee weidere Virdeel: Parkplazen. Vill Leit si mam Auto bei de Gemengenatelier komm a konnten ouni de Verkéier ze blockéieren hir Blummen an Äerd gläich mathuelen. Oder ee bësse méi spéit no engem vun den Duerffrënn offréiertem Patt.

Des Weidere war et guer net sou einfach ee Partner fir de Verkaf vun enger grousser Auswiel vu Blummen ze fannen. Aneschtes wéi bei engem Dépositaire zum Beispill war bis op d’Gäertnerei Binsfeld kee Liwwerant bereet net verkaafte Blummen zréckzehuelen. Allerdéngs huet dat missten den Dag drop moies sinn an dat war d’Ursaach firwat de Blummemaart Freidesowes stattfonnt huet. Am anere Fall wier de Blummemaart ewéi d’lescht Joer aus genau dem Gronn ofgesot.

D’Beeforter Duerffrënn hate mam Blummentaxi nach ee spezielle Service ugebueden. Op Wonsch huet de Blummentaxi d’Leit op d’Plaz bruecht an duerno si mat de Blumme rëm Heem gefouert.

Reittournéier am internationale Reitzentrum

Reittournéier am internationale Reitzentrum

De Beeforter “Club Hippique” huet déi lescht zwee Weekender Reittournéier am internationale Reitzentrum organiséiert. De Weekend vum 13. a 14. Abrëll stoung d’Dressur am Mëttelpunkt an hei goufen et zéng Prüfungen. Den Héichpunkt war d’Wäertung vun der “Coupe de Luxembourg” an déi Coupe ass zu Beefort bliwwen. De Marco Ulrich huet als eenzege vu sechs lizenzéierte Reider déi zweet Wäertungsprüfung geridden a soumat huet hien automatesch den Titel geholl. De “Prix de la commune de Beaufort” (Dressurprüfung Kl. L**) gouf vum Tao Wagner mam “Gangster Bang” gewonn (9,5 Punkten) virum Ghislaine Frank mam “Wietze van der Ven” (8,7 Punkten) a Melissa Rischard mam “She’s so Lovely” (8,6 Punkten). D’Präisser goufe vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch iwwerreecht. Weider Resultater stinn ënnert dem folgende Link https://fn-erfolgsdaten.de/show/188913 an hei sinn e puer Andréck vun der Präisiwwerreechung mat Fotoe vum Marco Detail:

De leschte Weekend stoung dann iwwert déi zwee Deeg d’Sprangreiden um Programm. Och hei gouf et de “Prix de la commune de Beaufort” an der Stilspringprüfung Kl. L. Dëse Präis gouf samsdes vum Katja Bakx mam “Cheveyo” (8,4 Punkten an 71,83 Sekonnen) gewonne virum Muriel Pletschette mam “Du und Ich 2” (8,3 / 73,89), Wim Vissers mam “Chicky Micky Z” (8,1 / 80,68) a Paul Kimmlingen mam “Granit PK” (8,1 / 82,37). D’Präisser goufe vun der Schäffin Lynn Mossong iwwerreecht. Eng Fotosgalerie vum “Prix de la Commune de Beaufort”:

E Sonndeg war dann déi grouss Final bei der “Coupe de Luxembourg”. An engem Stiechen huet de Björn Rohrbach mam “Deep Spirit” virum Muriel Pletschette mam “Concorde de Bo 7” gewonnen. De Björn Rohrbach huet iwweregens och d’lescht Joer d’”Coupe de Luxembourg” am Sprangreiden zu Beefort gewonn. Hei ass de Link zu de sämtleche Resultater vum Weekend https://fn-erfolgsdaten.de/show/189043 an eng Billergalerie vu sonndes:

Grouss Botz

Grouss Botz

De “Syndicat d’initiative et du tourisme” an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beefort huet och dëst Joer nees eng Grouss Botz organiséiert, zu där all Veräiner an Awunner häerzlech invitéiert ware fir matzemaachen.

Déi traditionell Rendezvouse waren zu Beefort bei der Äispist an zu Déiljen bei der Kierch. No der zum Deel ustrengender Aarbecht gouf um Camping nieft der Äispist gegrillt.

Aus „Club Senior An der Loupescht“ wird „Club Aktiv Plus An der Loupescht“

Aus „Club Senior An der Loupescht“ wird „Club Aktiv Plus An der Loupescht“

Immer in Bewegung: Nach der Einführung des neuen Gesetzes über die Qualität von Dienstleistungen für Senioren hat der „Club Senior“ nun eine neue Identität. Sie freuen sich alle unter dem Namen „Club Aktiv Plus An der Loupescht“ begrüßen zu dürfen. Die Vision bleibt unverändert: Aktives Altern, lebenslanges Lernen und der Kampf gegen soziale Isolation stehen im Mittelpunkt. Der Begriff „AKTIV“ spiegelt sich im Engagement wider, ein dynamisches und bereicherndes Leben zu bieten, unabhängig vom Alter. So beinhaltet das Programm weiterhin Aktivitäten wie „Nordic Walking“, Krafttraining, Yoga und viele andere sportliche Aktivitäten. Wenn eher gesellige Aktivitäten bevorzugt werden, werden auch Kurse zur kognitiven Stimulation, zur Förderung des Technologiebewusstseins und Gesellschaftsspiele angeboten. Das „PLUS“ symbolisiert, was über die eigentliche Aktivität hinaus mitgenommen werden kann: neue soziale Bindungen, zusätzliche Kompetenzen, Geselligkeit und eine anregende persönliche Entwicklung.

Die vielfältigen Aktivitäten bieten jedem, egal welchen Alters, die Möglichkeit, sich zu engagieren und bereichernde Erfahrungen zu sammeln.  « Club Senior An der Loupescht » devient « Club Aktiv Plus An der Loupescht »

Toujours en évolution : suite à l’instauration de la nouvelle loi sur la qualité des services destinés aux aînés, le « Club Senior » arbore désormais une nouvelle identité. Il est ravi d’accueillir désormais sous le nom de « Club Aktiv Plus An der Loupescht ». La vision demeure la même, axée sur le vieillissement actif, l’apprentissage continu et la lutte contre l’isolement social. Le terme « AKTIV » reflète l’engagement à offrir une vie dynamique et enrichissante, quel que soit l’âge. Ainsi, le programme comprend toujours des activités telles que la marche nordique, la musculation, le yoga et bien d’autres activités sportives. Si la préférence sont des activités plus conviviales, le club propose également des cours de stimulation cognitive, de sensibilisation aux technologies et des jeux de société. Le « PLUS » symbolise ce qu’apporte en plus de l’activité elle-même : de nouveaux liens sociaux, des compétences supplémentaires, de la convivialité et un développement personnel stimulant. Les diverses activités offrent à chacun, peu importe son âge, l’opportunité de s’engager et de vivre des expériences enrichissantes.

Turnéier de 15. a 16. Juni um Terrain bei der Äispist

Turnéier de 15. a 16. Juni um Terrain bei der Äispist

Den Agility-Turnéier am Summer ass d’Aushängeschëld vum Agility-Club “4 Running Paws”. Dat geet aus dem Aktivitéitsbericht ervir, deen am Kader vun hirer Generalversammlung de leschte Freideg am Kummelsbau virgedroe gouf. Wärend zwee Deeg, de 24. a 25. Juni d’lescht Joer, konnten um Terrain bei der Äispist am Ganzen 251 Starter aus véier Länner mat 502 Starts an Agility a Jumping an de Klassen A1, A2 an A3 gezielt ginn. Dëst Joer ass den Turnéier de 15. a 16. Juni.

D’lescht Joer hu sech sechs Memberen an néng Hënn un de verschidden Turnéieren zu Lëtzebuerg, an Däitschland an an der Schwäiz deelgeholl. Des Weidere goufen et 50 Trainingsdeeg an der Agility-Hal zu Saarburg (D) an de Veräin huet un aacht veräinseegenen Turnéieren an der Agility-Hal gehollef. Zudeem gouf och a Material investéiert.

Wéi schonns erwäänt steet fir dëst Joer de 15. a 16. Juni den Agility-Turnéier mat de Riichteren Marleen Haeneefstingels aus der Belsch a Gilles Welfringer aus Lëtzebuerg um Programm. Geplangt sinn ausserdeem d’Participatioun un 19 Turnéieren zu Lëtzebuerg mat ënner anerem der Coupe an de Landesmeeschterschaften, an Däitschland an an der Schwäiz.

Bedéngt duerch d’Investitiounen a Geräter, engem elektronesche Chrono an engem Agility-Programm huet d’Keess mat engem Defizit ofgeschloss.

Déi gréisste Suerg mécht allerdéngs ee gëeegenten Terrain zu Beefort ze hunn. Zur Zäit gëtt an enger Hal zu Saarburg trainéiert, déi och nach de ganze Summer vun Abrëll bis September zou huet. Doduercher géif de Veräin keng nei Membere bäikréie well de Wee bis dohinner einfach ze wäit ass. Ufroen aus der Géigend wieren do. Wéi et ausgesäit géifen ënnert dëse Bedingungen de Club eng véier bis fënnef Membere verloossen an de Veräin géif ausschliisslech aus Comitésmembere bestoen. Et besteet de Risiko, datt de Veräin zu sengem zéngte Jubiläum d’nächst Joer misst ophalen an et hofft een op een oppent Ouer vun de Gemengeverantwortlechen.

De Comité setzt sech zesummen aus der Presidentin Monique Paulus, Vizepresidentin Sandra Quint, Sekretärin Marie-Josée Mertz-Blum, dem Caissier Guy Hilbert an dem Member Thorsten Quint. Keesserevisorinne sinn d’Sonja Wanderscheid a Corinne Schmit. Monique Paulus ass zudeem eng international Agility-Riichterin.

Réckbléck op den Agility-Turnéier vun 2023: https://beaufort.lu/sportleche-weekend-fir-dhenn-a-meeschteren

Nationale Jugendcamp 2025 zu Beefort

Nationale Jugendcamp 2025 zu Beefort

De Beeforter “Centre d’incendie et de secours” (CIS) an d’”Amicale Pompjeeën Beefort Asbl” hunn de leschte Samschdeg hir Aktivitéite vum leschte Joer an hirem Asazzenter virgestallt. Gläich am Ufank huet den Zenterchef Etienne Vrolijk d’Wichtegkeet vun de Formatiounen ënnerstrach. D’Asätz ginn ëmmer méi komplizéiert. Et ginn nei Geforen an och nei Methode ginn ugewannt. D’Pompjeeë vun haut sinn net déi nämmlecht ewéi virun 30 Joer.

Ganz gutt beluecht waren am leschte Joer d’Permanencen a fir 2025 steet eng grouss Erausfuerderung bevir: den nationale Jugendcamp zu Beefort um a ronderëm de Site vum Asazzenter.  

Déi organisatoresch Struktur vum “Centre d’incendie et de secours”: Etienne Vrolijk, Zenterchef; Corey Dupont, Zenterchef-Adjoint. Operationell Struktur: Etienne Vrolijk a Claude Bartz, Sektiounschef. Unitéiten am CIS: Etienne Vrolijk, Administratioun; Jérôme Vazzoler, Logistik an Technik; Corey Dupont, Formatioun; Lyn Stangé, Jugend. Den Total vun 38 Membere setzt sech zesummen aus 13 Memberen “Incendie/Sauvetage”, 17 Memberen “Secours à personnes”, sechs Veteranen an zwee Kandidaten. Bei de Präsenzen an den Unitéiten (65 am Total) huet den Zenterchef een Opruff gemeet fir sech ofzemelle wann een net disponibel wier.

Mat 88 Asätz goufen et der däitlech manner ewéi am Verglach mam Joer 2022 (113) a si setze sech zesummen aus 68 “Secours à personnes”, aacht “Incendie”, siwen “Accident de la voie publique”, véier “Technique” an eng “Assistance à personnes”. Eemol gouf een an d’Nopeschgemeng op Waldbëlleg geruff an de gréissten Asaz war den 10. Mee de Brand um Grondhaff. Déi meescht Asätz goufen am Dag notéiert.

Nieft den am Ganze 26 Übungen hunn d’Memberen un enger Rëtsch Formatiounen an de verschiddene Kategorien deelgeholl. Och hei gouf et een Opruff fir sou vill wéi méiglech Formatiounen ze maachen.

D’Sektioun vun de Jugendpompjeeë gëtt vum Lyn Stangé geleet mat der Ënnerstëtzung vum Johan De Carvalho, Jérôme Jade, Tom Meyers, Aimée Joachim, Corey Dupont an Etienne Vrolijk. Aacht Jongen an dräi Meedercher hunn u 15 Übungen, sechs Aktivitéiten, engem Mini-Camp a fënnef Versammlungen deelgeholl.

Nom Bilan vum “Centre de secours” goung et viru mat der Generalversammlung vun der “Amicale Pompjeeën Beefort” bei där de President Christian Kröger de Comité virgestallt huet: Stephane Gaspar, Vizepresident; Guy Tholl, Sekretär; Edin Marusic, Keessjee; Lyn Stangé, Jugendbeoptragte; Etienne Vrolijk, Vertrieder vum CIS a Gilles Sauber als Bäisëtzende. A sechs Comités- an enger Membersversammlung wärend dem Joer goufen d’Aktivitéite geplangt an organiséiert.

D’Joer huet mat der Restauratioun vum Unhänger fir d’Buergbrennen am Atelier vun der Gemeng a mat der Sammlung vu Chrëschtbeem ugefaangen. Deeglaang Viraarbechte waren néideg fir d’Buergbrennen de 26. Februar an dat huet sech dës Kéier esou richteg gelount. Beim Eldoradio-Gewënnspill “Schéinste Buerg am Land” koum d’Beeforter Buerg op déi éischte Plaz.

Grouss Botz, Deelhuelen un de Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag, Feierläscherkontroll mat Summerfest a Präsenz mat Spiller um Schoulfest waren d’Aktivitéite bis d’Summervakanz. Duerno goung et weider mat engem Moulenowend bei hire Kollegen zu Reisduerf, engem flotten Membersdag am Action- a Kartingzenter zu Grüfflingen (B) an engem Joresofschlossiessen.

Trotz engem Defizit sinn d’Finanze gesond an op Virschlag vun de Revisore Jean Bosch a Robert Reiff gouf vun der Versammlung Entlaaschtung ausgesprach. No 16 Joer hält de Jean Bosch als Keeserevisor op an déi Plaz wäert am Laf vum Joer intern ausgeschriwwe ginn.

De Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch huet dem Beeforter Asazzenter fir hir geleeschten Aarbecht Merci gesot an och der Amicale fir hire Beitrag zum aktiven Duerfliewen. Ofschléissend ass de Regionalpresident vum CGDIS Osten, Constant Schwartz, op d’Wichtegkeet vum “First Responder” agaangen an huet op déi kommend Terminer vun der Federatioun erënnert. Ee weidert Thema war d’Assurance fir Leit, déi an hirer Fräizäit am Asaz an der Regioun sinn ewéi zum Beispill Accident um Wee fir op eng Versammlung. D’Beeforter Jugendaarbecht gouf gelueft a fir si an och fir d’Amicale ass kee Su ze deier. Jidderee gëtt gebrauch, getrei nom Motto “Ee fir all, all fir een”.   

Zum Schluss vun der Generalversammlung kruten d’Membere mat de meeschte Präsenzen ee klenge Cadeau iwwerreecht.

Zéng Joer zesumme sangen

Zéng Joer zesumme sangen

D’Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler hu gëschter Owend hunn hir Aktivitéiten aus dem leschte Joer der Ëffentlechkeet presentéiert. Bedéngt duerch déi schlecht Wiederkonditiounen hu sech kuerzfristeg eng sëllech Memberen an Invitéeën ofgemellt. Besonnesch erfreet war d’Presidentin Danielle Baden-Lobitz iwwert d’Präsenz vun de Beeforter Gemengerotsmemberen a gläichzäiteg huet si déi Waldbëlleger Gemengerotsmemberen entschëllegt, déi deen Owend eng Sëtzung haten. No enger Gedenkminutt fir d’verstuerwe Memberen huet d’Eliane Donven-Seiwert de gemeinsamen Aktivitéitsbericht virgedroen, dee mat Fotoe vum Louis Boonen begleet war.

Ugefaangen huet d’Joer mat engem Neijoerschpatt a beim Buergbrennen zu Waldbëlleg huet “Sang mat” d’Leit aus der Gemeng mat engem Ständchen a frëschen Äppelbeigneten a Panecher verwinnt. Op Bretzelsonndeg kruten d’Damme vun den Hären eng Bretzel iwwerreecht. Op Ouschterméindeg hu sech d’Memberen am Restaurant “Casa da Sangria” getraff fir e puer gemittlech Stonne mateneen ze verbréngen a bei dëser Geleeënheet kruten d’Männer een Ouschteree vun den Dammen iwwerreecht.

Den 2. Mee hu si zesumme mat deenen anere Chorallen aus de Pare Miersch Saint-François a Mëllerdall Saint-Michel ënnert der Leedung vum Raymond Majerus  d’Oktavmass gesongen. Dat war eng Erausfuerderung an huet hinnen immens vill Freed gemaach. Den 13. Mee stoung den absolutten Highlight um Programm. Déi zwou Choralle haten nach eng Kéier d’Éier fir d’Oktavmass fir d’Paren aus der Regioun Iechternach ze sangen, dat zesumme mat deenen anere Chorallen aus der Regioun. De 25. Mee hu si sech op Aluedung vum Marc Junker, dem Dirigent vun der Iechternacher Chorale, an enger gemeinsamer Prouf zu Iechternach an der Basilika zesummefonnt als Virbereedung op d’Päischtandacht, déi si Päischtméindeg zesumme gesongen hunn.

Déi lescht Prouf virun der Summerpaus war eng aussergewéinlech Prouf. Si war ënnert dem fräiem Himmel beim Dirigent Claude Schmit am Gaart. No der Prouf huet hie si gutt verwinnt mat gudde Mäifel vum Grill an engem gudde Patt. Et war e ganz flotten an onvergiessleche Summerowend, wou vill gelaacht ginn ass an net nëmme gesongen. Direkt am Ufank vun der Summerpaus gouf een Dagesausfluch op Esch-Belval gemeet, wou eng ganz interessant Visite vun den Héichiewen, dem Uni-Site asw. um Programm stoung. Dat Ganzt gouf mat engem flotte Spadséiergang um Escher Gaalgebierg ofgeschloss an natierlech huet et och net u guddem Iessen an Drénke gefeelt.

De 15. August gouf d’Mass fir Léiffrawëschdag zu Waldbëlleg gesonge mat uschléissender Prozessioun duerch d’Duerf. Eng Traditioun déi onbedéngt bäibehal muss ginn.

De 26. November gouf de Cäciliendag gefeiert. Mat enger feierlecher Mass an der Kierch zu Beefort ass et lassgaangen an uschléissend hu si sech am Restaurant vun der Heringer Mille getraff fir den Dag mat engem gudde Maufel a Pättche gemittlech auskléngen ze loossen.

D’Beeforter Chorale huet sech um Beeforter Wantermaart mat engem Gedrénksstand bedeelegt. Et gouf e gudde waarme Grog mat Beeforter Cassis natierlech, eng Kippchen oder fir déi méi “Sérieux” e waarme Schocki vu “Fair Mëllech”. Dëst Joer war et ee grousse Succès. Och dëst Joer huet “Sang mat” Waldbëlleg/Haler, an enger drëtter Sessioun, d’Leit aus der Waldbëlleger Gemeng opgeruff un den Adventsfënsteren deelzehuelen. D’Interessenten haten d’Wiel tëschen enger aktiver oder enger passiver Adventsfënster. Bei enger aktiver Fënster konnten d’Leit net nëmmen déi schéi Fënsterdekoratioun bewonneren awer si sinn och nach op der Plaz mat engem klenge Maufel a Patt verwinnt ginn. Dëst Joer ware  15 aktiv an néng inaktiv Fënsteren dobäi.

Déi zwou Choralle waren ënner anerem bei de Sonndes- a Feierdeegmassen, bei de Gottesdéngschter, de Kommiounen, de Kiermesmassen, den Doudesmassen (14) an aner Geleeënheeten ewéi zum Beispill Hochzäit oder Gedenkfeieren am Asaz. Net ze vergiesse sinn déi sëllech Prouwen vun all Donneschdeg. D’Chorale Sainte Cécile Beefort besteet nach aus fënnef aktive Memberen an d’Chorale “Sang mat” Waldbëlleg/Haler aus 15 aktive Memberen.

Déi dräi Keesen (“Sang mat”, Chorale Beefort an eng gemeinsam Keess), déi vum Louis Boonen an Nicole Thielen-Seiwert verwalt ginn, goufen op Virschlag vun de Revisore Martine De Nutte-Hansen a Marie-Anne Weydert gutt geheescht.

Bei der fräier Aussprooch huet den Diakon Michel Bingen aus der Par Mëllerdall Merci gesot fir den Asaz vun den zwou Choralle wärend d’Monique Kuijpers frou war d’Chorallen aus de verschidde Perspektiven kennenzeléieren an huet ebenfalls Merci gesot fir hir Leeschtungen. Den Dirigent Claude Schmit huet a senge Statistiken erausfonnt, datt déi zwou Chorallen d’lescht Joer 100 mol am Asaz waren an ass och drop agaangen, wat wärend der Versammlung kuerz erwäänt gouf an zwar, datt et reegelméisseg virkënnt, datt um Ducksall méi Leit waren ewéi ënnen an der Kierch. D’Entwécklung an de leschte Jore weist, datt d’Zäit vun den Duerfchéier op een Enn geet an, datt een zesummenhale muss. D’Oktavmass war een Highlight an de leschte Joren an doduercher, datt een zesummen déi nämmlecht Lidder geprouft huet, wier et den Ufank vun engem gemeinsame Repertoire.    

Merci gesot kruten nach déi zwee Organisten, de Jean Schiltz an den Henry Wickens, deen och als Dirigent aspréngt, datt si op der Uergel begleede respektiv dirigéieren. E weidere Merci goung un den Dirigent Claude Schmit, fir säin Engagement a seng wäertvoll Aarbecht, souwéi un den Archivar Aloyse Weyler, deen ëmmer duerfir suergt, datt jiddereen déi richteg Nouteblieder huet.

Éier d’Generalversammlung mat engem gudde Maufel a Patt ofgeschloss gouf, gouf den Ausfluch vum 6. bis den 9. September op Bernkastel, Bonn an d’Ahrtal virgestallt.

Päischtwanderdeeg den 18. an 20. Mee

Päischtwanderdeeg den 18. an 20. Mee

D’Beeforter Wanderfrënn hunn an de leschte Samschdeg an der Jugendherberge hire Bilan vum leschte Joer presentéiert. Fir d’Aktivitéite vum Veräin ze organiséieren ass de Comité sechsmol zesummekomm. Dozou zielen déi traditionell Päischtwanderdeeg, Matorganiséiere vum Wandersummer, een Ausfluch op de Bodensee, d’Clubwanderung mat PW’en ëmzeechnen a Präsenzen op der Generalversammlung vun der Federatioun an der Fiels, enger Informatiounsversammlung iwwer “Green Events” zu Beefort, Grouss Botz, akademesch Sëtzung an der Fiels, Aweiung vun der Beeforter Kläranlag a Generalversammlung vum Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme. Zweemol hunn d’Wanderfrënn an der Fiels ausgehollef a fir deene Leit, déi bei der Päischtwanderung a beim Wandersummer gehollef hunn, gouf een Iessen offréiert.

D’Wanderungen iwwert de Päischtweekend hu samschdes 357 a méindes 870 Wanderer op Beefort ugezunn, wat een Total vun 1.227 Wanderer ausmécht. Domadder sti si op der aachter Plaz vun de beschtbesichte Wanderungen hei am Land. Mat engem neie Flyer invitéieren d’Beeforter Wanderfrënn op déi 38. Editioun vun de Päischtwanderungen den 18. an 20. Mee.

Sechs nei Memberen hu sech dem Veräin ugeschloss an esou zielt de Veräin am Ganze 27 Memberen. 15 aktiv Membere hu sech u 415 Wanderunge bedeelegt a si waren op 50 vu 66 IVV-Wanderunge vertrueden. 27 permanent Wanderweeër (PW) ginn et hei zu Lëtzebuerg an zwee dovunner zu Beefort. Um PW 20 si 140 Leit an um PW 147 Leit getrëppelt. Dat ass ee Plus vu 30 Prozent am Verglach mam Joer virdru wärend zu Lëtzebuerg d’Zuel ëm ee Véierel zréckgaangen ass.

Bedéngt duerch den Ausfluch op de Bodensee huet d’Keess mat engem Defizit ofgeschloss.

No 23 Joer ass de Camille Mathes aus dem Comité ausgetrueden a vir seng wäertvoll Ënnerstëtzung krut hien ee Cadeau iwwerreecht. Nei an de Comité ass den Arthur Mossong. De Comité setzt sech zesummen aus der Presidentin Nancy Dupont-Courtois, der Vizepresidentin Ursula Berkes, der Sekretärin Laura Weber, dem Caissier Steve Dupont an dem Member Arthur Mossong. Bei de Keesserevisoren koum et och zu engem Wiessel. Nieft der Revisorin Juliette Werdel iwwerhëlt den Adrien Wouters d’Aufgab vum Hanny Mathes.

D’Cotisatioun bleift bei zwielef Euro a follgend Membere goufe geéiert: Camille Mathes (23 Joer Comité), Arthur Mossong (750 Teilnahmen), Steve Dupont (500 Teilnahmen), Petra Thomsen, Bjarne Weber, Josée-Anne an Adrien Wouters (all Kéiers zéng Teilnahmen, déi awer eréischt am Summer ugefaangen hunn). Des Weidere goufen et nach Éierunge vun der FLMP (Fédération luxembourgeoise de marche populaire): Arthur Mossong (3.000 Teilnahmen, 35.000 Kilometer), Steve Dupont (500 Teilnahmen, 6.000 Kilometer), Nancy Dupont-Courtois (450 Teilnahmen, 5.000 Teilnahmen), Cory Dupont (250 Teilnahmen, 3.000 Kilometer), Laura Weber (50 Teilnahmen, 500 Kilometer) a Petra Thomsen, Bjarne Weber, Josée-Anne an Adrien Wouters (all Kéiers zéng Teilnahmen).

Um Programm fir dëst Joer stinn den 30. Mäerz an de 26. Oktober d’Clubwanderung a PW’en ëmzeechnen, vum 3. bis de 5. Mee een Ausfluch op Blankenberge mat der Participatioun vun den “Tweedaagse Voettocht”, vum 29. Mee bis den 1. Juni d’Europiade zu Waidring am Tirol. Ouni Datum sinn nach de Wandersummer an d’Helferiessen. D’Aushängeschëld, d’Päischtwanderungen, sinn ewéi virdru schonns erwäänt den 18. an den 20. Mee.

Ofschléissend huet d’Presidentin Nancy Dupont-Courtois der Gemeng an hirem Service technique Merci gesot fir d’Ënnerstëtzung bei de Päischtwanderdeeg a beim Wandersummer, dem Syndicat d’initiative et du tourisme, dem Fierschter Marc Hoffmann an alle Leit, déi an iergendenger Form d’Beeforter Wanderfrënn gehollef hunn.

Ofgeschloss gouf d’Generalversammlung mat engem Fotoréckbléck beim Patt.

Carole Hartmann neue Präsidentin des ORT

Carole Hartmann neue Präsidentin des ORT

Gestern Abend fand in der Beforter Jugendherberge die außerordentliche Generalversammlung des ORT Region Müllerthal statt. ORT ist die Bezeichnung für das „Office régional du tourisme“.

Nach vier arbeitsintensiven Jahren war es an der Zeit, Abschied zu nehmen, für den Präsidenten, Christophe Origer. Er betonte in seiner Rede, dass die Arbeit ihm sehr viel Spaß gemacht habe. Es sei zwar am Anfang aufgrund der prekären Finanzsituation sehr schwierig gewesen, aber zusammen mit dem kleinen Comité und vor allem mit der Geschäftsführerin Linda Salentin, sei es möglich gewesen, das ORT wieder in finanziell ruhige Fahrwasser zu bringen und viele neue Projekte anzustoßen. Christophe Origer übergebe das Amt mit gutem Gewissen an seine Nachfolgerin Carole Hartmann.

Auch Serge Pommerell, der Vertreter der Jugendherbergen und Kassenwart, gab seinen Abschied bekannt. Aufgrund der damaligen schwierigen finanziellen Situation habe auch er 2020 beschlossen, das Amt des Kassenwarts zu übernehmen. Sehr geschätzt habe er immer die gute Zusammenarbeit im „Comité de Gérance“. Man sei nicht immer einer Meinung gewesen, habe aber immer im Team und vor allem für die Sache gearbeitet. Das große Plus vom ORT sei, dass viele Menschen sich besser kennengelernt und gemeinsam für den Tourismus eingesetzt haben.

Die neue Präsidentin des ORT, Carole Hartmann, freut sich sehr auf die neue Aufgabe. Sie bedankte sich bei Christophe Origer für die geleistete Arbeit. Der Präsident habe sehr viel Zeit und Energie in sein Amt gesteckt und könne stolz darauf sein, dass die Kurve wieder nach oben zeige. Das ORT hat eine lange Geschichte, alle sind zu Partner geworden und das soll auch in Zukunft so bleiben. Sehr viele Personen setzen sich ehrenamtlich im ORT ein, auch wenn die „Bénévoles“ von den Mitarbeitern des ORT unterstützt werden.

Gewählt in den geschäftsführenden Ausschuss wurden: Carole Hartmann, Gemeinde Echternach, Präsidentin; Joe Nilles, Gemeinde Berdorf, erster Vizepräsident; Robi Baden, Syndicat d‘initiative Waldbillig, zweiter Vizepräsident; Gilles Stoffel, Jugendherbergen Luxemburg, Schatzmeister; Patrick Hierthes, Gemeinde Rosport-Mompach, Mitglied; Pit Friederes, Syndicat d‘initiative Aerenzdallgemeng, Mitglied; Eline Buehre, Camprilux, Mitglied; Maxime Bender, Trifolion Echternach, Mitglied.

(Fotos: Max Hein)

De “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” huet sech erënnert

De “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” huet sech erënnert

Bei äiskalen Temperaturen a Schnéi hu sech de leschte Samschdeg, ee bësse méi spéit ewéi gewinnt, d’Membere vum “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” un de 16. Dezember 1944. Den Dag huet d’Rundstedtoffensiv ugefaangen an de Leit vill Leed bruecht. Besonnesch betraff waren d’Awunner vun der nërdlecher Hallschent vum Lëtzebuerger Land.

Moies um 9 Auer war de Rendez-vous bei der Kierch an nom Néierleeë vun de Blummen un der Kierchemauer huet den Edmond Faber op der Trompett d’Gedenkfeier begleet. An der Kierch huet d’Pastoralassistentin d’Josiane Mirkes un déi schwéier Zäit vun deemools erënnert an dobäi verschidde Situatiounen an Erliefnesser aus hirer Famill erwäänt. Parallelle goufe mat den haitegen Ereegnesser an Europa an an der Welt gemeet an doduercher konnt een déi deemoleg Zäit nach besser verstoen. An der éischter Rei waren och Kanner dobäi, déi dëst Joer hir éischt Kommunioun wäerte maachen. Och si wäerten hoffentlech hiren Deel dozou bäidroen, datt sech d’Evenementer vun deemools net méi widderhuelen. D’Gedenkfeier an der Kierch gouf encadréiert vun de Chorale Sainte Cécile Beefort souwéi “Sang mat Waldbëlleg-Haler”.

Weider Blumme goufe bei de GI-Kräizer virum Kummelsbau a virun der Stèle vum T/Sgt Bob Hebert um Schéidbierg geluecht. Ofschléissend huet d’Gemeng am Kummelsbau den Éierewäin offréiert.

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Déi wochelaang Iwwerleeungen, Planungen a Virbereedungen hu sech schlussendlech gelount an d’Beeforter Duerffrënn kënnen houfreg sinn, datt se zesumme mat den aneren Duerfveräiner an der Ënnerstëtzung vun der Gemeng rëm fäerdegbruecht hunn een erfollegräiche Wantermaart ze organiséieren.

De grousse Schantjen am fréieren Duerfkär huet hinnen am Virfeld vill Kappzerbrieches gemeet. Doduercher bedéngt, datt d’Scheier ofgerappt gouf huet ee missten ëmplangen a mam Bannenhaff vun der Gemeng gouf et gutt Alternativ fonnt. Fir den een oder anere maach et vläicht ee gréissere Wee tëschen den Iess- a Gedrénksstänn gewiescht si mee duerch de gréissere Wee war net alles openee gedréckt. Des Weideren huet ee beim Goen eng Rëtsch Kënneger begéint, déi ee soss net gesinn hätt.

Dëst Editioun vum Wantermaart huet säin Numm och verdéngt wann een d’Temperature kuckt. No laanger Zäit war et deen Dag sou richteg dréche kal an et huet net gereent oder geschneit. Dat ass och den Aussteller dobannen ze gutt koum. Hei si vill Visiteure komm net nëmme fir déi verschidden Artikelen unzekucke mee och fir sech ee bëssi opzewiermen.

Ee Problem mam Parke gouf et net. Navetten hunn dofir gesuergt, datt d’Leit ouni Problemer konnten an den Duerfkär kommen. Déi richteg Atmosphär ass owes mat der Däischtert komm, wann déi sëlleg Luuchte fir eng speziell Ambiance gesuergt hunn.

De Kleeschen ass komm

De Kleeschen ass komm

Am Kader vun enger Adventsfeier de leschte Freideg am Judossall ass de Kleeschen déi jonk Sportler besiche komm an huet hinnen ee klenge Kaddo iwwerreecht. Virun der Visitt stoung nach een Training fir déi ganz Famill um Programm. Nodeems d’Kaddoen iwwerreecht goufen hunn d’Membere vum Judoclub Beefort an Iechternach bei engem gudde selwer gestaltene Buffet nach e puer flott Stonne verbruecht.

Klenge Chrëschtmaart

Klenge Chrëschtmaart

Virum Gebai vun der Seniorernesidenz “Petite Suisse” gouf de leschte Freideg vu 15 bis 19 Auer ee klenge Chrëschtmaart organiséiert. An enger gemittlecher a chrëschtlecher Atmosphär goufe selwer gemaachener Dekoratioun a Kichelcher vum Foyer ugebuede grad esou ewéi Gedrénks mat an ouni Alkohol, Kaffi a Schocki. Eisekuch mat Zocker a Schlagsan hu géint de klenge Honger gewierkt.

D’Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong hu sech net huele gelooss, de klenge Chrëschtmaart virun der Residenz am fréien Owend ze besichen.

Chrëschtmaart am Scoutshome

Chrëschtmaart am Scoutshome

De ganze Grupp vun de Beeforter Guiden a Scouten huet de leschte Samschdeg op hire Chrëschtmaart beim Scouthome invitéiert. Déi verschidde Gruppen ewéi zum Beispill d’CaraPio, AvEx a RaRo hunn am Virfeld fläisseg gebastelt fir den Dag selwer eng Rëtsch Artikele kënnen unzebidden. Dozou zielen ënner anerem Adventskränz an Holzaarbechten.

Des Weidere konnt een dobaussen entweder virun oder no den Akeef am Scoutshome eng kleng Stäerkung huelen.

Vernissage und Preisüberreichung

Vernissage und Preisüberreichung

Der 112 Kilometer lange Mullerthal Trail, der in seinem Verlauf immer wieder beeindruckende Aussichten bietet und an imposanten Felsformationen vorbeiführt, hat in diesem Jahr sein 15jähriges Jubiläum gefeiert. Vor einigen Wochen ist der Weg auch zum wiederholten Male als „Leading Quality Trails – Best of Europe“ ausgezeichnet worden.

Da der Mullerthal Trail eine sehr große Fangemeinschaft in sozialen Medien hat, die immer wieder Fotos vom Trail postet, war es für die Verantwortlichen des regionalen Tourismusverbandes selbstverständlich, neben anderen Geburtstagsaktionen dieses runde Jubiläum auch mit einem Fotowettbewerb in den sozialen Medien zu feiern.

Die Teilnehmer des Wettbewerbs konnten zwischen dem 14. April und dem 15. August 2023 ihre schönsten Momente auf dem Mullerthal Trail festhalten und diese dann auf Instagram mit dem Hashtag #MULLERTHALTRAILMOMENTS teilen und den Account @mullerthaltrail taggen.

Eine Jury, bestehend aus Partnern aus der Region, hatten aus den insgesamt über 700 Bildern die zehn besten Fotos ausgewählt, die nun auch gedruckt als Postkarten im Online-Shop des Tourismusverbandes erhältlich sind.

Die offizielle Präsentation der Gewinnerfotos und die Preisübereichung des Wettbewerbs fand am Donnerstag, den 16. November, in Schoos statt. Dort wurden alle Bilder in großem Format gedruckt auf Staffeleien präsentiert. Großer Dank an alle die mitgemacht hatten und an die Jury. Vor allem aber auch an die Mullerthal Trail Partner, die die zehn Gewinne, darunter Übernachtungsbongs gestiftet haben.

Neuer Vorstand des Natur- und Geopark Mëllerdall

Neuer Vorstand des Natur- und Geopark Mëllerdall

Nachdem die Gemeindewahlen in allen Mitgliedsgemeinden abgeschlossen sind, fand im Naturpark-Haus in Befort die erste Vorstandssitzung mit dem neuen Vorstand statt. Vom Vorstand wurde direkt im Anschluss der Exekutivvorstand gewählt. Ben Scheuer (Vertreter der Gemeinde Echternach) ist ab jetzt Präsident des Natur- und Geopark Mëllerdall.

Ein herzliches Dankeschön geht an den früheren Präsidenten Camille Hoffmann sowie an Romain Osweiler und alle früheren Vorstandsmitglieder, die in den vergangenen Jahren ehrenwerte Arbeit im Exekutivvorstand geleistet haben. Der Natur- und Geopark Mëllerdall freut sich auf eine weiterhin vielversprechende regionale Zusammenarbeit.

 

Nouveau comité du Natur- et Geopark Mëllerdall

Les élections communales étant terminées dans toutes les communes membres, la première réunion du conseil d’administration avec le nouveau comité a eu lieu dans la maison du parc à Beaufort. Le comité a ensuite élu le bureau. Ben Scheuer (représentant de la commune d’Echternach) est désormais le président du Natur- et Geopark Mëllerdall.

Un grand merci à l’ancien président Camille Hoffmann ainsi qu’à Romain Osweiler et à tous les anciens membres du comité qui ont effectué un travail honorable au sein de l’organisation au cours des dernières années. Le Natur- et Geopark Mëllerdall se réjouit de poursuivre une collaboration régionale prometteuse.

V.l.n.r. (d.g.à.d.) : Françoise Bonert, Ben Scheuer, Liette Mathieu, Jean-Luc Nosbusch, Patrick Hierthes.

V.l.n.r. (d.g.à.d.): Ariane Toepfer, Jean-Pierre Arend, Ronnie Schmit, Andrée Henx-Greischer, Nora Elvinger, Liette Mathieu, Ben Scheuer, Patrick Dondelinger, Françoise Bonert, Marco Bermes, Luis Soares, Jean-Paul Dimmer, Jean-Luc Nosbusch, Daniel Moura, Patrick Hierthes;

Es fehlen (manquent): Jill Goeres, Joé Nilles, Camille Feltes, Vanessa Sckuvie

Tag des Baumes im Natur- und Geopark Mëllerdall

Tag des Baumes im Natur- und Geopark Mëllerdall

Am 11. November fand in der Supp in Heffingen die jährliche Pflanzaktion des Natur- und Geopark Mëllerdall zum Anlass des Nationalen Tag des Baumes statt. Der Standort war kein Zufall, sondern wurde ganz gezielt auf den Baum des Jahres 2023, die Moorbirke „Betula pubescens“, hin ausgewählt. Wie der Name verrät, ist die Moorbirke auf feuchte bis nasse Standorte angewiesen und kommt als typische Pionierart auch mit schwierigsten Verhältnissen zurecht. Entlang der renaturierten Weißen Ernz sollten die neu gepflanzten Bäume also gute Voraussetzungen haben sich zu etablieren.

In Zusammenarbeit mit der Gemeinde Heffingen und der Natur- und Forstverwaltung wurde wie in den Jahren zuvor für jede der elf Naturparkgemeinden (sowie für die Beitrittsgemeinde Reisdorf) ein Baum gepflanzt, symbolisch für die Vernetzung der Region und ihrer Gemeinden. Mit ihrer gut sichtbaren, für Birken typischen hellen Rinde, werden die Bäume in den kommenden Jahren sicherlich ein weiterer Blickfang in der ohnehin schon eindrucksvollen Landschaft entlang des nationalen Radweges PC5 darstellen. 

 

Journée nationale de l’arbre dans le Natur- et Geopark Mëllerdall

Le 11 novembre, l’action de plantation annuelle du Natur- et Geopark Mëllerdall à l’occasion de la Journée nationale de l’arbre a eu lieu à la Supp à Heffingen. Le site n’a pas été choisi par hasard, mais de manière très ciblée en fonction de l’arbre de l’année 2023, le bouleau pubescent « Betula pubescens ». Comme son nom l’indique, le bouleau pubescent est tributaire de sites humides à mouillés et, en tant qu’espèce pionnière typique, il s’accommode des conditions les plus difficiles. Le long de l’Ernz blanche renaturée, les arbres nouvellement plantés devraient donc avoir de bonnes conditions pour s’établir.

En collaboration avec la commune de Heffingen et l’Administration de la nature et des forêts, un arbre a été planté pour chacune des onze communes du parc naturel (ainsi que pour la commune adhérente de Reisdorf), symbolisant ainsi la mise en réseau de la région et de ses communes. Avec leur écorce claire bien visible, typique des bouleaux, les arbres attireront certainement l’attention dans les années à venir dans le paysage déjà impressionnant le long de la piste cyclable nationale PC5.

Nei Statuten ugeholl

Nei Statuten ugeholl

An enger aussergewéinlecher Generalversammlung hunn d’Membere vun de “Les Amis des Châteaux de Beaufort” eestëmmeg nei Statuten ugeholl. Mat den neie Statute sinn d’Beeforter Schlassfrënn um leschten an aktuellste Stand vum Gesetz vum 7. August 2023 iwwert d’Asblen a Fondatiounen.

No der Begréissung duerch d’Presidentin Christiane Steinmetzer ass de Sekretär Georges Rischette op d’Geschicht vun de Beeforter Schlassfrënn agaangen. Net nëmme fir déi nei Delegéiert vun der Gemeng, de Bruno Grilo an Anne Kohl-Kortum, war et ee léierräichen Ausfluch an d’Beeforter Vergaangenheet.

Déi nei Statute bréngen d’Associatioun op een neie Wee. Sou steet zum Beispill am Artikel 4: “L’association a pour objet l’organisation des activités et des manifestations culturelles en collaboration avec le Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg”. De Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg gouf lo kierzlech dësen Oktober gegrënnt a wäert déi deeglech Gestioun vum Beeforter Site iwwerhuelen. Des Weidere wäert et ënnert dem Stréch manner Aarbecht a manner Responsabilitéit fir déi Beeforter Vereenegung ginn. Kaum auszedenke wat hätt kéinte geschéie wann d’Mauer bei enger Manifestatioun agefall wier.

De Verwaltungsrot setzt sech zesummen tësche siwen a 15 Memberen. Dovunner sinn zwee Mandater fir d’Vetrieder vum Gemengerot an ee Mandat un de “Syndicat d’initiative et du tourisme de Beaufort” bestëmmt. Mat den neie Statuten ass kee Vertrieder méi vum Staat virgesinn.

Et ass virgesinn, datt déi nei Statuten ab dem 1. Januar 2024 applizéiert ginn a wann deen Datum net kann agehale ginn, dann allerspéitstens ab dem 1. Mäerz 2024.

Andy Schleck als “Puck Dropper”

Andy Schleck als “Puck Dropper”

No dräi Auswäertsmätscher haten d”Beaufort Knights” de leschte Samschdeg hiren éischte Mätsch doheem zu Beefort. Viru 450 bezuelten Entréeën hunn d’Beeforter d’Spiller vun “Olympia Heist” empfaangen.

Den éischte Mätsch vun der Saison hunn d’”Knights” de 7. Oktober géint “Sportoase Antwerp Phantoms Gee” 9:6 verluer, déi Woch drop 3:9  géint d’”Bulldogs” vu Léck gewonn a virun zwou Woche géint “Hc Kortrijk Spurs” 5:2 verluer.

Kuerz virun 19.30 Auer goungen d’Luuchten op der Äispist aus an d’Spiller vun de “Beaufort Knights” goufe mat enger klenger Show eenzel virgestallt. Uschléissend huet et ee bëssi gedauert bis d’Luuchte rëm all u waren an et wor um “Puck Dropper” Andy Schleck den éischte Bully vum Mätsch ze maachen.

D’Beeforter Ritter goungen duerch den Dino Mededovic an der aachter Minutt mat 1:0 a Féierung. Gutt fënnef Minutte méi spéit huet de Claude Mossong op 2:0 erhéicht. D’Gäscht hu kuerz drop op 2:1 verkierzt a mat deem Resultat goung et an déi éischt Paus.

Duerch ee Goal vum Beeforter Neizougang Artemij Fritzel an der 30. Minutt stoung et 3:1 fir d’Heemekipp. Deen eenzege Goal am zweeten Drëttel. Duerch Goaler an der 46. an 48. Minutt stoung et 3:3 an dat war och d’Schlussresultat. Et goung an d’Verlängerung an no 23 Sekonne sinn d’Gäscht aus der Belsch déi éischter Kéier an d’Féierung gaangen a gläichzäiteg war dat och d’Schlussresultat.

Een detailléierte Spillbericht steet um Site vun de “Beaufort Knights”. Den nächsten Heemmätsch ass den nächste Samschdeg géint “Charleroi Red Roosters”.        

Kalbassen op der Buergmauer

Kalbassen op der Buergmauer

Wien en Dënschdegowend an de fréien Owesstonne laanscht d’Buerg gefuer oder getrëppelt ass, dee konnt ee flott Resultat gesinn. Wéi eng Liichterkette stoungen déi vu Kanner geschnëtzelte Kalbassen an enger Rei niewentenee. Bei dëser Aktioun haten d’Kanner an een erwuessene Familljemember fräien Entrée.

Neuer Masterplan für die Region Müllerthal – Kleine Luxemburger Schweiz

Neuer Masterplan für die Region Müllerthal – Kleine Luxemburger Schweiz

Zahlreiche Partner aus der Region waren am Montagabend der Einladung des Tourismusverbandes ins Felser Kulturzentrum gefolgt, um der Abschlusspräsentation des neuen Masterplans für die Region Müllerthal beizuwohnen. „Die touristischen Partner in der Region arbeiten sehr vernetzt. Daher war von Anfang an klar, dass alle in den Prozess mit einbezogen werden“, so Konstanze Liskow, stellvertretende Geschäftsführerin des Tourismusverbandes. Viele hatten im Vorfeld in Arbeitsgruppen intensiv an der Entwicklung des Masterplans mitgearbeitet.

Alexander Seiz von der Beratungsagentur „Kohl & Partner“ hat die Erstellung des Masterplans mitkoordiniert und stellte zunächst die Vision vor, die man bis 2035 erreichen möchte: „In der Region Müllerthal hat sich ein nachhaltiger, naturschonender Tourismus für alle entwickelt, von dem die gesamte Region ganzjährig profitiert.“ Auch ging er auf die touristischen Leitlinien und den strategischen Rahmen zur Umsetzung der Vision vor.

Es geht um die Entwicklung neuer Themen, die Sicherung von Qualität und touristischer Infrastruktur, gelebte Nachhaltigkeit, Zusammenarbeit mit regionalen und überregionalen Partnern und den Einbezug der Lebensraum-Perspektive. Letzteres heißt, dass attraktive Angebote nicht nur für Besucher, sondern auch für alle Einwohner der Region geschaffen werden, was die regionalen Wirtschaftskreisläufe stärken und die negativen Einflüsse des Tourismus auf die Region verhindern kann.

Alexander Seiz ging auf die touristische Positionierung der Region Müllerthal ein: „Die Region Müllerthal überzeugt als Unesco Global Geopark mit faszinierenden Outdoorerfahrungen in felsenreicher Kulisse und ungeahnten Kulturschätzen“. Die zukünftigen Handlungsfelder sind „Outdoor und Naturerfahrung“ und „Kulturschätze“, wichtige Querschnittsthemen sind Nachhaltigkeit, Lebensraum und regionale Produkte. Mit der Kommunikationsstrategie möchte man die Gäste für den Zauber von Natur, Kultur und Menschen begeistern.

Konstanze Liskow ging auf die Wichtigkeit von Kulturtourismus und Nachhaltigkeit ein. Etwaige Projekte in diesem Feld sind der Gedenktourismus und die Idee der „Region Müllerthal – Zeitreise“, ein attraktives digitales Angebot in der gesamten Region. Beim Thema Nachhaltigkeit spielen die Felder Mobilität, Evaluation und Kommunikation eine Schlüsselrolle. Beim Angebot zum Wandern, welches seit vielen Jahren das Hauptthema und Anziehungspunkt der Region ist, geht es jetzt darum, sich an aktuelle Entwicklungen und Trends anzupassen. Auch die Komfortwege für alle seien ein wichtiges Zukunftsprojekt.

Da auch in den Wintermonaten viele Gäste in der Region sind, ist die Saisonverlängerung ein langfristiges Ziel für Konstanze Liskow. In der Kommunikation will man noch stärker als bisher auf die Winter-Kampagne setzen.

Abschließend bedankte Konstanze Liskow sich bei allen, die beim Ausarbeiten des Masterplans mitgewirkt hatten sowie auch bei Linda Salentin, Geschäftsführerin des Tourismusverbandes (zurzeit im Mutterschutz), die das Projekt des neuen Masterplans initiiert hatte.

Ein Masterplan, allein für den Mullerthal Trail als Wanderprodukt und -Marke, stammt aus dem Jahr 2015. Dies sei nun der erste Masterplan, der für die gesamte Region und zusammen mit allen Akteuren erarbeitet worden sei und der der touristischen Region eine Strategie für die kommenden Jahre bietet.

Björn Rohrbach gewënnt d’Coupe de Luxembourg 2023

Björn Rohrbach gewënnt d’Coupe de Luxembourg 2023

Nom Dressurtournéier am Fréijoer gouf de leschte Weekend am internationale Reitzentrum zu Beefort ee Sprangtournéier vum Club Hippique organiséiert. Folgend Épreuve stounge wärend den zwee Deeg um Programm: Samschdeg: Stilspringprüfung Klass A* (28 Reiderinnen a Reider), Springprüfung Klasse A** (33), Stilspringprüfung Klasse L (29), Punktespringprüfung Klasse M* (24), Springprüfung Klasse M** (13). Sonndeg: Springprüfung Klasse A** (17), Springprüfung Klasse L (10), Springprüfung Klasse M* (9), Pony-Führzügel-WB (4). De groussen Ofschloss vum Sprangtournéier war d’Finall vun der “Coupe de Luxembourg 2023” mat der Springprüfung Klasse S* mat Siegerrunde.

De “Prix de la commune de Beaufort” geet dëst Joer un d’Véronique van Kasteren mam Päerd “Vicky” mat enger Nott vun 8,60. Op déi zweet Plaz kënnt d’Kim Grangenette mam “Kora 223” (8,40) an duerno Tania Sutor-Welfring mam “Image du Bergshaff” (8,30). Knapps hannendru mat enger Nott vun 8,20 gëtt déi véiert Plaz vum Wim Vissers (Club Hippique Beefort) mam “Mary Poppins 92” beluecht.  

De Gewënner vun der “Coupe de Luxembourg” ass de Björn Rohrbach. Hie gewënnt mam “San Quintin” ouni Feeler an enger Zäit vun 59,76 Sekonnen. Lucie Kieffer kënnt mam “Frankie’s Boy K” op déi zweete Plaz (60,29 Sekonnen a kee Feeler) an den Armin Scherrmann mam “Cirabelle” (66,12 Sekonnen a kee Feeler). Nëmmen 31 Honnertstel hunn dem Marcel Ewen vum Beeforter Club Hippique um “Omicron” gefeelt, fir op dat lescht Träppche vum Podium ze kommen. An dëser Kategorie waren néng Reiderinnen a Reider um Depart.

Weider Placéierunge vum Organisatiounsveräin ass eng zweete Plaz vum Sandy Winandy um “Cirano” an der Stilspringprüfung Klasse A* an eng drëtte Plaz vum Muriel Pletschette um “Cancorde de Bo Z” an der Punktespringprüfung Klasse M*.    

Detailer vun den eenzelne Resultater stinn op der Internetsäit https://results.equi-score.de/event/2023/24836/

Nei Erkenntnisser beim éischte Kongress

Nei Erkenntnisser beim éischte Kongress

An der Jugendherberge hu “Les amis des châteaux de Beaufort” hiren éischte Kongress organiséiert. Zum Thema „Klimawandel: Krise oder Herausforderung? Denkmäler und ihre Entwicklung in der Zukunft“ huet sech e gemëscht Fachpublikum bestoend aus ënner anerem Architekten, Ingenieuren a Vertrieder aus de Beräicher Denkmalfleeg, Tourismus an der „Administration de la nature et des forêts“ afonnt.

Ronn 40 Leit hunn d’Referater vun den dräi ageluedenen Experten op dësem Gebitt nogelauschtert an ofschléissend hu sech zu de verschidde Sujeten ausgetosch: Dr. Angela Kaiser-Lahme, Direktesch “Burgen, Schlösser, Altertümer” vun der Generaldirektion Kulturelles Erbe Rheinland-Pfalz; Gäertenhistoriker Marc Schoellen an Dr. Christine Harbusch vum “Büro für Fledertierforschung und -schutz ProChirop”.

Dësen éischte Kongress huet vill nei Erkenntnisser geliwwert an op Saachen higewisen, op déi een an Zukunft muss besonnesch uecht huelen.

Eng dynamesch Elterevereenegung

Eng dynamesch Elterevereenegung

No enger kuerzer Begréissung duerch d’Presidentin Alicia Reiff-Thill huet d’Sekretärin vun der Elterevereenegung Beefort, Martine Gros-Macé, den Aktivitéitsbericht virgedroen. Sou huet déi nei Ekipp ee Gesiichtsmolen um Beeforter Wantermaart organiséiert a si ware beim Kleesche fir déi kleng Kanner an der Schoul. Den 2. Februar goung een zesumme liichten an de Kannerfuesbal zwee Deeg méi spéit war ee ganz grousse Succès. Buergbrennen, Ouschterpatt a Coupe scolaire stoungen ebenfalls um Agenda vun der Elterevereenegung. Beim Schoulfest, dat dëst Joer am Verglach mat de Jore virdrun ëm eng Woch virverluecht gouf, konnte sech net nëmmen d’Kanner, d’Schoulpersonal an d’Elteren ameséieren. Eng Rëtsch Duerfleit sinn och op de Kiosk komm.

De vum Keessjee virgedroene Rapport gouf mat engem Boni ofgeschloss. Op de Virschlag vun de Keeserevisore Christian Kröger a Svenja Philipps huet d’Versammlung Entlaaschtung erdeelt.

Folgend Aktivitéite fir d’Schouljoer 2023/2024 stinn um Programm: Croissanten a Schocki fir de Schoulufank de 15. September, den 28. Oktober een Halloween-Nomëtteg an den 2. Dezember Präsenz um Beeforter Wantermaart. Am Dezember ass d’Elterevereenegung dobäi, wann an der Schoul de Kleesche kënnt, an duerch hir gutt Relatioune mam hellege Mann hu si mat him ofgemeet, datt de Kleeschen de 5. Dezember bei déi brav Kanner Heem kënnt.

Weider Manifestatioune sinn d’nächst Joer den 2. Februar Liichtmëssdag, de 24. Februar de Kannerfuesbal, beim Ouschterpatt present sinn an am Juni steet d’Coupe scolaire an eng Antidroge-Rallye um Programm. Den Datum vum nächste Schoulfest steet an der Tëschenzäit och schonns fest: den 12. Juli.

Uschléissend huet de Comité vun der Elterevereenegung ee Schéck an Héicht vu 700 Euro un d’“Association luxembourgeoise d’aide aux enfants cardiaques a.s.b.l. – Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg” iwwerreecht. D’Vertriederinne Monique Pletschet a Carole Rommes hu mat praktesche Beispiller d’Aarbechten an d’Zieler vun hirer Associatioun erkläert an zemools déi ganz Hannergronnaarbecht, déi eréischt op den zweete Bléck erkennbar ass.

Zum Schluss huet d’Presidentin vum Schoulcomité Betty Helminger opmonternd Wieder un de Virstand vun der Elterevereenegung geriicht an éier d’Generalversammlung ofgeschloss gouf huet d’Alicia Reiff-Thill jidderengem Merci gesot, deen de Veräin an iergendwellech Form ënnerstëtzt huet. Hei huet d’Presidentin zwee Leit besonnesch ervirgehuewen an zwar den Andy Wagner a Stéphane Gaspar, déi eng Corbeille iwwerreecht kruten.

Evolution dans les centres de ressources Sidec

Evolution dans les centres de ressources Sidec

A partir du 1er novembre 2023, la collecte des emballages dans les centres de ressources à Rédange et au Fridhaff du Sidec (Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets) va évoluer. La collecte des sacs bleus porte-à-porte reste inchangée.

Valorlux et le Sidec entament un projet pilote afin de rendre la collecte, le tri et le recyclage plus efficaces, mais également plus simples pour les citoyens. Valorlux et le Sidec vont en effet tester le nouveau concept de collecte dans les deux centres de ressources susmentionnés et en évaluer les résultats, avant de l’étendre dans tous les centres de ressources du Luxembourg.

 

Aller au contenu principal