Beaufort
14.9°C (14.3 / 15.5)
68%
984 hPa
0.8 m/s
Raf. 1.3 m/s
0 mm

Zwee nei Mataarbechter

D’Administratioun vun der Gemeng Beefort krut an de leschte Woche Verstäerkung. Zanter dem 15. Mäerz ënnerstëtzt d’Lis Brepsom de Populatiounsbüro mam Eliane Seiwert a Sandra Michels. An der Gemengerotssëtzung vum 31. Januar stoungen eelef Kandidaten zur Wiel an d’Lis Brepsom gouf mat de meeschte Stëmmen op dëse Posten ernimmt. Den 8. Mee gouf hatt vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch offiziell vereedegt.

D’Sekretariat ass d’Schnëttstell tëschen der Politik an der Verwaltung. An enger Zäit an däer ëmmer méi spezifesch Gesetzer a Reglementer op der Dagesuerdnung stinn an d’Erausfuerderungen ëmmer méi villfälteg an d’Uspréch méi grouss ginn, brauch ee Fachleit mat Duerchbléck am sougenannte Pabeierdschungel. Zemools an enger Gemeng, déi an de leschte Joren ëmmer méi Awunner zielt. Op Vältesdag huet de Gemengerot eng zukunftsweisend Décisioun getraff. Mat der Nominatioun vum neie Gemengesekretär Christophe Bastos, dee schonns wäertvoll Erfahrung an de Gemengen Dikrech a Konsdrëf gesammelt huet, gëtt d’Sekretariat vun der Gemeng gestäerkt. Zanter dem 1. Mee setzt sech d’Ekipp am Sekretariat zesummen aus dem Christophe Bastos an dem Tessy Pena a si zwee deele sech déi verschidden Aufgaben, déi ustinn.

Mir wënschen hinnen alleguer Bonne Chance a freeën eis op déi gutt Zesummenaarbecht.

Dernière modification le 22.05.2024

Des articles de la même catégorie

Thailännesch Konscht a Kultur

Thailännesch Konscht a Kultur

Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur...

lire plus
“Open Air Kino” op der Äispist

“Open Air Kino” op der Äispist

No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders...

lire plus
Aller au contenu principal