Zweeten Europadag zu Beefort

Nom ganz groussen Erfolleg bei der Première d’lescht Joer stoung enger zweeter Editioun vum Europadag, dee vun der berodender Kommissioun fir Integratioun an Zesummenaarbecht mat der Veräiner a Geschäftsleit organiséiert gouf, näischt am Wee. Am Géigesaz zum leschte Joer huet d’Wieder allerdéngs net ganz matgespillt.

Ugefaangen huet den Europadag mat engem Concert-Apéritif vun der Harmonie Municipale Rollengergronn. Ënnert der Direktioun vum Ivan Boumans an dem Sous-Chef Guy Engels hu se folgende Programm gespillt: “Western Grafitti”, “Tribute to Amy Winehouse”, “Beach Boys Golden Hits”, “S’il suffisait d’aimer”, “West Side Story”, “Funk Attack” an “El Cumbanchero”. Wéinst dem ugekënnegte Reen hunn déi iwwer 50 Musikanten alleguer um Kiosk gespillt.

D’Wolleken um Himmel si mat der Zäit ëmmer méi däischter ginn an et wor nach nëmmen eng Fro vun der Zäit wéini et géif ufänke mat reenen. Aus deem Gronn hunn d’Leit nach wärend dem Concert-Apéritif eng kulinaresch Rees duerch Europa gemeet. Ugebuede gouf ënner anerem Paëlla (Theaterfrënn), Hamburger (Judo-Club), Poulet, Gegrilltes a Fritten (Groupe sportif récréatif et culturel Fiolhoso et Beaufort), Lasagna, Nuddelen, Pizza, Tiramisu (Club Hippique) a Gromperekichelcher (Äishockey). Véierbeeneg Frënn goufe mat Hondskichelcher (Agility-Club) verwinnt. Des Weideren hunn eng Rëtsch Veräiner, Associatiounen a Geschäftsleit vun der Geleeënheet sech an hir Produite virzestellen an d’Kanner konnten op zwee Sprangschlässer hir iwwerschësseg Energie lassginn.

Bei de Concerte vu “Südwind” (Marisa Donato a Salvatore de Nardo) an “Haemelmaous” huet et du sou richteg gereent mee der Stëmmung huet et op jidde Fall näischt geschuet. Danzen an Reen? Kee Problem fir verschidde Leit wärend aner Leit sech ënnert de villen Zelter bei méi wéi engem Pättchen ausgetosch hunn an dat op den Hibléck op den 11. Juni.

Ofschléissend bleift nach ervirzehiewen, datt sech d’Veräiner engagéiert hunn den Europadag nohalteg ze gestalten an dat no de Critère vu “Green Events”. Et huet sech erausgestallt, datt et am Groussen a Ganzen net allze schwéier wor, eng Rëtsch Moossnamen am Sënn vun eiser Natur an Ëmwelt ëmzesetzen.    

Dernière modification le 10.05.2023

Des articles de la même catégorie

26.09: Büroen am Nomëtteg zou

26.09: Büroen am Nomëtteg zou

En raison des travaux de rénovation de la salle des séances les bureaux de l’administration communale seront fermés l'après-midi du mardi 26 septembre. **** Wéinst de Renovatiounsaarbechte vum Sëtzungssall sinn d’Büroe vun der Gemeng am Nomëtteg vum Dënschdeg, de 26....

lire plus
Gemengewalen 2023 / Update 15. September

Gemengewalen 2023 / Update 15. September

14.09.2023 Den Delai fir eng Demande fir d'Bréifwal fir d'Gemgen- a Chamberswalen anzereechen ass laanscht. Le délai pour introduire une demande pour le vote par correspondance pour les élections communales et législatives est passé.Bréifwal / Vote par correspondance...

lire plus
Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1

Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1

Nom Congé collectif lo am August hunn d’Ëmbauaarbechte vum neie Gebai fir de Cycle 1 nieft der Sportshal ugefaangen. Dat “al Gebai” gouf pénktlech fir d’Schoulrentrée ofgerappt an op dëser Plaz kënnt een neit Gebai mat dräi Säll um Rez-de-Chaussée an dräi Säll um...

lire plus
Aller au contenu principal