06./07./08.07.: Grand-Rue & Rond-point barrées

Wannechgelift de ganzen Artikel liesen

Veuillez lire l’article complet s’il vous plaît

Ponts et Chaussées mécht zu Beefort verschidde Stroossenaarbechten (Fraisageaarbechte vum Stroossebelag an Opbauaarbechte vum neie Stroossebelag) vun e Mëttwoch, de 6. Juli, 7.00 Auer moies bis e Freideg, den 8. Juli, owes. Betraff sinn de Kreesverkéier an den Deel vum Kreesverkéier bis d’Kräizung Grand-Rue/Rue du Château (inclus). D’Aarbechte ginn an zwou Phasen duerchgefouert.

Phase 1 (06. & 07.07.2022)

De komplette Kreesverkéier ass ab e Mëttwoch 7.00 Auer bis en Donneschdeg fir all Verkéier gespaart. E Freideg ass dee rëm op.

Phase 2 (06. & 07. & 08.07.2022)

Den Deel tëschen dem Kreesverkéier an der Kräizung Grand-Rue/Rue du Château (inclus) ass vun e Mëttwoch 7.00 Auer moies bis en Donneschdeg fir all Verkéier gespaart. Ausname gëlle fir Anwohner a  Busser.

E Freideg ass dës Strooss ab 7.00 Auer moies bis zum Ënn vun den Aarbechte fir all Verkéier gespaart. Wärend dësen Aarbechten ass d’Stationéieren op der “Bande de Stationnement” ebenfalls verbueden.

D’Awunner si gebiede wärend dëser Zäit d’Autoen ausserhalb vun dësem Deel vun der Strooss ofzestellen. Eng Deviatioun ass ausgeschëldert an och op de beigefügte Pläng ersiichtlech.

Il est porté à la connaissance du public, que les Ponts et Chaussées effectueront des travaux de voirie à Beaufort (travaux de fraisage et mise en œuvre d’une nouvelle couche de roulement) du mercredi 6 juillet à partir de 7 heures jusqu’au vendredi soir le 8 juillet. Sont concernées le giratoire ainsi que le tronçon entre le giratoire et le croisement Grand-Rue/rue du Château (inclus). Ces travaux se font en deux phases.

Phase 1 (06. & 07.07.2022)

Le giratoire est complètement barré pour toute circulation à partir du mercredi 7.00 heures jusqu’au jeudi. Il sera ouvert le vendredi.

Phase 2 (06. & 07. & 08.07.2022)

Le tronçon entre le giratoire et le croisement Grand-Rue/rue du Château (inclus) est barré du mercredi à partir de 7.00 heures jusqu’au jeudi pour toute circulation, excepté riverains et autobus de linge.

Le vendredi ce tronçon sera barré pour toute circulation à partir de 7.00 heures jusqu’à la fin des travaux. Le stationnement sur la bande de stationnement sera également interdit pendant la durée des travaux.

Pendant la durée des travaux les habitants sont priés de bien vouloir garer les voitures à l’extérieur du chantier.

Une déviation sera indiquée sur place et expliquée sur le plan ci-joint.

Dernière modification le 15.07.2022

Des articles de la même catégorie

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus...

lire plus
Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Aller au contenu principal