330 Kilometer géint de Broschtkriibs

De Vëlosclub “Les Bergeronnettes” vun Arel, deen 2021 gegrënnt gouf, besteet ausschliisslech aus Fraen an eng 20 Membere vum Veräin hu sech d’lescht Joer un engem Challenge an Holland zu Gonschte vu “Think Pink Belgium” bedeelegt. Ënnert dem Numm “Girls on fire” si si 400 Kilometer mam Vëlo gefuer an hunn dobäi 23.645 Euro fir de Kampf géint de Broschtkriibs gesammelt.

Dëst Joer hunn d’Dammen eng änlech Aktioun gestart an um Programm stoung dat anert Nopeschland an zwar Lëtzebuerg. Freides wor den Depart am Fond de Gras an no 85 Kilometer war d’Arrivée am Pommerlach. Vun do aus goung et den Dag drop op Beefort. No haarden 115 Kilometer huet d’Gemeng Beefort eng Receptioun fir déi ronn 30 Dammen engagéiert Dammen am Alter tëschen 22 a 65 Joer an der Jugendherberg offréiert. De leschten Dag goung et vu Beefort zréck op d’Arrivée an de Fond de Gras, wou se no 130 Kilometer ukomm sinn.

D’Iddi fir op Lëtzebuerg ze komme kënnt vum Vanessa Grandjean nodeems hatt mat der Ekipp aus Holland zréckkomm ass. Si schafft zu Lëtzebuerg am “Centre hospitalier du Luxembourg” als Psychologin am Service Onkologie an huet sech bei “Think Pink Lux” informéiert op een déi Iddi och zu Lëtzebuerg ëmsetze kann. Nieft dem Sport steet och d’Gesondheet am Mëttelpunkt vun den “Les Bergeronnettes”, déi nieft der Belsch och Memberen aus Frankräich a Lëtzebuerg hunn. Verschiddener vun hinnen hunn de Broschtkriibs iwwerstanen an dat mécht dëse Vëlostour nach méi emotional a sentimental.

D’Ziel vun dëser Editioun ass et de Spendenbetrag vum leschten Joer ze iwwertreffen an effektiv hu se de leschten Dag bei der Arrivée am Fond de Gras koum d’Nouvelle, datt se schonn 29.000 Euro gesammelt hunn. Vläicht kommen nach e puer Spenden no, datt se déi magesch Grenz vun 30.000 Euro dach nach knacken.

https://thinkpinklux.com/events/think-pink-tour-de-luxembourg-2023

Dernière modification le 18.09.2023

Des articles de la même catégorie

Reittournéier am internationale Reitzentrum

Reittournéier am internationale Reitzentrum

De Beeforter “Club Hippique” huet déi lescht zwee Weekender Reittournéier am internationale Reitzentrum organiséiert. De Weekend vum 13. a 14. Abrëll stoung d’Dressur am Mëttelpunkt an hei goufen et zéng Prüfungen. Den Héichpunkt war d’Wäertung vun der “Coupe de...

lire plus
Grouss Botz

Grouss Botz

De “Syndicat d’initiative et du tourisme” an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beefort huet och dëst Joer nees eng Grouss Botz organiséiert, zu där all Veräiner an Awunner häerzlech invitéiert ware fir matzemaachen. Déi traditionell Rendezvouse waren zu Beefort bei der...

lire plus
Aller au contenu principal