Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol

 

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren. D’Gemengen déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

Vun dësem Joer u kënne nieft de Gemengen och Privatleit, Veräiner an Entreprisen hier Uebstbeem der Ëffentlechkeet zur Verfügung stellen. Méi Informatiounen op antigaspi.lu.

Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:

  • Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
  • Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.
Dernière modification le 06.05.2022

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal