“Journée 55+” am Kummelsbau

De Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum Drëtten Alter vun der Gemeng Beefort an de Beeforter Senioren hunn op déi dësjäreg Editioun vun der Journée 55+ invitéiert. No e puer Joer huet d’Fest fir déi eeler Matbierger rëm zur gewinnter Zäit stattfonnt.

Bei senger Begréissung ass de Buergermeeschter Camille Hoffmann jidderengem Merci gesot fir d’Geléngen an der Organisatioun vum dësem Fest. Nieft dem Generatiounsgaart gëtt et an der Tëschenzäit eng weider Infrastruktur dir d’Senioren an zwar den Outdoor-Fitness tëschen der Äispiste an der Senioreresidenz. Hei goufe véier Geräter opgeriicht op deenen een altersgerecht Übunge ka maachen. Bei all Statioun sti grouss a verständlech Panneauen, déi erklären ewéi déi eenzel Übunge gemeet ginn. Dësen Outdoor-Fitness gouf an Zesummenaarbecht mat de Physiotherapeute vun der Senioreresidenz ausgewielt an ass fir jiddereen zu all Moment zougänglech.

Am Laf vun dësem Joer huet de Beeforter Gemengerot sech eestëmmeg fir eng Zesummenaarbecht mat hinnen décidéiert. De Club Senior “An der Loupescht” ass kee Veräin mee e Service vun der Croix-Rouge (Rout Kräiz). Si bidde villfälteg Servicer an Aktivitéiten am Beräich vum Aktiven Alteren, souwéi der Präventioun vum sozialen Isolement  un. De Service ass fir jiddereen aus eiser Regioun an dorënner zielen och sämtlech Awunner aus der Beeforter Gemeng. Si gi vum Ministère vun der Famill, der Integratioun an der Groussregioun ënnerstëtzt. Et sief bemierkt, datt de Club Senior “An der Loupescht” eng zousätzlech Beräicherung zu de Beeforter Senioren oder anere Veräiner an der Géigend ass, déi um lokalen Niveau aktiv sinn. Carole van der Zande, Chargée de Direction vum Club Senior “An der Loupescht”, huet vun der Geleeënheet profitéiert fir sech an de Club Senior virzestellen.

An enger flotter Gesellschaft an Ambiance konnt uschléissend jidderee bei Schnittercher, Kaffi a Kuch an engem gudde Pättche e puer flott a gemittlech Stonne verbréngen. Fir Animatioun a Musek huet den “Haemelmaous Duo” gesuergt. Éier d’Leit Heem gaange si krute si nach eng Kuscheldecke vun der Gemeng offréiert.  

Dernière modification le 21.11.2022

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal