D’Beeforter Duerffrënn hunn um Virowend vun de Gemengewalen op ee Wa(h)lpatt am Schmattsgaart invitéiert. Bei summerlechen Temperaturen haten d’Kandidate vun den zwou Lëschten vun der leschter Geleeënheet profitéiert sech de Wieler nach eng Kéier virzestellen. Awer och d’Wieler selwer konnten den engem an anerem Kandidat nach séier eng Fro stellen oder sech mat him austauschen.
Een Doheem fir d’”Victory Riders”
“Victory Riders Lx” hunn de leschte Weekend d’Ouverture vun hirem “Clubhouse” gefeiert. De Freideg war fir d’Motorradsclibb aus Lëtzebuerg reservéiert an e Samschdeg waren d’Duerfleit invitéiert. Dat neit “Clubhouse” befënnt sech op Nummer 6 un der Montée du Château,...