Portugisescht Volleksfest

De leschte Weekend huet de “Groupe sportif récréatif et culturel Fiolhoso et Beaufort” op ee portugisescht Volleksfest invitéiert. Dat Ganzt huet sech op der Place des Nations (Kiosk) ofgespillt.

Fir musikalesch Kläng huet e Samschdeg Owend am Ufank de Grupp “Os Nova Onda” aus der Schwäiz gesuergt. Nodeems de Publikum sech waarm gedanzt huet koum den Optrëtt vum Cristiana Sa mat hirer Grupp. E Sonndeg stoung moies ab 10.30 Auer eng Matinée um Programm a fir Animatioun huet rëm de Grupp “Os Nova Onda” gesuergt. Déi portugisesch Folklorgruppen “Minhotos de Echternach”, “Al Lavradeiras do Minho” an “Os Amigos do Minho” hu se sech virun der Gemeng versammelt an am Cortège si bei de Kiosk getrëppelt. Ugefouert gouf de Cortège vun de Gäscht aus Fiolhoso.

Fiolhoso läit eng gutt 120 Kilometere westlech vu Porto ewech an ass eng Gemeng am Krees Murça am Distrikt Vila Real. Déi meescht portugisesch Matbierger hei an der Gemeng kommen aus Fiolhoso an doduercher gëtt et eng speziell Relatioun tëschen den zwou Gemengen.  

Dernière modification le 20.06.2023

Des articles de la même catégorie

Tournoi fir de 50. Anniversaire

Tournoi fir de 50. Anniversaire

Am Kader vun de Festivitéite vum 50. Anniversaire vum Beeforter Keeleclub hu si de leschte Weekend een Tournoi organiséiert. Leider gëtt et hei zu Beefort keng den Norme gerecht Keelebunn an dowéinst gouf den Tournoi zu Miedernach ofgehalen. D’Finall gouf de leschte...

lire plus
Äddi no 42 Joer

Äddi no 42 Joer

No 42 Joer koum fir den Dario Ballanti d’Zäit fir sengem beruffleche Wee de Schlusspunkt ze setzen. Nodeems den Dario ee gutt Véierelsjoerhonnert an der Restauratioun täteg war huet hien am Joer 2007 de Wee op Beefort fonnt an dat mat der Ouverture vum “Ristoranti...

lire plus
Aller au contenu principal