“A wann et reent, da reent et richt eran” ass ee bekannte lëtzebuerger Vollekslidd an onfräiwëlleg no deem Motto stoung d’Tipifest, dat gëschter vum Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme organiséiert gouf. Livemusek vun de “Roadrunners” huet säin Deel dozou bäigedroen, datt d’Stëmmung ënnert de Leit an den Zelter am Tipiduerf net gelidden huet. Getrei dem Sproch “Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt nëmme schlecht Kleedung” hu sech d’Kanner, hir Elteren an eng Rëtsch Beeforter net huele gelooss fir zesummen e puer flott Stonnen ze verbréngen.
Een Doheem fir d’”Victory Riders”
“Victory Riders Lx” hunn de leschte Weekend d’Ouverture vun hirem “Clubhouse” gefeiert. De Freideg war fir d’Motorradsclibb aus Lëtzebuerg reservéiert an e Samschdeg waren d’Duerfleit invitéiert. Dat neit “Clubhouse” befënnt sech op Nummer 6 un der Montée du Château,...