Äddi no 42 Joer

No 42 Joer koum fir den Dario Ballanti d’Zäit fir sengem beruffleche Wee de Schlusspunkt ze setzen. Nodeems den Dario ee gutt Véierelsjoerhonnert an der Restauratioun täteg war huet hien am Joer 2007 de Wee op Beefort fonnt an dat mat der Ouverture vum “Ristoranti Ballanti” am internationale Reitzentrum. Wärend zéng Joer goufen hei bei sëllege Geleeënheeten ewéi zum Beispill Concerten, Themenowender a weidere Fester vill flott Stonne verbruecht.

Nach laang virdrun éier de leschte Client am “Ristorante Ballanti” zerwéiert gouf huet den Dario de Bistro op der Äispist iwwerholl. Vum 27. Oktober 2015 bis de 14. September 2024 sinn am “De Puck by Ballanti” op mannst grad esou vill flotte Stonne verbruecht ginn an dat net nëmme bei der drëtter Hallschent oder dem véierten Drëttel.

Néng Joer nom “Time to Say Goodbye” am “Ristoranti Ballanti” koum et zu enger zweeter Oplo de leschte Samschdeg op der Äispist. Dës Kéier mat engem “The Last Drink”. Trei Clienten, Kolleegen a Frënn goufen op de leschte Patt invitéiert fir zesumme schéin Erënnerungen auszetauschen. Beim sougenannten offiziellen Deel huet den Dario Ballanti op senger humorvoller Aart a  Weis ee klenge Réckbléck mat verschidden Anekdoten op déi lescht 42 a besonnesch déi lescht 17 Joer hei zu Beefort gemeet. Dobäi goufe verschidde Leit ervirgehuewen a Merci gesot, déi him an all deene Joren zur Säit stoungen an hien ënnerstëtzt hunn. Am Numm vun der Gemeng huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch him Merci gesot fir dat, wat hien zu Beefort geleescht huet an ee klenge Kaddo iwwerreecht.

Uschléissend huet d’”The Last Night Party” ugefaange mat gratis Concerten: den italieeneschen Tenor-Sänger Domenico Menini a Begleedung vum Maestro Denis Biancucci, mat de “Blues Gangsters” (Fred Baretto, Dan Fastro a Carlo Bigantin) an den “DJ Backy”. Eng Afterparty gouf et zum Schluss am “Flying Dutchman” mam “Dr Gonzo”.

Zum Ofschloss nach d’Informatioun, datt an nächster Zukunft de Bistro op der Äispist vum Biggy wäert geleet ginn an den neien Numm steet och fest: “Rock de Puck beim Biggy”.

Dernière modification le 18.09.2024

Des articles de la même catégorie

Passage vun de “Luxembourg Classic” zu Beefort

Passage vun de “Luxembourg Classic” zu Beefort

Beefort gehéiert zanter der éischter Editioun vun der Oldtimerrallye “Luxembourg Classic” zum feste Bestanddeel vum Parcours, deen iwwer zwee Deeg geet. Déi éischt Rallye “Luxembourg Classic” gouf 2021 am Kader vum 75. Anniversaire vum Verlag “Motor Presse Stuttgart”...

lire plus
Muppeschwammen an der Schwämm

Muppeschwammen an der Schwämm

Mëttlerweil ass et ee feste Bestanddeel am Manifestatiounskalenner vun der Beeforter Schwämm: Muppeschwammen um leschten Dag vun der Saison a gëschter war et rëm souwäit. Agefouert gouf d’Muppeschwammen am Joer 2020 an et war eng Première hei zu Lëtzebuerg. An der...

lire plus
Aller au contenu principal