Sozial Wunnengen an d’Vergréisserung vun der Schoul ageweit

Haut goufen zu Beefort gläich zwee Gebaier offiziell hirer Bestëmmung iwwerginn: sozial Wunnengen op 10, Montée du Château an d’Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1. Bei dëse Feierlechkeete waren zwee Ministere präsent an zwar den Inneminister Léon Gloden an de Minister Claude Meisch, dee gläich an duebeler Funktioun war: Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung a Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend. De Jérôme Faé huet den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden. An dës zwee Projete goufen iwwer siwe Milliounen Euro investéiert.

D’Ministere goufe vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an de Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong empfaangen an no enger kuerzer Begréissung hu sech d’Gäscht déi nei Raimlechkeeten ugekuckt. D’Gebai gouf energeetesch verbessert fir bezuelbare Wunnraum ze schafen an dobäi awer säin authentescht Erscheinungsbild am historeschen Duerfkär ze erhalen. Wéinst de schmuele Stroossen an de Virgabe vum Denkmalschutz konnt de Volummen net vergréissert ginn, wat speziell Léisungen an eng sensibel Planung erfuerdert huet.

D’Zil war et, déi bestoend Bausubstanz gréisstendeels ze erhalen an nohalteg ze ergänzen. Mauere goufe bannenan isoléiert, Fassade mat diffusiounsoffenem Putz erneiert an den Daach mat Steewoll an Naturschifer gedeckt. All Konstruktioune si diffusiounsoffen, fir Fiichtegkeetsschied ze vermeiden. Modern Holz-Alu-Fënsteren, eng Fernwärmeanbindung an eng Belëftungsanlag mat Wärmeréckgewënnung suerge fir Energieeffizienz a Wunnkomfort.

Am spéiden Hierscht 2018 gouf mat den éischte Planungen ugefaangen. An der Gemengerotssëtzung vum 31. Januar 2022 gouf eestëmmeg den “Avant Projet detaillé” an Héicht vun 1.445.724,71 Euro gestëmmt an de Fonds du Logement subventionéiert dëse Projet mat 75 Prozent. D’Gebai huet eng Längt vu 17,27 Meter, eng Breet vun 9,28 Meter an eng Héicht vun 9,63 Meter. An dësem denkmalprotegéierte Gebai, wou d’Aarbechten am September 2023 ugefaangen hunn, si dräi sozial Wunnengen entstanen, déi sech op dräi Stäck verdeelen. Schlussendlech goufen an dëse Projet 1.765.833,89 Euro investéiert.

Uschléissend goung et zesummen an d’Schoul wou d’Kanner d’Ministeren an d’Invitéeë mat engem Danz an engem Lidd begréisst hunn. Si stoungen och Spaléier éier de Bändchen duerchschnidde gouf. No der Besichtegung vun der Schoul huet den offiziellen Deel mat de Rieden ugefaangen. 

Am éischten Entworf am Wanter 2021/2022 sollt dat bestoend Gebai deels erhale bleiwen an duerch eng Opstockung erweidert ginn, mee wéinst de Virschrëfte war dat net méiglech. Dofir gouf decidéiert, alles ofzerappen an e kompletten Neibau un d’Judo- a Sportshal unzeschléissen.

De Projet gesäit dräi Gruppenzëmmere fir de Precoce an dräi Klassesäll fir Cycle 1 an 2 vir. D’Precoce läit am Rez-de-chaussée, d’Klassesäll mat separatem Agank um éischte Stack. Fir Plaz ze spueren an de Schoulhaff ze vergréisseren, gouf Technik um Daach placéiert.

Am Rez-de-chaussée féiert en Agank an e grousse Gank mat Garderoben, vun deem aus déi dräi Gruppenzëmmeren accessibel sinn. En zweeten Agank féiert an de Trappekär mat Lift, Personalberäich a barrièrefräiem WC.

Um éischte Stack ginn d’Klassesäll iwwer en hellen zentrale Gank erschloss, mat getrennte Sanitärräim. Eng Holzfassad markéiert en Deel vum Gebai, wou och eng zweet Trap als Noutwee ass. D’Gestaltung orientéiert sech un der Spillschoul vis-à-vis. Investéiert gouf an dëse Projet 5.385.949,45 Euro. Ënnert dësem Link kann een de Fortschrëtt vun den Aarbechte nach eng Kéier nokucken: https://beaufort.lu/vergreisserung-vum-schoulgebai-fir-de-cycle-1/

Weider Detailer zu dëser duebeler Aweiung ginn et deemnächst am nächste Gemengebuet “De Beeforter”.

Dernière modification le 31.03.2026

Des articles de la même catégorie

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden

Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der...

lire plus
Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gutt besichten Informatiounsversammlung

Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu...

lire plus
Aller au contenu principal