Am décken Niwwel duerch Beefort

Eng knapps 100 Oldtimere sinn de leschte Samschdegmoien duerch Beefort gefuer. Ewéi déi Jore virdru stoung bei der drëtter Editioun vun de “Luxembourg Classic” Beefort um Programm. Um éischten Dag war d’Éislek (261 Kilometer) an den zweeten Dag de Mëllerdall (181 Kilometer) am Mëttelpunkt vun der Oldtimer-Rallye, déi vun der “Motor Presse Stuttgart” organiséiert gëtt. D’Aushängeschëld vun der “Motor Presse Stuttgart” ass de Magazin “auto motor Sport”, déi all zwou Wochen erauskënnt.

Nom Depart beim “Parc Hotel Alvisse” goung et op d’Teststreck vun der “Goodyear” an iwwer Bettenduerf op Beefort. Zu Beefort ukomm si se iwwert d’Eppelduerferstrooss, Halerstross a “Ruttmauer” erof op de Parking vum Schlass gefuer, wou eng Durchfahrtskontrolle gewaart huet. Leider huet den Niwwel net labber gelooss a bei den éischten Autoen, déi kuerz op hallwer eelef duerch Beefort gefuer sinn, war et zimmlech fiicht, kal a frësch.

No Beefort gouf eng Mëttegpaus zu Iechternach gemeet an iwwert de Groesteen a Gréiwemaacher war bei der Gëlle Fra de groussen Ofschloss vun der Oldtimer-Rallye.

Dernière modification le 02.10.2023

Des articles de la même catégorie

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Grousse Succès fir de Beeforter Wantermaart

Déi wochelaang Iwwerleeungen, Planungen a Virbereedungen hu sech schlussendlech gelount an d’Beeforter Duerffrënn kënnen houfreg sinn, datt se zesumme mat den aneren Duerfveräiner an der Ënnerstëtzung vun der Gemeng rëm fäerdegbruecht hunn een erfollegräiche...

lire plus
De Kleeschen ass komm

De Kleeschen ass komm

Am Kader vun enger Adventsfeier de leschte Freideg am Judossall ass de Kleeschen déi jonk Sportler besiche komm an huet hinnen ee klenge Kaddo iwwerreecht. Virun der Visitt stoung nach een Training fir déi ganz Famill um Programm. Nodeems d’Kaddoen iwwerreecht goufen...

lire plus
Klenge Chrëschtmaart

Klenge Chrëschtmaart

Virum Gebai vun der Seniorernesidenz “Petite Suisse” gouf de leschte Freideg vu 15 bis 19 Auer ee klenge Chrëschtmaart organiséiert. An enger gemittlecher a chrëschtlecher Atmosphär goufe selwer gemaachener Dekoratioun a Kichelcher vum Foyer ugebuede grad esou ewéi...

lire plus
Aller au contenu principal