Aweiung vun abordabele Wunnengen zu Déiljen

Den 29. November 2022 gouf den éischte Spuedestéch vun engem Projet vun abordabele Wunnenge vum Fonds du Logement zu Déiljen gemaach an no gutt dräi Joer war gëschter Donneschdeg, de 4. Dezember, déi offiziell Aweiung. De komplette Site mam fréiere Bauerenhaff gouf an eng modern Wunnresidenz ëmgewandelt a gläichzäiteg gouf eng weider Residenz gebaut. D’Investitioun an dëse Projet beleeft sech no aktuelle Berechnungen op ronn 7,5 Milliounen Euro a bei der Aweiung war och de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, präsent.

Fir de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch ass dëst Gebai méi wéi just Bëton, Stol an Zillen. Et ass e wichtege Schrëtt an d’Zukunft vun eiser Gemeng Beefort an e staarkt Zeeche fir eng inklusiv an nohalteg Wunnengspolitik zu Lëtzebuerg. An enger Zäit, an där Wunnen ëmmer méi eng Erausfuerderung gëtt, spillt de Fonds du Logement eng zentral Roll. Mat dësem Projet ginn net nëmmen nei Wunnenge geschaf, mee et gëtt och e konkrete Beitrag geleescht, fir Familljen, Eenzelpersounen a Jonker en zougänglecht Doheem ze bidden.

D’Präsenz vum Minister Claude Meisch géif ënnersträiche wéi wichteg eng equilibréiert Regionalentwécklung fir d’Land ass an, datt och Gemenge wéi Beefort eng fest a wichteg Plaz an dëser Gesamtstrategie hunn.

Dëse Projet wier och en Deel vun der lokaler Visioun: Beefort soll eng Gemeng bleiwen, an där sech jidderee wuel fillt, wou d’Bevëlkerung eng gesond Mëschung aus Generatiounen a soziale Milieuen ass. Wunne wier d’Basis vun Integratioun, Liewensqualitéit a Gemeinschaft a genee dofir wier et esou essenziell, datt een als Gemeng zesummeschafft fir attraktiv an nohalteg Wunnméiglechkeeten ze schafen.

Zum Ofschloss wollt de Jean-Luc Nosbusch nach eng Kéier ënnersträichen, datt d’Aweiung net nëmmen eng Ouverture vu Wunnengen ass. Et wier eng och eng Ouverture vu Perspektive souwuel fir d’Gemeng, fir d’Regioun a fir déi, déi hei wäerte liewen.

Virun der offizieller Aweiung huet den Direkter vum Fonds de Logement Jacques Vandivinit de sougenannte Bam-Challenge ugeholl an een Äppelbam virum renovéierte Gebai geplanzt. De Video op youtube: https://www.youtube.com/watch?v=7C7NFoF-_Y0

Den offizielle Communiqué vum Fonds du Logement :

Le Fonds du Logement a eu le plaisir de procéder à l’inauguration d’une ancienne ferme réhabilitée et d’une nouvelle résidence, route de Beaufort/route de Reisdorf à Dillingen en présence de Monsieur Claude Meisch, Ministre du Logement et de l’Aménagement du territoire, Monsieur Jean-Luc Nosbusch, Bourgmestre de la Commune de Beaufort, Madame Diane Dupont, Présidente du Conseil d’administration du Fonds du Logement, et Monsieur Jacques Vandivinit, Directeur du Fonds du Logement.

L’ancien corps de ferme, composé de quatre bâtisses, a été entièrement réhabilité pour accueillir six logements de 2 à 5 chambres-à-coucher offrant des surfaces habitables comprises entre 99 et 168 m², un local à vélos et une buanderie commune. En complément, une nouvelle résidence accessible par la rue de Reisdorf a été réalisée. Elle comprend trois logements de 2 à 3 chambres-à-coucher d’une superficie de 73 à 103 m².

Chaque logement bénéficie d’une entrée privative et d’un parking extérieur, garantissant confort et intimité aux habitants.

Conçus dans une démarche de durabilité et de respect du patrimoine, la nouvelle résidence répond aux critères de la classe énergétique A/B/A, tandis que les bâtiments réhabilités de l’ancien corps de ferme répondent aux critères de la classe énergétique C/F/D.

L’ensemble des logements est destiné à la location abordable.

Den Artikel vum de Spuedestéch den 29. November 2022 op dësem Site gëtt et ënnert dem follgende Link: https://beaufort.lu/eischte-spuedestech-zu-deiljen/

Dernière modification le 05.12.2025

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal