Éischte Spuedestéch zu Déiljen

Gëschter am Nomëtteg hunn den Henri Kox, Minister fir de Logement, de Buergermeeschter Camille Hoffmann, de Schäffen Emile Wies, d’Presidentin vum Verwaltungsrot vum Fonds du Logement Diane Dupont an den Direkter vum Fonds du Logement Jacques Vandivinit den éischte Spuedestéch zu Déiljen gemeet.

Um 22,18 Ar grousse Terrain tëschen der route de Beaufort an der route de Reisdorf geet ee gréissere Projet vum Fonds du Logement bis 2025 realiséiert. Déi véier Gebaier vum ale Bauerenhaff gi sanéiert an hei entstinn sechs Unitéite mat zwee bis fënnef Schlofkummere mat enger Wunnfläch tëschen 99 an 168 Quadratmeter. Des Weidere gëtt eng Residenz gebaut, déi vun der route de Reisdorf zougänglech ass. Si setzt sech zesummen aus dräi Unitéite mat zwee bis dräi Schlofkummeren an enger Wunnfläch vun 73 bis 103 Quadratmeter. All Logement wäert baussen eng Parkplaz a separat Entrée hunn. Déi viraussiichtlech Onkäschte belafe sech op 5.071.494 Euro, ouni TVA an Honorairen.

Hei ënnendrënner den offizielle Communiqué vum Fonds du Logement:

Luxembourg, le 29 novembre 2022 – Le Fonds du Logement a procédé ce jour au 1er coup de pelle du projet de réhabilitation d’une ancienne ferme et de construction d’une nouvelle résidence, route de Beaufort/route de Reisdorf à Dillingen. Cette manifestation a eu lieu en présence de Monsieur Henri Kox, Ministre du Logement, Monsieur Camille Hoffmann, Bourgmestre de la Commune de Beaufort, Madame Diane Dupont, Présidente du conseil d’administration du Fonds du Logement, et Monsieur Jacques Vandivinit, Directeur du Fonds du Logement.

Le projet prévoit la rénovation des 4 bâtisses de l’ancien corps de ferme en vue de la création d’une résidence comprenant 6 unités de logement de 2 à 5 chambres-à-coucher pour une surface habitable de 99 à 168 m2, un local vélo et une buanderie. Une résidence supplémentaire, accessible par la rue de Reisdorf, sera réalisée. Elle comprendra 3 unités de logement de 2 à 3 chambres-à-coucher pour une surface habitable de 73 à 103 m2. Chaque logement bénéficiera d’un parking extérieur et d’une entrée privative.

L’ensemble des logements est réservé à la location subventionnée.

Le coût de construction prévisionnel du projet, bénéficiant du soutien financier du Ministère du Logement, s’élève à 5.071.494,- €, hors TVA et honoraires.

La conception a été confiée au bureau Tetra Kayser architectes. Les autres hommes de l’art y participant sont le bureau TR Engineering pour le génie statique, BSC pour le génie technique, D3 Coordination pour la coordination de sécurité- santé, OGC pour le contrôle technique et Cocert pour le conseil en énergie.

Eng Fotogalerie vun der klenger Feier

(Slider)

De Pressedossier

Dernière modification le 30.11.2022

Des articles de la même catégorie

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus...

lire plus
Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Aller au contenu principal