Beefort Online op beaufort.lu

Aus enger privater Initiativ ass den Noriichtesite “Beefort Online” entstane fir nieft dem offizielle Site vun der Gemeng mat sengen offizielle Matdeelungen d’Veräins- a Geschäftsliewen ze dokumentéieren. De “beeforter.lu” ass zanter dem Start och op Facebook vertrueden an am Ufank war dës Nisch ee ganz grousse Succès. Mat der Zäit hu sech allerdéngs verschidde Saache geännert.

Grad esou wéi d’Veräinsliewen huet de Site wärend der Corona-Pandemie gelidden. Et war praktesch wärend dräi Joer net méiglech Manifestatiounen ze organiséieren a soumat goufe laang Zäit keng Artikele publizéiert. Offiziell Matdeelunge vun der Gemeng an aner Institutiounen ewéi zum Beispill Ministère goufen op beaufort.lu an op der Facebook-Säit vun der Gemeng verbreet. Dëst ass och selbstverständlech an doduercher hu sech vill Benotzer op dee Site fixéiert.

Des Weidere gouf an de leschte Joren de Site beaufort.lu aktualiséiert a funktionéiert wéi ee groussen Deel vun den Internetsäite mam “Wordpress”, grad wéi “Beefort Online” zanter sengem éischten Dag. Personell gouf et och Changementer an esou ass et eng an déi nämmlecht Persoun, déi fir déi mëttlerweil zwee offiziell Site vun der Gemeng mat de Facebook-Säiten an de Gemengebuet zoustänneg ass.

D’”Beeforter App” huet virun zwee Joer fir ee weidere Meilesteen an der Kommunikatioun mat de Matbierger aus der Gemeng gesuergt. D’App ass vill méi wéi nëmmen eng Erënnerung fir d’Poubellen erauszestellen.

Elo zu puer Zuelen. Haut Freideg, de 26. Mee, ginn et folgend Statistiken ze vermellen:

– Facebook Gemeng Beefort: 1297 “Likes” a 1713 “Follower”
– Facebook “Beeforter Online”: 1077 “Likes” an 1160 “Follower”
– Beeforter App: installéiert op 2042 Geräter.

An deem Sënn ginn déi op “Beefort Online” geplangten Artikelen an Zukunft an der Rubrik “Aus dem Veräinsliewen” op beaufort.lu publizéiert. Mat “Newsflash” gëtt et eng weider Rubrik, déi sech Neiegkeeten a Matdeelungen an Zesummenhank mat der Gemeng Beefort beschäfteg ewéi zum Beispill Artikelen aus de Medien a vum Natur- a Geopark Mëllerdall.

Ofschléissend bleift nach ze ernimmen, datt zanter e puer Méint un enger aktualiséierter Versioun vun der Beeforter App geschafft gëtt. An dëser 2.0 Versioun wäert et zum Beispill méiglech sinn een Event a säin eegene Kalenner ze iwwerhuelen oder eng Manifestatioun u Frënn a Bekannte weiderzeleeden, déi d’App net installéiert hunn.

Dernière modification le 26.05.2023

Des articles de la même catégorie

Nationale Jugendcamp 2025 zu Beefort

Nationale Jugendcamp 2025 zu Beefort

De Beeforter “Centre d’incendie et de secours” (CIS) an d’”Amicale Pompjeeën Beefort Asbl” hunn de leschte Samschdeg hir Aktivitéite vum leschte Joer an hirem Asazzenter virgestallt. Gläich am Ufank huet den Zenterchef Etienne Vrolijk d’Wichtegkeet vun de Formatiounen...

lire plus
Zéng Joer zesumme sangen

Zéng Joer zesumme sangen

D’Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler hu gëschter Owend hunn hir Aktivitéiten aus dem leschte Joer der Ëffentlechkeet presentéiert. Bedéngt duerch déi schlecht Wiederkonditiounen hu sech kuerzfristeg eng sëllech Memberen an Invitéeën...

lire plus
Aller au contenu principal