Beaufort
23.5°C (23.2 / 23.9)
61%
972 hPa
0.9 m/s
Raf. 1.1 m/s
0 mm

Buergermeeschterdag zu Munneref

No zwee Joer gouf am Casino 2000 zu Munneref rëm ee “richtege” Buergermeeschterdag vum Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) organiséiert. Am Mëttelpunkt stoung de Sport.

Iwwer 400 Gemengevertrieder a Mataarbechter vun de verschidde Gemengeservicer hunn den Ausféierunge vum Sportsminister Georges Engel nogelauschtert an ënner anerem gouf de Sportskoordinator virgestallt. Méi Detailer a praktesch Beispiller huet de Raphaël Stacchiotti, Sportskoordinator zu Biissen, ginn.

Louis Oberhag, Vizepresident vum Syvicol, huet der Inneministesch Taina Bofferding d’Positioune vum Gemengesyndikat zu de verschiddenen aktuellen Themen duergeluecht wärend d’Inneministesch op déi erreechten an zukënfteg Ziler agaangen ass.

D’Gemeng Beefort war och um Buergermeeschterdag vertrueden a wéi sech fir eng engagéiert Klimapakt-Gemeng gehéiert si si zesumme mat hirem Minibus op Munneref gefuer.

Dernière modification le 03.06.2022

Des articles de la même catégorie

Grousse Succès fir “Stones in Vibration”

Grousse Succès fir “Stones in Vibration”

De leschte Samschdeg huet sech d’Beeforter Schlass bei der éischter Editioun vu “Stones in Vibration” an eng aussergewéinlech Kuliss fir Musek, Kultur a flott Begéinunge verwandelt. Op der Bün stoungen “Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs”, “Don Piano”, “Francis of...

lire plus
Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Aller au contenu principal