Concert vun de Muselfénkelcher

Concert vun de Muselfénkelcher

D’Beeforter Kulturkommissioun huet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng op ee Concert mam Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher an der Beeforter Kierch invitéiert. Deen am Joer 1976 gegrënnte Chouer ass an der Tëschenzäit zu enger fester Gréisst an der Regioun gewues an ass och iwwert d’Grenzen eraus bekannt. Schonns um Grënnungsdag de 7. Oktober 1976 hu sech 36 Kanner ugemellt an hunn de Grondsteen vum Miseler Aushängeschëld geluecht.

Am Kannerchouer sange Meedercher a Jongen am Alter tësche sechs an eelef Joer an zanter 2017 sti si ënnert der Leedung vum Marianne Hengel. Am Jugendchouer kann ee vun zwielef Joer un a bis sou laang ee wëll matsangen. Aktuell sinn d’Sängerinnen a Sänger am Alter tëschen zwielef an 20 Joer vertrueden. Hir Dirigentin ass d’Nathalie Laurent.

Déi zwou Dirigentinnen hunn och beim Concert zu Beefort d’Leedung gehat a gesong gouf de folgende Programm: “Ouverture” (Michel Fugain), “Friedensbrücken der Welt”, “He’s got the Whole World”, “Christmas in the Old man’s hat”, “Hymne à la nuit”, “Singen wir im Schein der Kerzen”, “Gatatumba”, “Halleluia”, “Frëndschaftslidd”, “On écrit sur les murs”, “Denis Ascani” (Piano), “I have a dream”, “Journey of the angels”, “Chrëschtgedanken”, “As long as I have music” an “This little light of mine”.

Zum Ofschloss huet d’Presidentin vun Kulturkommissioun Monique Link am Numm vun der Kulturkommissioun an der Gemeng de “Muselfénkelcher” ee klenge Cadeau fir de flotte Concert iwwerreecht.  

Neijoerschconcert an der Kierch

Neijoerschconcert an der Kierch

Laang war et net sécher op e géif stattfannen oder net a schlussendlech ass e gëschter an der Kierch iwwert d’Bün gaangen. Rieds geet ëm den Neijoerschconcert mam Ensembel “Ad Libitum”, dee vun der Beeforter Kulturkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng organiséiert gouf. Erméiglecht gouf de Concert duerch d’Lockerung vun de Corona-Mesuren, déi zanter enger Woch a Kraaft sinn.

D’Plazen an der Beeforter Kierch ware limitéiert, et huet ee misse sech am Virfeld umellen an d’Droe vun enger Mask war obligatoresch. Trotz dësen Aschränkunge sinn nëmmen e puer Plaze fräi bliwwen.

Et war keen typeschen Neijoerschconcert, deen den Ensemble “Ad Libitum” ugebueden huet. Um Programm stoung Musek aus dem 16., 17. an 18. Joerhonnert a gespillt goufe folgend Wierker: “Marche pour la Cérémonie des Turcs” vum Jean-Baptiste Lully (1632 – 1687), “Sonata IV à cinque in C-Dur” vum Heinrich Ignaz Franz Biber (1644 – 1704), “La Follia” (Extraite) vum Arcangelo Corelli (1653 – 1713), “Ouverture TWV 55:a2 pour flauto dolce et cordes” vum Georg Philipp Telemann (1681 – 1767), “Concerto en ré majeur pour trompettes et cordes” vum Giuseppe Torelli (1658 – 1709), “Dances from Terpsichore” vum Michael Praetorius (1571 – 1621) a “Les Indes Galantes” vum Jean-Philippe Rameau (1683 – 1764).

Den Ensembel “Ad Libitum” ass am Joer 2000 aus engem Kammerchouer entstanen a gëtt vum Rosch Mirkes dirigéiert, deen och wärend dem Concert zu Beefort duerch de Programm gefouert huet. D’Formatioun aus de professionellen an Amateurmuseker variéiert regelméisseg an oft gëtt op Barock-Instrumenter gespillt, déi an de Virdergrond gestallt ginn.

Dovunner konnte sech d’Spectateure wärend dem Concert vun enger gudder annerhallwer Stonn iwwerzeegen a gespillt hunn Anne Clement (Flauto dolce), Jean-Paul Hansen a Roby Stoos (Oboe), Jeff Mack (Trompett), Caroline Reuter a Johanna Weirich (Violon), Noah Mayer a Kathia Robert (Alto), Jean Halsdorf (Violoncelle), Jean-Daniel Haro (Violone), Rosch Mirkes (Clavecin) a Boris Dinev (Perkussioun). D’Entrée war fräi.

Adventsfënsteren 2020

Adventsfënsteren 2020

Aller au contenu principal