Championstitelen als Zieler vun der Saison 2023/2024

 

De Beeforter Äishockeyclub, dee sech jo mëttlerweil “BeaufortKnights” nennt, hat eng méi speziell Saison hannert sech esou de President CarloWelter am Ufank vun der Generalversammlung am Kummelsbau. Bedéngt duerch déi enormEngergie-Käschten, déi drastesch an d’Luucht gaange sinn, ass d’Saison méispéit ugaangen an huet éischter opgehalen. Een Héichpunkt war d’Aweiung vun denneie Vestiairen an d’Éierung vun der Champions-Ekipp op Niklosdag.

D’Zuel vun den aktive Memberen ass vun 138 op 175 geklommen:85 Senioren an 90 Junioren. D’Saison an der belscher Liga gouf mat engerfënnefter Plaz ofgeschloss an zu Lëtzebuerg koumen d’Knights op déi zweet Plazhannert dem Tornado. D’U14 an U12 hunn och an der Belsch gespillt an déi ganz klengÄishockeyspiller hu sech u Frëndschaftsmätscher bedeelegt. Zu Beefort gouf iwweregensden éischte Mätsch vun enger Dammen-Ekipp gespillt. Sechs Spiller vun deSeniore ware mat der Nationalekipp oder Weltmeeschterschaft an zwee Juniorebei der Juniore-Weltmeeschterschaft.

Nieft der Bedeelegung um Europadag zu Beefort huet denÄishockey an dräi Schoule Promotioun fir den Äishockey gemeet, esou de ClaudeMossong, deen duerchblécke gelooss huet, datt den Heemmätsch géint den Tornadoals ee grousst Event iwwert d’Bühn wäert goen.

De Keessebericht, dee vum Carlo Welter virgedroe gouf, konntënnert dem Stréck positiv ofgeschloss ginn an op Virschlag vun deKeeserevisoren huet d’Versammlung Entlaaschtung accordéiert.

Nom sportleche Réckbléck virdrun huet de Benny Welter ebenfalls desportlechen Ausbléck fir déi nächst Saison virgestallt. Trainer fir déi éischt Ekipp bleift den Yves Barthels an déi zweet Ekipp wäert vum Thierry Holzemtrainéiert ginn. Zwee Trainere si fir d’Juniore virgesinn, déi aus Kanada aLitauen kommen.

Spéitstens de 4. November wäert dem Veräin Äis zur Verfügungstoen a bedéngt, datt och dëst Joer den Ice-Karting ewechfält, ginn et eng zéngbis zwielef Stonne méi Äis fir d’Knights. Déi éischt Ekipp kritt Verstäerkungvun engem neie Spiller an zwee Spiller vum Tornado. D’Zieler vun der nächsterSaison si kloer festgeluecht: Souwuel an der éischter Divisioun an an derzweeter Divisioun vun der Lëtzebuerger Äishockeyliga wëll ee Champion ginn. Ander zweeter Divisioun ginn zwou Beeforter Ekippen un de Start.

Nieft der éischter Ekipp wäerten och d’U14 an U12 am belscheChampionnat spillen. D’U10 an U8 beschränke sech op Frëndschaftsmätscher anTournoie wärend d’Oldien Frëndschaftsmätscher spille wäerten.

Den Eric Wambach huet der Versammlung déi nei Trikote firdéi kommend Saison presentéiert. Des Weideren huet hien och d’Erhéijung vun derCotisatioun erkläert an och nei Sponsoren duerchblécke gelooss.

Nodeems d’Aufgaben an den Aktivitéitsberäich vun der Jugendkommissiounvirgestallt goufen huet de Schäffe Jean-Luc Nosbusch am Numm vun der GemengBeefort dem Äishockeyveräin fir déi gutt Leeschtung felicitéiert. Trotz den héijenEnergiekäschten an enger gekierzter Saison ass et dem Veräin gelongen eepositive Bilan ze zéien. Ee besonnesche Merci goung och fir d’Bild, de Brandingno baussen, déi Beefort an ee gutt Liicht bréngen an d’Gemeng wäert weiderhin d’BeaufortKnigthts ënnerstëtzen.

Zum Ofschloss vun der Generalversammlung huet de CarloWelter matgedeelt, datt dëst seng lescht Generalversammlung an der Funktiounals President war. Hie wäert awer weiderhin am Comité bleiwen.

Dernière modification le 26.09.2023

Des articles de la même catégorie

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

Touristen a Beeforter feieren zesummen an zwar beim “Tipi Fest” am “Tipi Duerf” vum “Camping Park”. Am Géigesaz zum leschten Joer wou et riicht era gereent huet konnt ee gëschter bei guddem Wieder e puer flott gemittlech Stonnen an enger besonnescher Atmosphär wéi am...

lire plus
Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Amplaz vum erkrankte President Carlo Welter huet de Benny Welter d’Generalversammlung vum Beeforter Äishockeyclub “Beaufort Knights” opgemeet. Bannen e puer Joer ass de Veräin immens gewuess an alleguer musse sech un dës nei Situatioun an alle Beräicher ugewinnen. An...

lire plus
Aller au contenu principal