Dank dem Camping ee positiven Ofschloss

Am Kummelsbau huet de Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme de Bilan vun der leschter Saison virgestallt. De Comité ass zéng Mol zesumme komm an d’Comitésmembere waren op sëllege Versammlunge vun touristesch Associatiounen, Seminaren an Aarbechtsgruppe present ewéi zum Beispill vun ORT (Office regional du tourisme), Leader oder aner Tourismussyndikater.

Fuesent op der Äispist, Grouss Botz an de Blummemaart waren déi éischt Aktivitéiten am leschte Joer an de virleefegen Héichpunkt war déi offiziell Aweiung vun den Iglu Huts mam Tourismusminister Lex Delles.

Am Juli goufen de Parking an de Wee bei der Schwämm vun der Gemeng amenagéiert. Touristen a Beeforter hunn den 21. Juli um Tipifest zesumme gefeiert. No der Grousser Botz am Fréijoer gouf sech am Hierscht de 17. September um “Clean Up Day Mëllerdall” bedeelegt a mat engem Stand war een um zweete Beeforter Wantermaart vertrueden. Ofgeschloss gouf d’Joer op Kleeserchersdag mat der Aweiung vum Sanitärblock 4 an de Vestiaire fir de Beeforter Äishockeyveräin, dëst a Präsens vum Tourismusminister Lex Delles a Sportsminister Georges Engel.

D’Schwämm ass den 21. Mee endlech ënner normale Konditiounen opgaangen an ofgeschloss gouf ewéi déi Jore virdru mam Hondsschwammdag de 4. September. D’lescht Joer gouf ënner anerem an een neie Computer fir d’Keess, nei Sécherheetsglas un der Rutschbahn a Schwimmbadtechnik an nei Abo- a Saisonskaarten investéiert. Am Ganze goufen 33.549 Entréeë gezielt an dat ass ee Plus vun 107 Prozent am Verglach mat 2021. Den Einnamen an Héicht vun 152.565,82 Euro stinn Depense vun 175.217,76 Euro entgéint, wat ënnert dem Stréch eng Perte vun 22.651,94 Euro mécht.

Eng Perte huet och d’Äispiste gemeet: 67.098,25 Euro, resultéierend aus den Einname vun 298.789,21 Euro an den Ausgabe vun 365.887,46 Euro. D’Zuel vun den individuellen Entréeën ass ëm 9,8 Prozent am Verglach mam Joer virdrun op 21.004 erofgaange wärend et bei Gruppen a Schoulen een däitlechen Zouwuess op 10.518 (plus 66,8 Prozent) ze verzeechne gëtt. Des Weideren hunn 101 Participanten un de Course fir Ufänger a Fortgeschrattener deelgeholl.

Wéinst den explodéierenden Energiekäschten ass d’Äispiste méi spéit ewéi déi lescht Jore gewinnt opgaangen (12. November) an d’Saison huet éischter opgehalen (19. Februar). Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng gouf deen Termin fir de Publique op zwou Wochen no hanne verréckelt (5. Mäerz). Den Äishockey huet wéinst de Playoffs d’Äis nach eng Woch fir sech gehat an d’Äismaschinne goufen den 11. Mäerz definitiv ofgeschalt. Ice-Karting gouf et déi lescht Saison keen.

Dank dem Camping konnt de SITB d’Geschäftsjoer mat engem Boni an Héicht vun 77.916,63 Euro ofschléissen. D’“Mëllechkou” huet ee Boni vun 246.752,91 produzéiert (Einnamen 729.291,72 Euro, Ausgaben 482.538,81 Euro). Dobäi kënnt nach eng Perte vun 79.086,09 Euro vun der “Administration générale”, déi sech zesummesetzt aus 111.857,72 Euro Depensen an 32.771,63 Euro Einnamen.

D’Zuel vun den Iwwernuechtungen um Camping ass vun 33.088 op 38.522 (plus 16,4 Prozent eropgaangen). Am Eenzele sinn et 1.200 (plus 33,8 Prozent) an de Wanderhütten, 1.214 (plus 20,4 Prozent) an de Mobilhomes, 2.248 (plus 34,8 Prozent) an den Tipis an 838 (plus 63,7 Prozent) an den Iglus. Erneierung vu weidere Stroumkëschten, de Weiderbau vum neie Sanitärblock 2 mat dräi neie Gäschtezëmmeren a Wunneng fir de Campingwart, den Ausbau vum Wifi um Camping, d’Neigestaltung vun der klenger Spillplaz beim Sanitärblock 3, de Kaf vun engem neie Rasenmäher an Unhänger, eng nei Paart beim Atelier, d’Instandsetzung vun de Wanderkaartepanneauen an de Bau vun Dréchemauere (finanzéiert duerch d’Gemeng) zielen ënner anerem zu den Investitiounen am leschte Joer. Och um Gebitt vum Marketing gouf investéiert. 

Des Weidere gouf et een Zouwuess bei de Visiteuren am “Tourist Info” an zwar vun 5.172 op 6.374 (plus 23,2 Prozent) an och beim “Rent a Bike” ëm 2,7 Prozent op 189 Vëloslocatiounen.

Ee klengen Ausbléck fir 2023, wou de Weiderbau vum neie Sanitärblock am Mëttelpunkt steet. D’Ouverture ass fir Ouschteren 2024 virgesinn an d’Käschte belafe sech viraussiichtlech op ongeféier 2,3 Milliounen Euro. Weider um Investitiounsprogramm stinn d’Erneierung vu weidere Stroumkëschten, d’Umzäunung vun der Campingsplaz nieft der Äispiste, Dréchemauer mat Beplanzung a Blummewues an Zesummenaarbecht mam Natur- a Geopark Mëllerdall, zousätzlech Lafhëllefen a Schlittschong a beim Marketing ass et d’Neigestaltung vum Flyer Tourentipp B1, Wanderkaart Beefort a Flyer Camping Park Beefort.

Nieft der Fuesent op der Äispiste an der Grouss Botz gëtt an de Méint Juli an August Concerten an Animatioun organiséiert, de 27. Juli ass d’Tipifest an den Hondsschwammdag den 3. September. Ofschléissend gouf nach jidderengem Merci gesot, déi de SITB an iergendenger Form ënnerstëtzt hunn. De Comité setzt sech zesummen aus Françoise Bonert (Presidentin a Sekretärin), Nancy Dupont-Courtois (Vizepresidentin), Camille Hoffmann (Tresorier), John Stirn (Delegéierte vun der Gemeng) an de Membere René Champagne an Emile Wies.  

Dernière modification le 14.07.2023

Des articles de la même catégorie

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

“Tipi Fest” am “Tipi Duerf”

Touristen a Beeforter feieren zesummen an zwar beim “Tipi Fest” am “Tipi Duerf” vum “Camping Park”. Am Géigesaz zum leschten Joer wou et riicht era gereent huet konnt ee gëschter bei guddem Wieder e puer flott gemittlech Stonnen an enger besonnescher Atmosphär wéi am...

lire plus
Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Nei Strukture fir een expandéierende Veräin

Amplaz vum erkrankte President Carlo Welter huet de Benny Welter d’Generalversammlung vum Beeforter Äishockeyclub “Beaufort Knights” opgemeet. Bannen e puer Joer ass de Veräin immens gewuess an alleguer musse sech un dës nei Situatioun an alle Beräicher ugewinnen. An...

lire plus
Aller au contenu principal