De Kinnek ass gefall

Ee ganz grousse Succès war d’Première vum Wikingerschachturnéier, déi d’Theaterfrënn Beefort am Kader vun hirem 25. Anniversaire beim Kiosk organiséiert hunn. Wikingerschach huet allerdéngs näischt mam klassesche Schachspill ze dinn. Wikingerschach oder Kubb gëtt an der heiteger Form zanter gutt 30 Joer gespillt. Wéi beim klassesche Schachspill gelt et de Kinnek ze kréien a gespillt gëtt op engem Terrain vu fënnef op aacht Meter.

Zwou Ekippen trieden un an eng Ekipp kann aus enger eenzelner Persoun oder bis zu sechs Leit bestoen. Beim Beeforter Turnéier hu sech d’Ekippen aus zwee bis sechs Leit zesummegestallt. Kuerz op 11 Auer ass et fir déi 36 Ekippen lass gaangen. Gespillt gouf op d’Zäit fir esou de gutt gefëllte Programm beschtméiglech iwwert d’Bün ze kréien an esou konnt jidderee sécher sinn, eng gewëss Zäit gespillt ze hunn. Zum Schluss vum Dag gouf den éischte Gewënner vum Beeforter Wikingerschachturnéier gefeiert: “Vikiblinders”. Op déi zweet Plaz koum “Gewass” an op drëtt Plaz “Pit Vipers Knights”. Verséisst goufen déi dräi éischt Plaze mat Geldpräisser: 300 Euro, 180 Euro an 120 Euro.

Nieft dem Wikingerschachturnéier hunn d’Beeforter Theaterfrënn fir Animatioun gesuergt. Dozou zielen ënner anerem ee grousst Sprangschlass, ee Verkéiersgaart an een Tour mat enger E-Trottinette. Owes huet de Grupp “Le Vibe” ee Concert gespillt a bis an d’Nuecht eran huet den DJ Dr. Gonzo opgeluecht.

Dernière modification le 06.06.2023

Des articles de la même catégorie

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

Waarm an häerzlech Atmosphär am alen Duerfkär

D’Beeforter Duerffrënn hunn zesumme mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Veräiner op hire mëttlerweil traditionelle Wantermaart invitéiert. De Wantermaart huet sengem Numm all Éier gemeet an et war richteg kal de leschte Samschdeg. Trotzdeem war et de ganzen Dag...

lire plus
Chrëschtmaart bei de Scouten

Chrëschtmaart bei de Scouten

D’Beeforter Scouten hunn de leschte Samschdeg op hiren traditionelle klenge Chrëschtmaart am Scoutsgaart an an hirem Scoutshome invitéiert. Bei dëser Geleeënheet konnt ee schonns déi éischt Kaddoen a Chrëschtdekoratioune fir dëst Joer kafen. Bekanntlech ass den...

lire plus
Aller au contenu principal